Jean-Antoine Zinnen

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Gedenksteen op der Zinnen-Plaz an der Neierbuerg.
Graf vum J. A. Zinnen um Nikloskierfecht. D'Monument gouf mat Hëllef vun enger nationaler Souscriptioun opgeriicht.

De Jean-Antoine (eigentlech: Johann-Anton) Zinnen, gebuer de 25. Abrëll 1827 an der Neierbuerg an der Äifel, (deemools en Deel vum Kinnekräich Preisen), a gestuerwen de 16. Mee 1898 zu Neuilly-sur-Seine, war en däitsch-lëtzebuergesche Museker a Komponist. Vun him ass d'Melodie vun der Lëtzebuerger Nationalhymn Ons Heemecht.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

Dem Zinnen seng Mamm stierft, wéi hie 6 Joer hat, a säi Papp de Johann-Baptist Zinnen, ass mat him a sengen zwou Duechteren Karoline a Mathilde op Klierf geplënnert. Geschwënn duerno, fir datt d'Kanner eng gutt Schoul kréichen, ass d'Famill op Dikrech geplënnert, a méi spéit an d'Fiels. Scho fréi ass dem Johann-Anton säin Talent fir Musek entdeckt a vu sengem Papp ënnerstëtzt ginn. De Jean-Baptiste Zinnen war selwer e begeeschterte Blosmuseker, hien hat 1836 de Fielser Museksveräi gegrënnt a gouf do Dirigent. De J.-A. Zinnen ass an d'Fielser Museksschoul gaangen, déi vu sengem Papp geleet gouf.

Scho mat 15 Joer gëtt de Jean-Antoine als Cor-Spiller an d'Musek vum 1. Batailloun vum Lëtzebuerger Bundeskontingent, deen zu Iechternach stationéiert war, opgeholl. Bannent 4 Joer gouf hien 1.-Klass-Hornist. Am Dezember 1847 - hien hat just 20 Joer - gëtt en zum Dirigent vun der Musek vum 2. Jeeërbatailloun zu Dikrech ernannt.

1849 krut hien déi Lëtzebuerger Nationalitéit duerch Naturalisatioun.

1852 gouf den Zinnen Direkter vun der Stadmusek vun der Stad Lëtzebuerg a kuerz drop Direkter vum nei gegrënnte Stater Conservatoire[Source ?]. Déi Joren duerno huet hie sech ganz fir d'Musek agesat; hien huet verschidde Gesanks- a Museksveräiner uechter d'Lëtzebuerger Land geleet.

1863 war de J.-A. Zinnen Matgrënner vum Verband Allgemeiner Luxemburger Musikverein.

Vu senge Kompositiounen ass Ons Heemecht natierlech déi bekanntst; si gouf de 5. Juni 1864 zu Ettelbréck fir d'éischt opgefouert. Mä och 2 Operetten, Märsch, Kantaten a Lidder huet hie geschriwwen.

1882 gouf de Conservatoire aus finanzielle Grënn zougemaach; de Jean-Antoine Zinnen ass op Paräis geplënnert. Do hat e mat Succès a verschiddenen Orchestere matgespillt, an och e Lëtzebuerger Blos-Ensembel op d'Bee gestallt.

1898 ass de Jean-Antoine Zinnen zu Neuilly bei Paräis gestuerwen, seng stierflech Iwwerreschter goufen den 28. Oktober 1900 um Nikloskierfecht an der Stad Lëtzebuerg bäigesat.

Monumenter a Gedenkplacken[änneren | Quelltext änneren]

  • Dikrech: Erënnerungsplack op der Place des Récollets.
  • Fiels: 1977 gouf am Kader vum Zinnen-Festival, deen dat Joer am Juli war, e Gedenkstee mat Erënnerungsplack opgestallt.
  • Neierbuerg: um Zinnenplatz ass als Erënnerung un de Jean-Antoine Zinnen e Gedenkstee mat Erënnerungsplack opgestallt ginn.
  • Stad Lëtzebuerg:
    • Um Nikloskierfecht gouf den 11. Mee 1902 e Monument zu sengen Éieren devoiléiert.
    • Um Knuedler an der Stad Lëtzebuerg ass um Haus, mam Passage deen an Paschtoueschgaass féiert, eng Erënnerungsplack un de J.-A. Zinnen ze gesinn. Dës gouf 1927 fir den 100. Gebuertsdag vum Komponist do festgemaach. De J.-A. Zinnen hat uewen an deem Haus Musekscourse ginn.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Léon Blasen: Lëtzebuerger Komponisten in 125 Joer Lëtzebuerger Stadmusek, Harmonie Municipale de Luxembourg a.s.b.l., 1988
  • Albert Toussing: Der Nationalkomponist Johann Anton Zinnen – Eine Felser Gedenkschrift zu seinem 100. Todestag, Les Amis du Vieux Larochette, 1998
  • Roby Zenner: Vor 110 Jahren starb Nationalkomponist Jean-Antoine Zinnen, Lëtzebuerger Journal N° 098 vum 21. Mee 2008, S. 21

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jean-Antoine Zinnen – Biller, Videoen oder Audiodateien