Op den Inhalt sprangen

Doudeg Fra

Vu Wikipedia
Doudeg Fra
De Stee mat der Gravur "Doudeg Fra"
An anere Sproochen fr: Femme morte[1]
de: Tote Frau
Land Lëtzebuerg
Kanton Lëtzebuerg
Gemeng Walfer
Buergermeeschter François Sauber (CSV)
Koordinaten 49° 39’ 42.5’’ N
      06° 09’ 53.7’’ O


D'Doudeg Fra ass eng Plaz am Gréngewald, um ëstlech Wupp vun der Gemeng Walfer.

D'Doudeg Fra läit op enger Héicht vun zirka 407 m, ongeféier 750 m nordwestlech vum Stafelter an 350 m. südëstlech vun deem Punkt wou den CR125 op den CR126 stéisst.

Den Urspronk vum Lieu-dit ass net eendeiteg gekläert[2].

Ass et eng Veréierung vun der Grousser Mamm?

[änneren | Quelltext änneren]

D'Lag vun der Doudeger Fra kéint op eng Kultplaz aus der prehistorescher Zäit hiweisen, absënns well s'an der Géigend vu Quellen a Pëtzer läit a laanscht e Kiem, deen op virkeltesch Urspréng zeréckgeet, wou der Traditioun no Äscht geaffert goufen.

D'Grouss Mamm, als Gëttin vun der Fruchtbarkeet, kéint als Doudefra, d. h. als Wiechterin vun den Doudegen an hirem Schouss, do veréiert gi sinn. Sou helleg Plaze goufen dacks an anere Kulture bäibehalen, z. B. als Plaze wou réimesch Gottheete veréiert goufen oder op deenen a chrëschtlecher Zäit Weekräizer opgeriicht goufen. An der Réimerzäit kéint et eng Plaz gewiescht si wou d'Diana - d'Gëttin vun der Juegd a vum Mound - veréiert ginn ass.

Ass mat der Doudeger Fra d'Elisabeth vu Görlitz gemengt?

[änneren | Quelltext änneren]

Eng aner Deitung seet, datt mat der Doudeger Fra d'Elisabeth vu Görlitz gemengt wier.

D'Elisabeth vu Görlitz hat d'Herzogtum Lëtzebuerg 1409 vun hirem Monnonk, dem Sigismund, als Pand kritt. Well hien d'Gage net zeréckbezuele konnt, huet d'Elisabeth d'Kontroll iwwer d'Herzogtum iwwerholl. Wärend de leschte Joer vun hirer Regierung hat sech d'Elisabeth sou staark verschëlt, datt si forcéiert war, hiert Herzogtum un de Philippe vun der Bourgogne zu verkafen.

No engem Text vum Hellege-Geescht-Klouschter vu 1441, soll d'Herzogtum Lëtzebuerg dem Herzog vun der Bourgogne am Gréngewald iwwergi gi sinn. De Verkaf gouf mat engem Handschlag besigelt, wéi dat deemools üblech war. Dobäi huet de Verkeefer dem Keefer e Grapp Buedem an en Aascht dohinner gehalen an de Keefer huet déi dann op de Buedem gehäit.

Nom Verkaf soll d'Elisabeth gesot hunn: „Lo sinn ech eng doudeg Fra“. D'Bedeitung vum Wuert doudeg ass dobäi net am urspréngleche Sënn ze verstoen, mä villméi, wéinst der Aarmut vun der Elisabeth, am Sënn vun onbedeitend, oder fir näischt méi ze gebrauchen. Den Iwwerliwwerungen no, sinn duerno op där Plaz am Bësch Äscht dohi geworf ginn, mat de Wierder: „Dat ass fir déi doudeg Fra“.

Bis géint 1917 stoung op der Plaz en einfacht stengent Kräiz. Et gouf géint 1930 duerch e Kruzifix op e puer stenge Quaderen ersat[3], dat du bis géint 1944 op der Weekräizung stoung. Béid Kräizer waren am Laf vun der Zäit ëmgehäit ginn an am Joer 1982 gouf dunn dat neit Weekräiz opgeriicht, dat haut nach do steet. Um Kräiz dat den 20. Juni 1982 ageweit gouf ass eng Kräizegungszeen drop, déi fir Lëtzebuerg typesch ass.

Am Hierscht 1983 gouf en décke Steen aus Iernzener Sandstee mat der aggravéierter Schrëft “Doudeg Fra” bei d'Kräiz geluecht fir d'Passanten op den Numm vun der Plaz opmierksam ze maachen. De Stee gouf vum Emile Feidt, dem Proprietär vun engem Steebroch vu Walfer, gestëft a vun de Gemengenaarbechter opgeriicht a beschrëft[4].

Aner bemierkenswäert Plazen am Gréngewald:

Den Theodor von Cederstolpe (1811 - 1878), senges Zeechen Kapitän a Kartograph vun der preisescher Garnisoun an der Bundesfestung Lëtzebuerg[5], huet ënner anerem ee Gedicht iwwer d'Doudeg Fra geschriwwen, mam Originaltitel Die todte Frau. Dat handgeschriwwe Gedicht dat a sengem Sammelband aus dem Joer 1847 publizéiert ass, gouf zu Lëtzebuerg eng éischt Kéier an der Walfer Jubiläumsbroschür vun 1987 verëffentlecht[4].

Theodor von Cederstolpe (1811 - 1878)


Die todte Frau

Ein Berg bei Weimerskirchen steht,
Wo, wie im Volk die Sage geht,
Verkäufe geschahn, Aufträge auch
Unter blauem Himmel nach Landesbrauch.

Elisabeth mit blut'ger Hand,
Die Luxemburg besaß als Pfand,
Und es gedrückt gar hart und rauh,
Verkaufte dort es an Burgund,
Es nannte drum des Volkes Mund
Den Berg seitdem: die todte Frau.

Es jubelte des Volkes Schaar,
Als der Verkauf geschlossen war.
Da kam ein Greis vom Wald herbei,
Und stimmt' ein in den Freudenschrei.
In seiner Hotte trug er Holz,
Und trat zur Frau so ernst, so stolz,
Und fest den Blick auf sie gewandt,
Warf er ein Scheit mit kräft'ger Hand
Auf's Gold, das blinkend lag zur Schau,
Und rief: “Dies für die todte Frau![6]

Es blieb Gebrauch seit jener Zeit:
Holt jemand Holz vom nahen Hau,
So wirft er auf den Berg ein Scheit,
Und ruft: Dies für die todte Fau!

Bicher an Artikelen

[änneren | Quelltext änneren]
  • von Cederstolpe, Theodor. (1847). Sagen Und Gedichte über Luxemburg.
  • Hess, Joseph, & Institut grand-ducal Section de linguistique, de folklore et de toponymie. (1960). Altluxemburger Denkwürdigkeiten. Luxembourg: Institut grand-ducal. “Die Tote Frau” S. 46-47
  • Faber, Georges, & Syndicat d'initiative et de tourisme. (1982). Doudeg Fra = Der Tote-Frauen-Berg = Croix de la Femme-morte: Nachforschungen zu vorstehenden Ortsbezeichnungen im Grünewald. S.l.: [s.n.].
  • Blasen, Léon. (1986). “D'Doudeg Fra” am Gréngewald. Télécran, Télécran. - Luxembourg Jg. 8 (1986), Nr. 44, p. 27-29, ill.
  • Kohl, Nicolas. (1987). “Der Grünewald”, die “Todte Frau” und die Gedichte des Theodor von Cederstolpe. Walferdingen, Bereldingen, Helmsingen an: Beiträge zur Lokalgeschichte. Herausgegeben zum Jubiläum der Gesangvereine und der Musikgesellschaft 1987 - Walferdingen, 1987 P. 273-279, ill., carte.
Commons: Doudeg Fra – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Op den topographesche Kaarte vun 1954 bis 1989 als "Croix de la Femme Morte" agedroen.
  2. Quell vun dësem Kapitel, wann net anescht uginn: Informatiounspanneau am Gréngewald.
  3. Blasen L., an der Literatur
  4. 4,0 4,1 Kohl N., an der Literatur
  5. Luxemburger Autorenlexikon (nogekuckt 11.05.2023).
  6. An enger iwwerschafter Versioun huet de von Cederstolpe de leschte Vers ersat duerch: Und rief: Wir waren stets dir fremd, / das Geld ist für dein Leichenhemd, / dies Holz ist für dich, die todte Frau!