Roby Zenner

Vu Wikipedia
Roby Zenner
De Roby Zenner presentéiert d'Buch vun der LPPD iwwer de Generalstreik vum August 1942.
Gebuer 2. Mäerz 1943
Péiteng
Gestuerwen 18. Mäerz 2021
Rodange
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schoulmeeschter, Journalist

De Roby Zenner, gebuer den 2. Mäerz 1943 zu Péiteng a gestuerwen den 18. Mäerz 2021[1] zu Rodange, war e Schoulmeeschter a journalistesche Mataarbechter vum Grupp Saint Paul.

No sengem Studium am Stater Kolléisch an duerno um deemolegen Institut pédagogique zu Walfer gouf hien 1964 Schoulmeeschter zu Déifferdeng, wou hie bis zu senger Pensioun am Oktober 2003 enseignéiert huet.

Donieft huet hien am Luxemburger Wort, am Sonndesblad an am Marienkalender Honnerte vun Artikele publizéiert an um DNR geschwat.

Vun 1971 bis 2002 war de Roby Zenner Generalsekretär vun der AFP fir déi hien och Radiosemissioune gemaach huet.

De Roby Zenner war a ville Veräiner an Organisatiounen aktiv, sou war hien als Kierchesänger President vun der Chorale Caecilia Déifferdeng an am Kommitee vun der UGDA. 1996 gouf hie Sekretär vun der Actioun Lëtzebuergesch - Eis Sprooch an 2001 President vum Piusverband.

No senger Pensioun huet hien och am Lëtzebuerger Journal an op rtl.lu Artikelen a Commentairë publizéiert.

Wierk[änneren | Quelltext änneren]

  • Aus der Kannerzäit. Beringen: Editions Friedrich-Schmit, 2013. ISBN 978-99959-741-5-2. (Kandheetserënenrungen)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Roby Zenner – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Roby Zenner ist tot." wort.lu, 22.03.2021.