Geeschterhaischen

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Kutschewee)
Geeschterhaischen
D'Ruin vum Geeschterhaischen am Gréngewald
Land Lëtzebuerg
Kanton Lëtzebuerg
Gemeng Steesel
Buergermeeschter Fernand Marchetti (LSAP)
Koordinaten 49° 40’ 08.9’’ N
      06° 10’ 01.4’’ O


D'Geeschterhaischen ass e Lieu-dit am Gréngewald; en huet den Numm vun engem Juegdhaus, dat op dëser Plaz stoung.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

D'Geeschterhaische läit op enger Héicht vun zirka 393 m (NG-L), am Flouer Réngelbur, ëstlech vun der A7, an der Kadastersektioun Steesel vun der Gemeng Steesel.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Gebai gouf ëm 1890 gebaut a vun de Groussherzogen Adolphe a Wëllem IV. als Juegdhaus benotzt. Et hat e Grondrëss vun ca. 4 x 16 m an hat eng Kichen mat enger Spënnchen lénks vum Gank an op der anerer Säit waren en Iesszëmmer mat enger Schminni an dernieft op Openthaltszëmmer.

Wann a fréieren Zäiten d'groussherzoglech Famill fir d'Juegd oder fir d'Entspanung aus dem Uelzechtdall erop an de Gréngewald koum, si si gemenkerhand mat der Päerdskutsch gefuer. De Bëschwee dee vum haitegen CR126 - tëscht dem Stafelter an deem Punkt wou en op de CR125 stéisst - a Richtung Nordoste fortgeet a laanscht d'Geeschterhaische bis bei d'Prinzessinnen-Eeche féiert, gouf dowéinst Kutschewee genannt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Geeschterhaischen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]