Autobunn A7 (Lëtzebuerg)

Vu Wikipedia

A7 - Nordstrooss
Zeechen Verdeeler km
(8) Autobunn A1 - Uschloss Gréngewald 0,000
1 N11 - Waldhaff 1,372
Tunnel Stafelter
Tunnel Grouft
2 N7 - Luerenzweiler 9,722
Tunnel Gousseler Bierg
3 CR102 - Schëndels

(nëmmen an/aus Richtung Norden)

15,040
Tunnel Miersch
4 N8 - Miersch 16,472
5 N7 - Mierscher Bierg 17,524
6 N7 - Colmer-Bierg 22,621
7 N7 - Schieren 24,814
geet iwwer an d' Schnellstrooss B7
8 N7 - Ettelbréck 26,965
9 N7 - Angelduerf 29,090
10 N27A - Ierpeldeng 31,469
geet iwwer an d' Nationalstrooss 7
D'A7 tëscht Miersch a Colmer-Bierg (2006)

D'Autobunn A7 oder A7, och Nordstrooss genannt, ass eng lëtzebuergesch Autobunn an de Kantonen Lëtzebuerg, Miersch an Dikrech.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Pläng, eng Autobunn vun der Stad Lëtzebuerg an den Norde vum Land ze bauen, gouf et schonn zanter den 1980er Joren, mä jorelaang gouf diskutéiert, op den Uschloss un déi aner Autobunnen am Osten oder am Weste vun der Stad, deemno un d'A1 beim Kierchbierg oder un d'A6 tëscht Stroossen a Capellen geschéie sollt. De 27. Juli 1997 huet d'Chamber den Tracé vum Sennengerbierg op Miersch, deemno d'Ostvariant, definitiv guttgeheescht[1]. E Budget vu ronn 367 Milliounen Euro war virgesi fir den Deel vun der Stad bis op Miersch, wouvun 21 Mio fir Kompensatiounsmoossname reservéiert waren[2].

Déi eenzel Etappen[änneren | Quelltext änneren]

D'Nordstrooss ass an Etappe gebaut a fir de Verkéier op gaangen. Nodeem bis 2012 ongeféier 16,7 km realiséiert waren, ass se zanter dem 23. September 2015 op der ganzer Längt (31,5 km) fir de Verkéier op.

D'Nordstrooss geet vum Uschloss Gréngewald mat der A1 a Richtung Norden. D'Stéck tëscht dem Uschloss mat der A1 an dem Waldhaff (N11), dat knapps 1,4 km laang ass, gouf 2002 dem Verkéier fräiginn.

Dat 8,35 km laangt Stéck Waldhaff-Luerenzweiler war dat komplizéiertst Deelstéck, mat den Tunnelle Grouft (2 966 m, vum Uelzechtdall erop op de Plateau) a Stafelter (1 850 m) mat dertëscht enger 2 775 m laanger Streck um Heeschdrëfer Bierg. Et war dat lescht Stéck, dat fäerdeg gouf.

Dat Stéck tëscht Luerenzweiler (Sortie 2) a Schieren (Sortie 7), vun enger Längt vun zirka 15 km, goung de 24. Januar 2008 op. Bei Schieren geet d'A7 an d'Schnellstrooss B7 iwwer, déi hirersäits erëm um Fridhaff Uschloss un d'N7 huet, an da weider bis op d'Wemperhaart virugeet.

Nodeems d'Aarbechte um Tronçon Waldhaff-Luerenzweiler fäerdeg waren, gouf den 13. September 2015 eng „Porte Ouverte“ am Tunnel Grouft organiséiert, ier dunn den 23. September 2015 déi ganz Nordstrooss fir de Verkéier opgoung.

D'Europastrooss E421 leeft vum Uschloss Waldhaff un a Richtung Norden iwwer d'Nordstrooss.

D'A7 (Lëtzebuerg - Schieren) ass 24,8 km laang a mat der B7 (Schieren - Ierpeldeng) kommen nach 6,7 km derbäi, wat en Total vun 31,5 km fir d'Nordstrooss ausmécht.

Tunnellen[änneren | Quelltext änneren]

Den Tracé vun der A7 geet duerch déi längst Stroossentunnelle vu Lëtzebuerg:

  • den Tunnel Stafelter (Längt: 1.850 m; den 18. Februar 2009 hunn d'Aarbechten ugefaangen; ass den 23. September 2015 op gaangen)
  • den Tunnel Grouft (Längt: 2.966 m; sollt 2009 fäerdeg sinn, ass den 23. September 2015 op gaangen)
  • den Tunnel Gousseler Bierg (Längt: 2.695 m; zanter 24. Januar 2008 fir de Verkéier op)
  • den Tunnel Miersch (Längt: 530 m; zanter 2004 op)

Käschten[änneren | Quelltext änneren]

D'Käschte fir de Bau belafe sech op ronn 654 Milliounen Euro (Stand Januar 2011)[3],[4]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: A7 (Luxembourg) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Loi du 27 juillet 1997 autorisant le Gouvernement à procéder à la construction d'une route reliant Luxembourg à Ettelbruck. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-01-01.
  2. 14,8 Milliarde Lëtzebuerger Frang (Art. 7 vum Gesetz)
  3. Déi geplangt 560 Milliounen, vun deenen der 229 schonn emol hu missen nogeschoss ginn, géingen net duer, sot de Bauteminister uganks Februar 2010, an et missten nach eng Kéier 30 Milliounen derbäikommen. Quell: "Wiseler: Nordstrooss gëtt 2014 fäerdeg a kascht 30 Mio.€ méi." rtl.lu 01.02.2010, 18:11 - Fir d'lescht aktualiséiert: 01.02.2010, 18:15.
  4. Den 21. Dezember 2011 huet d'Chamber zougestëmmt, nach emol 58 Milliounen Euro dropzeleeën. Dës lescht Zomm gesäit e Sputt vun 11 Millioune vir, falls weider net virgesinne Käschte géifen op de Staat zoukommen. Quell: Dany Thielen: "Nordstrooss - Déi wichtegst Fakten op ee Bléck." RTL.lu - 13.01.2012, 11:11 | Fir d'lescht aktualiséiert: 13.01.2012, 14:46.