Institut supérieur d'études et de recherches pédagogiques

Vu Wikipedia

Den Institut supérieur d'études et de recherches pédagogiques (ISERP) war eng Lëtzebuerger Héichschoul zu Walfer déi duerch d'Gesetz vum 6. September 1983 an d'Liewe geruff gouf. Den ISERP huet den Institut pédagogique ersat, deen duech Gesetz vum 7. Juli 1958 gegrënnt gi war.[1]

Duerch d'Gesetz vum 12. August 2003 ass d'Universitéit Lëtzebuerg geschaf ginn. Am Oktober 2003, ass de CEP (Certificat d'études pédagogiques), den Diplom deen um ISERP ausgestallt ginn ass, vun der Faculté des lettres, des sciences humaines, des arts et des sciences de l'éducation vun der Universitéit Lëtzebuerg iwwerholl ginn.

D'Universitéit huet an enger Tëschephase den CEP weider ugebueden, fir dunn am September 2005 den CEP duerch de BScE z'ersetzen.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Loi du 7 juillet 1958 portant... création d'un Institut pédagogique, publizéiert am Mémorial Nr. 40 vum 22. Juli 1958, Ss 1026 - 1028

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]