Biergerkräiz (Gréngewald)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Plaz Beim Biergerkräiz am Gréngewald. Fir de Lieu-dit um Bord vum Bambësch, kuckt wgl. Biergerkräiz.
Biergerkräiz
D'Biergerkräiz am Gréngewald
Aussprooch
Land Lëtzebuerg
Kanton Lëtzebuerg
Gemeng Steesel
Buergermeeschter Fernand Marchetti (LSAP)
Koordinaten 49° 40’ 45.7’’ N
      06° 12’ 20.5’’ O

D'Biergerkräiz ass eng Plaz am Gréngewald, an der Gemeng Steesel, op deem véier Bëschweeër zesummekommen. Op der Plaz steet e Weekräiz dat der Plaz hiren Numm gëtt.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

D'Biergerkräiz läit op enger Héicht vun zirka 412 m (NG-L), süd-ëstlech vun der Dujangsbrak, an der Kadastersektioun Heeschdref vun der Gemeng Steesel.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Originne vum Biergerkräiz sinn net ganz kloer. Et gëtt ugeholl, datt d'Biergerkräiz eppes mam Schlass Buerglënster ze dinn huet. Den Demonym fir d'Awunner aus der Buerg ass Bierger. Méiglecherweis huet d'Biergerkräiz dem Schlasshär vu Buerglënster als Geriichtskräiz, d. h. als Zeechen datt hien Här vum Geriicht ass, gedéngt. Et kéint awer och e reliéist Zeeche sinn, dat vun der Par Buerglënster opgeriicht gouf[1].

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Biergerkräiz (Steinsel) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Quell: Informatiounspanneau am Gréngewald