Op den Inhalt sprangen

Europastrooss E421

Vu Wikipedia
Europastrooss E421
Land Belsch, Lëtzebuerg
Längt 173 km
Informatiounen a Websäiten
P & Ch Beschreiwung vum Stroossennetz
Fandom Europastrooss E421
Kilometersteen op der E421 bei Maarnech.

D'Europastrooss E421 ass eng Europastrooss an der Belsch an zu Lëtzebuerg.

Se fänkt südlech vun Oochen, op der belsch-däitscher Grenz bei Eynatten op der A3/E40 un. Duerno geet hiren Trajet iwwer d'N68 ë. a. duerch Eupen a Malmedy a féiert iwwer déi zwéin héchst Punkte vun der Belsch, d'Baraque Michel an de Signal de Botrange. Tëscht Malmedy a Sankt Vith leeft se der A27/E42 no, ass awer net markéiert. Südlech vu Sankt-Vith féiert se iwwer d'N62 bis op d'Grenz mat Lëtzebuerg op der Wemperhaart.

Se leeft da vun Norden a Richtung Süden iwwer d'N7 laanscht Dikrech an Ettelbréck, an da weider iwwer d'A7 (Nordstrooss) bis op de Verdeeler um Waldhaff, wou se op d'N11 / E29 stéisst.

Commons: Europastrooss E421 – Biller, Videoen oder Audiodateien