Op den Inhalt sprangen

Walfer

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Walfer
D'Gemengenhaus zu Walfer
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Walferdange
de: Walferdingen
Land Lëtzebuerg
Kanton Lëtzebuerg
Gemeng Walfer
Buergermeeschter François Sauber (CSV)
Awunner 1.094
  1. Januar 2023
Koordinaten 49° 39’ 46’’ N
      06° 08’ 00’’ O


Walfer ass eng lëtzebuergesch Uertschaft am Kanton Lëtzebuerg an Haaptuert vun der Gemeng Walfer.

D'Walfer läit am Uelzecht-Dall, dee vun do un no Norden ëmmer méi breet gëtt. Am Weste fanne mer eng Wiselandschaft déi lues a lues verbaut ginn ass, an am Oste stéisst Walfer un d'Häng vun de Bëscher déi op de Koppe leien, wéi de Walferbierg, de Quantebierg, d'Fréin an d'Heedchen.

D'Naturschutzgebitt Sonnebierg läit um Westhank vum Ausleefer vum Walferbierg.

Déi kinneklech Päerdsställ vu Walfer. Zeechnung vum Nicolas Liez.

Walfer ass haaptsächlech un de Verkéier ugeschloss iwwer d'Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Ëlwen (Nordstreck) an d'Nationalstrooss 7, déi allebéid vun Norden no Süde matzen duerch Walfer ginn an Duerf praktesch zesumme mat der Uelzecht a véier deelen.

Aner Weeër, déi op Walfer féieren, sinn den CR181 dee vu Walfer op d'Biergerkräiz geet, den CR233 vun Dummeldeng op Walfer an den CR123 vu Steesel op Walfer.

Walfer oder Wallefer? - Den Numm a seng Varianten

[änneren | Quelltext änneren]

Den Numm huet an der Vergaangenheet vill Varianten erlieft. Esou gëtt d’Uertschaft op den historesche Ferraris Kaarten als Valferdingen betitelt. Et kéint sech also em d’Dingen (de Besëtztum vun enger Persoun) gehandelt hunn, déi Valfer geheescht huet.

Am Laf vun der Zäit goufen et Streidereien doriwwer wéi den Numm op Lëtzebuergesch sollt geschriwwe ginn. Nach 1982 huet de Syndicat d'’Initiative et du Tourisme de Walferdange, dee virdru Wallefer Verschéinerungsveräi geheescht huet, ee Buch zur Plaz genannt Doudeg Fra erausginn. D’Buch vum Georges Faber hat den Titel „Doudeg Fra Wallefer“. An och an Zeitungsartikelen an offizielle Matdeelungen aus dëser Zäit fënnt sech meeschtens d'Variant Wallefer amplaz vu Walfer. Offiziell gëllt den Numm Walfer zanter dem Sproochegesetz vun 1984. D’Variant Wallefer bleift awer bis haut ënner Alagesiessenen als geleefeg erhalen.

Kuckeswäertes

[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Walfer – Biller, Videoen oder Audiodateien