Autobunn A1 (Lëtzebuerg)

Vu Wikipedia

A1 - Tréierer Autobunn
Zeechen Verdeeler km[1]
A3/A6 Gaasperecher Kräiz 0,0
Tunnel Houwald
Victor-Bodson-Bréck
7 Hamm 6,867
Tunnel Zens
8 Kierchbierg 9,075
Uschloss A7 Kräiz Gréngewald 9,893
9 Sennengerbierg 11,801
10 Cargocenter 12,968
11 Mënsbech 15,430
12 Fluessweiler 22,648
13 Potaschbierg 26,149
14 Mäertert 30,212
Sir-Viaduc
Viaduc Sernigerbaach
15 Waasserbëlleg 35,023
Aire de Wasserbillig
Sauerdallbréck
Däitsch Grenz - A64 36,203

D'Autobunn A1, och Tréierer Autobunn genannt, ass eng lëtzebuergesch Autobunn am Kanton Lëtzebuerg an am Kanton Gréiwemaacher. Se fänkt um Gaasperecher Kräiz un a mécht d'Verbindung mat Däitschland op der Héicht vu Waasserbëlleg wou se op der Grenz iwwer d'Sauer geet. Vun do un iwwerhëlt déi däitsch A64 de Verkéier.

D'A1 huet eng Längt vu 36,7 km a se leeft méi oder manner parallel zu der N1. Se ass en Deel vun der Europastrooss E44.

D'A1 gouf an e puer Phase fir de Verkéier opgemaach[2]:

  • 6. September 1988: Waasserbëlleg - Potaschbierg
  • 11. Juni 1990: Mënsbech - Sennengerbierg
  • 26. Juni 1992: Potaschbierg - Mënsbech (d'Mëttelstéck huet méi laang gedauert, well et déi néideg Geneemegunge gebraucht huet, fir duerch en Naturschutzgebitt ze fueren. An der Tëschenzäit ass de Verkéier weider iwwer d'N1 geleet ginn, mat enger Zuchbarriär an der Mëtt.)
  • 20. Mee 1994: Gaasperecher Kräiz - Sortie "Iergaart"

Dobäi koumen 1996 an 2002 Aarbechten um Stéck tëscht dem Iergaart an dem Sennengerbierg, ë. a. fir den Uschloss un d'A7 ze preparéieren. An där Zäit goufen d'Raschtplazen, respektiv hiren Accès, a béide Richtungen tëscht dem Sennengerbierg an der Jonctioun Gréngewald ofgerappt. Gläichzäiteg mam Fäerdegstelle vum Süd-Ost-Contournement vun der Stad gouf ugefaangen, déi haiteg Avenue John-F.-Kennedy um Kierchbierg, déi ufanks als Autobunn konzipéiert war (an och "A1" genannt gouf) zu engem Boulevard zeréckzebauen.

Op der Streck vu Gaasperech bis op Waasserbëlleg goufen e puer grouss Brécken an Tunnelle gebaut:

  1. de Viaduc Drousbaach
  2. den Tunnel um Houwald bei Hesper
  3. d'Victor-Bodson-Bréck, eng Schréiseelbréck iwwer den Uelzechtdall.
  4. den Tunnel um Zens
  5. d'Neiduerfer Autobunnsbrécken OA 1177 an OA 1176
  6. den Uewersir-Viaduc bei Nidderaanwen
  7. de Sir-Viaduc bei Mäertert
  8. de Viaduc iwwer d'Sernigerbaach op der Wollefsmillen bei Waasserbëlleg
  9. d'Sauerdallbréck iwwer d'Sauer op der Grenz mat Däitschland

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: A1 (Luxembourg) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. A1 - Autoroute de Trèves. travaux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-01-01.
  2. Evolution du réseau autoroutier. Administration des Ponts et Chaussées.