Gemeng Steesel

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Steesel
Coat of arms steinsel luxbrg.png
Luxembourg Steinsel townhall 2014.jpg
D'Gemengenhaus
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Steinsel
de: Steinsel
Land Lëtzebuerg
Kanton Lëtzebuerg
Buergermeeschter J.- P. Klein (LSAP)
Awunner 5.408 (1 Januar 2019)
Fläch 2.181 ha
Koordinaten 49° 40’ 42’’ N
06° 07’ 28’’ O
Websäit http://www.steinsel.lu/
Map Steinsel.PNG
D'Gemeng Steesel (orange) am Kanton Lëtzebuerg (rout)

D'Gemeng Steesel ass eng vun den 102 Gemengen am Groussherzogtum Lëtzebuerg. Si läit am Kanton Lëtzebuerg an ass no der Uertschaft Steesel benannt.

Uertschaften an der Gemeng[änneren | Quelltext änneren]

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng Steesel läit nërdlech vu Walfer am Uelzechtdall. Et ass déi nërdlechst Gemeng am Kanton Lëtzebuerg. Steesel gëtt duerch d'Uelzecht an zwéin Deeler getrennt: westlech vun der Uelzecht leie Steesel a Mëlleref, ëstlech dovu läit Heeschdref.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng Steesel war fréier méi grouss. Duerch e Gesetz vum 25. November 1850 ass aus Deeler vun der Gemeng Steesel d'Gemeng Walfer geschaf ginn. E Gesetz vum 22. Februar 1853 huet weider Deeler vu Steesel ofgetrennt fir d'Gemeng Koplescht ze schafen.

Um Steeseler Bierg op Roellent goufen Iwwerreschter vun enger réimescher Siidlung fonnt, déi op eng laang Geschicht hiweisen. Des Weidere goufen 1854 beim Bau vun der Steeseler Kierch Iwwerreschter vun Therme fonnt.

Op der haiteger Fläch vun der Gemeng stoungen zwou Millen, d'Bintze Millen an d'Werdels Millen, aus deenen no an no déi zwou Uertschafte Mëlleref, respektiv Steesel, entstane sinn.

D'Heeschdrefer Wuerzele féieren op d'Heeschdrefer Schlass zréck, dat an der Vergaangenheet eng Buerg war, an haut vu Schwësteren a vun der Fondation Tricentenaire bewunnt gëtt.

Entwécklung vun der Awunnerzuel[änneren | Quelltext änneren]

Quell:STATEC

D'Steeseler Kierch

Politik[änneren | Quelltext änneren]

De Gemengerot vu Steesel gëtt nom Proporz-Walsystem gewielt. E setzt sech aus 11 Conseilleren zesummen.

Als Resultat vun de Gemengewale vun 2011, wéi och vun 2017, stäipt sech de Schäfferot op eng LSAP-CSV-Koalitioun.[1]

Buergermeeschter ass de Jean-Pierre Klein (LSAP).

Zesummesetzung

Joer CSV DP LSAP
1999 2 2 7
2005 2 3 6
2011 2 2 7
2017 2 4 5

Quell: Inneministère / RTL.lu / elections.lu

Buergermeeschteren[änneren | Quelltext änneren]

Qsicon Ueberarbeiten.svg 00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft w.e.g. mat, fir et ze komplettéieren.
  • ...
  • 1844: Bernard Kintzelé[2]
  • 19??: Pierre Ecker
  • ...

Ekonomie[änneren | Quelltext änneren]

Zu Steesel ass ee Supermarché, de Pall Center an an der lokaler Industriezon sinn iwwer 30 Firmaen. Des Weideren huet d'Cegedel zu Heeschdref ee vun hire Sëtz.

Landwirtschaft[änneren | Quelltext änneren]

D'Landwirtschaft huet zu Steesel nom Zweete Weltkrich e groussen Opschwonk gehat. Steesel ass fir seng Äerdbieren, Uebst an Gromperenzuucht bekannt. Steeseler Grompere gi vu Luxpatates am ganze Land verkaaft.

Op dem Steeselerbierg si grouss Bongerten, déi Privatleit a Butteker mat Äppel a Bire beliwweren. Och Landschaftsgäertnereien, wéi d'Bamschoul Becker zu Mëlleref, d'Pépinières Kintzlé zu Heeschdref a Blummegäertner, wéi Fleurs Wüst hunn zu Steesel eng laang Traditioun.
Zu Steesel gëtt et nach e puer Bauerebetriber.

Liewen an der Gemeng[änneren | Quelltext änneren]

Steesel huet laanscht der Uelzecht een Noerhoulungsgebitt geschaf, dat nach soll ausgebaut ginn. Am Zentrum vum Projet ass d'Renaturéierung vun der Uelzecht.

Des Weidere solle Spillplazen opgeriicht ginn, an e Vëloswee ugeluecht ginn[Wéini ?], dee Walfer mat Heeschdref verbënnt. D'Gemeng Steesel huet mat de Gemenge Walfer a Luerenzweiler eng interkommunal Schwämm, d'Pidal geschaf.

D'Musek L'Echo de l'Alzette de la Commune de Steinsel ass 2002 aus dem Zesummeschloss vun der Steeseler an der Heeschdrefer Musek entstanen. Och de Sport gëtt an der Gemeng grouss geschriwwen, an do si virun allem en etlech Basketstitele vun der BBC Amicale Steesel ervirzehiewen.

Verkéier[änneren | Quelltext änneren]

D'Lëtzebuerger Strooss, d'N7, Haaptverkéiersachs tëscht der Stad Lëtzebuerg a Miersch, féiert duerch Heeschdref. D'Gemeng Steesel huet och eng Gare, d'Heeschdrefer Gare. Se läit op der Streck Lëtzebuerg-Ettelbréck. E puer RGTR-Buslinne verbannen d'Gemeng Steesel mat der Stad Lëtzebuerg.

Interkommunal Syndikater[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng Steesel ass Member vu folgenden interkommunale Syndikater:

PIDAL - SEC - SICEC - SIDOR - SIDERO - SIGI - SYVICOL

Jumelage[änneren | Quelltext änneren]

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Michel Schmitt: Die Pfarrkirche von Steinsel in ihrem zeitgenössischen Entstehungskontext Steinsel: Administration communale, 2005. - 24 p.: ill. ; 21 cm
  • La commune de Steinsel en images: son développement récent, Steinsel: Commune, 2005 - 36 p.: ill. ; 21 x 30 cm

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Steesel – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Koalitioun LSAP/CSV steet, Klein bleift Buergermeeschter." rtl.lu, 11.10.2017, 12:04:19.
  2. ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL, du 29 décembre 1843, n°2926f, portant nomination des Bourgmestres et Echevins des villes, et des Bourgmestres des campagnes du Grand-Duché am Memorial N°3 vun 1844