Op den Inhalt sprangen

Pavillon am Gréngewald

Vu Wikipedia
Pavillon am Gréngewald
De Pavillon am Gréngewald
Land Lëtzebuerg
Kanton Lëtzebuerg
Gemeng Nidderaanwen
Buergermeeschter Frédéric Ternes (CSV)
Koordinaten 49° 40’ 30.5’’ N
      06° 12’ 42.6’’ O


De Pavillon am Gréngewald ass en oktogonaalt Haischen am Gréngewald.

De Pavillon läit op enger Héicht vun zirka 380 m (NG-L), tëscht dem Waldhaff a Gonnereng, nërdlech vun der N11, an der Kadastersektioun Gréngewald vun der Gemeng Nidderaanwen.

D'Gebai gouf ëm 1890 vum Groussherzog Adolphe baue gelooss an ass vun den Herrschafte gär fir Picknicker benotzt ginn.

Commons: Pavillon Gréngewald – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]