Schetzelklaus
Schetzelklaus | |
---|---|
D'Plaz virun der Hiel vum Schetzel am Gréngewald | |
An anere Sproochen |
fr: Ermitage de Schetzel de: Schetzelklause |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Lëtzebuerg |
Gemeng | Steesel |
Buergermeeschter | Fernand Marchetti (LSAP) |
Koordinaten |
49° 40’ 02.8’’ N 06° 11’ 31.8’’ O |
D'Schetzelklaus am Gréngewald ass eng Klaus an där de Schetzel am 12. Joerhonnert déi lescht 14 Joer laang bis zu sengem Doud gelieft huet.
De Schetzel war wuel en Zisterzienser a koum warscheinlech aus der Abtei vun Orval[1]. Hien huet sech an enger Klaus am Gréngewald zeréckgezu fir do als strenge Béisser ze liewen an ze bieden an dem Här no ze sinn. Vill Leit hunn hien ëm säi Rot gefrot.
Hien huet an enger Hiel gelieft an op dem plakege stengene Buedem geschlof. Als Kascht hat hien d'Planzen aus dem Bësch an d'Waasser aus enger Baach, déi hir Quell ronn 200 m vu senger Hiel ewech huet.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Schetzelbaach.
Dem Schetzel seng Hiel
[änneren | Quelltext änneren]D'Hiel am Gréngewald, déi natierlech am Sandsteen entstanen ass, war laang verschott. Si ass am 19. Joerhonnert vum deemolege Paschtouer vu Weimeschkierch, dem Jean Klein, nees fräigeluecht ginn. Si ass eng 3 m breet, 2,5 m déif an 2,5 m héich.
Well de Schetzel de 6. August säin Namensdag huet, huet de Vincent Krier an den 1960er Joren, wéi hie Paschtouer vun Hueschtert war, den 2. Sonndeg am August fir alljärlech Schetzelfeier am Gréngewald gewielt.
Haut ass nach d'Hiel ze gesinn an där eng Kapell amenagéiert ass. Obwuel se um Gebitt vun der Gemeng Steesel läit, gëtt d'Kapell vun der Par Iewescht Syr Saint-Esprit geréiert. An der Grott stinn e Kräiz an zwou Statuen, déi vum Schetzel an déi vum hl. Achardus. D'Statue si vum Josy Jungblut.
Um Fiels nieft der Hiel gesäit een
- eng modern Tak déi de Schetzel duerstellt. D'Tak ass vum Edmond Lux.
- eng stenge Plackett mat engem Text iwwer d'Liewe vum Schetzel.
Virun der Hiel stinn
- en Altor aus Holz[2]
- fënnef Reie mat allkéiers dräi permanent installéierten hëlze Bänken[2]
- e Weekräiz mat der Joreszuel 1882.
Op der Lëtzebuerger topographescher Kaart (23 Luxembourg) ass d'Klaus mat Ermitage de Schetzel an de Beräich ronderëm mat Schetzelklaus agedroen.
D'Plackett um Fiels bei der Hiel
[änneren | Quelltext änneren]Op der Plackett steet op Däitsch geschriwwen (hei iwwersat):
"Den Hl.* Schetzel, deen aus der Géigend vun Tréier staamt, huet déi 14 lescht Jore vu sengem strenge Klausliewen an dësem verloossene Bësch verbruecht. Jiddweree wäert e bewonneren, vill wäerten em noäiferen, kee wäert en nomaachen. Den Hellege Bernhard, Abt vu Clervaux* († 1149)* huet duerch Vertrauenspersounen den Hl. Schetzel opsichen a beschenke gelooss. Den Zisterzienserpater Hl. Achardus war iwwerglécklech fir den hellege Klausbrudder ze gesinn a mat him ze schwätzen. Den Hl. Schetzel ass ëm d'Joer 1139 gestuerwen a gouf an der Abtei vun Eiser Léiwer Fra zu Lëtzebuerg begruewen. Zanter der Zerstéierung vun Almënster sinn déi wäertvoll Iwwerreschter vum Hellege spuerlos verschwonnen. Hellege Schetzel léier a beschütz eis!"
*) Op där Plackett stinn dräi Feeler: (1) Den Hl. Bernhard ass net 1149, mä 1153 gestuerwen an (2) hie war Abt vun der Zisterzienserabtei Clairvaux (a Frankräich), net ze verwiessele mat dem lëtzebuergesche Clervaux, Klierf, wou eng Benediktinerabtei ass. (3) De Schetzel ass ni vun der Kierch helleggesprach ginn.
Wéi ee bei d'Klaus kënnt
[änneren | Quelltext änneren]D'Schetzelhiel läit um Wee vum circuit auto-pédestre duerch de Gréngewald, dee vum Waldhaff aus fort geet.
Mam Auto erreecht een d'Plaz am Beschte vun der Iechternacher Strooss (E29/N11) aus: wann ee vum Waldhaff a Richtung Jonglënster fiert, béit een zirka 1 km nom Waldhaff, genee do wou d'Strooss vun 2 op 3 Spueren iwwergeet, no lénks of an e ronn 30 m laange goudronéierte Wee, wou een den Auto parke kann.
Vum geparkten Auto aus geet et dann iwwer de Bëschwee zu Fouss erof weider, zirka 800 m, de Schëlter no, bei d'Schetzelhiel.
De Schetzelkult am Gréngewald an den Amenagement vun der Grott
[änneren | Quelltext änneren]D'Veréierung vum Schetzel am Gréngewald ass an der Mëtt vum 19. Joerhonnert erëm opgelieft, nodeem d'Schetzelhiel nees fräigeluecht gouf.
- 1860 huet de Staatsarchitekt Charles Arendt eng Beschreiwung an zwou Skizze vun der Schetzelhiel verëffentlecht.
- Ëm 1915 gouf op Uweisung vun der Groussherzogin Marie-Adélaïde en Eisegitter an der Entrée vun der Grott opgeriicht an zwou polychroméiert Statuen aus Terracotta an der Hiel opgestallt: vum Schetzel a vum hl. Achardus. Déi Statue si méi spéit verschwonnen.
- 1948 goufen zwou nei Statuen aus Stee vum Sculpteur Claus Cito opgestallt, en neit Gitter, aus Holz, installéiert, an eng stenge Plack mat engem Text iwwer d'Liewe vum Schetzel lénks vun der Grott um Fiels befestegt.
- Béid Statue goufen 1969 duerch Vandalen zerstéiert, awer am selwechte Joer duerch zwou neier, vum Sculpteur Josy Jungblut, ersat. Den 9. August 1970 goufe si vum Bëschof Jean Hengen, deen duerno op der Plaz d'Mass mat Priedegt gehalen huet, feierlech geseent. Béid Statue kann een haut an der Grott, lénks a riets vum Kräiz, gesinn.
- 1974 huet de BBC Gréngewald eng modern Tak, déi vum Edmond Lux realiséiert gouf, géisse gelooss.
Biller
[änneren | Quelltext änneren]-
D'Hiel vum Schetzel am Gréngewald.
-
Dem Schetzel seng Hiel no enger Zeechnung vum Charles Arendt, 1860.
-
Placke bei der Hiel.
-
D'Weekräiz bei der Schetzelklaus.
-
Informatiounsschëld um Wee bei d'Hiel.
-
D'Säiteportal vun der Kathedral Notre-Dame zu Lëtzebuerg. De Schetzel: riets vun de 5 gotesche Fënsteren.
-
D'Statuen iwwer der Säitenentrée vun der Kathedral. Riets de Schetzel.
-
Riets de Schetzel.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Websäit vun de Paren Hueschtert, Nidderaanwen a Schëtter, mat Biller vun der Schetzelhiel (wayback machine vun 2010, duerno ass d'Säit verschwonnen)
- Schetzel-Wanderwee: Bis bei d'Quell vun der Wäisser Iernz, op rtl.lu, fir d'lescht gekuckt de 24. Juli 2018
- Et wor emol … zu Lëtzebuerg: Den "Hellege" Schetzel, op rtl.lu, fir d'lescht gekuckt de 24. Juli 2018