Park zu Heeschdref

Vu Wikipedia
Déi bemierkenswäert Schwaarzkifer. Riets déi kënschtlech ugeluecht Quell.
De ganze Bam.

De Park zu Heeschdref gehéiert zum Heeschdrëffer Schlass a läit lénks vun der Strooss (N7/E421) déi vu Walfer op Boufer am Uelzechtdall féiert.

De Park[änneren | Quelltext änneren]

Vun der Haaptstrooss ass de Park duerch eng héich Mauer getrennt. D'Haaptentrée vum Park, an och déi vum Schlass, leien an der Strooss déi vun Heeschdref op Mëlleref a Steesel féiert (rue de Müllendorf).

De Park a senger haiteger Form gouf kuerz no 1910 vum deemolege Besëtzer, dem Antoine Erpelding, nei amenagéiert, woubäi déi al Beem erhale goufen.[1]

D'Schlass an de Park, deen ëffentlech zougänglech ass, sinn am Besëtz vun de Schwëstere vun der Doctrine chrétienne, déi am Schlass an an dräi Nopeschgebaier en Altersheem (Centre intégré MAREDOC, Maison de retraite des Soeurs de la doctrine chrétienne) fir d'Schwëstere vun der Kongregatioun an den allgemenge Public féieren. E weidert Gebai am Park ass d'Maison Nico-Kremer (och nach Foyer du Tricentenaire), eng Residence fir kierperlech handicapéiert Leit, déi vun der Fondation du Tricentenaire gefouert gëtt.

Hannenaus am Park, a Richtung Walfer, laanscht d'Haaptstrooss, läit de Kierfecht fir d'Nonne vun der Doctrine chrétienne.

Bemierkenswäert Beem am Park[änneren | Quelltext änneren]

D'Schwaarzkifer an d'Eech.
Déi ganz Eech.

Am Park stinn eng Rëtsch al Beem, vun deenen der zwéin zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg gezielt ginn: eng Schwaarzkifer an eng Summereech. Béid Beem si ronn 175 Joer al.

Schwaarzkifer[änneren | Quelltext änneren]

D'Schwaarzkifer (Pinus nigra; pin noir; Schwarzkiefer) steet nieft enger kënschtlech ugeluechter Quell, där hiert Waasser duerch de Park erof an e Weier leeft. Dëse Bam ass deen imposantste vu senger Aart zu Lëtzebuerg. 1981 gouf hien als den 12. déckste Bam zu Lëtzebuerg gefouert.

D'Schwaarzkifer ass ënner dem Numm Bam vum Prënz Henri bekannt. Den Henri vun Oranien-Nassau (1820-1879) war 1849 vu sengem Brudder, dem Wëllem III., Kinnek vun Holland a Groussherzog vu Lëtzebuerg, zum Gouverneur vu Lëtzebuerg ernannt ginn. De Prënz Henri huet am Schlass zu Walfer gewunnt, vu wou aus hie säi Frënd an Noper, de Banquier Léon Lippmann (1808-1883) op deem sengem Schlass zu Heeschdref besicht huet. Béid Männer sinn dacks am Park spadséiert an hunn ënner dëser Kifer gerascht a sech ënnerhalen. Dohier den Numm vum Bam.

Den Ëmfang vum Stamm, op Broschthéicht gemooss, huet follgendermoossen zougeholl:

  • 1907: 3,73 m
  • 1958: 4,60 m
  • 1980: 5,00 m, bei enger Gréisst vu 26 m
  • ëm 2000: 5,27 m, bei enger Gréisst vu 26 m

Stilleech[änneren | Quelltext änneren]

D'Stilleech (Quercus robur; chêne pédonculé; Stieleiche) steet ronn 50 m vun der Schwaarzkifer ewech. Hire Stamm ass bis héich erop dicht mat Wantergréng (Efeu) bewuess. Dëse Bam gouf 2002 fir d'éischt op d'Lëscht vun de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg opgeholl.

Ëm 2000 gouf en Ëmfang op Broschthéicht vu 4,33 m (wéinst dem Wantergréng ass de geneeë Wäert e bëssen onsécher) an eng Gréisst vun 29 m gemooss.

De Kierfecht am Park[änneren | Quelltext änneren]

De Kierfecht am Park, Richtung Schlass gekuckt.

1919 gouf um Enn vum Park, zur Walfer Säit hin, e Kierfecht fir d'Schwëstere vun der Kongegratioun ugeluecht. 1952 an 1991 ass e vergréissert ginn. Iwwer 700 Schwëstere sinn do begruewen.

1980 gouf um Kierfecht eng Morgue gebaut, dat no de Pläng vum Architekt André Haagen. Si erënnert och un d'Schwësteren déi 1964 am Kongo ermuert goufen.[2]

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (Cf. Schwaarzkifer S. 184-185, Text a Foto. Eech nëmmen an der Tabell S. 236, keng Foto a keng Beschreiwung heiran).
  • Administration des eaux et forêts, 1981. Arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Imprimerie Saint-Paul, 167 S. (Schwaarzkifer: cf. S. 130-131, Foto an Text; Tabell S. 162).
  • Faber, Ernest, 1907. Die Baumriesen des Grossherzogtums Luxemburg in Wort und Bild mit Erwähnung herorragender ausländischer Riesenbäume. Buchdréckerei J. Schroell, Dikrech.
  • Langini, A., 2010. Das Heisdorfer Schloß (sic). Le château de Heisdorf. Eng Broschür am DIN A5-Format, erausgi vun der Gemeng Steesel. 36 S. Ouni ISBN.
  • Websäit vum Altersheem zu Heeschdref

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Fotoalbum[änneren | Quelltext änneren]

D'Schlass zu Heeschdref
Vue op de ronnen Enn vum Schlass. Riets den neien Ubau. Lénks d'Verbindung mam Gebai Regina Pacis
.
D'Schlass an d'Gebai Regina Pacis.
D'Gebai vum Tricentenaire.
Den Tricentenaire.
Vue op de Park. Vir am Bild, de Kierfecht vum Klouschter, Richtung Schlass gekuckt.
D'Grott am Park.

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. A. Langini, 2010, S. 15.
  2. A. Langini, 2010, S. 18.