Fluessweiler

Vu Wikipedia
Fluessweiler
Loftbild vu Fluessweiler aus Richtung Norden
An anere Sproochen fr: Flaxweiler
de: Flaxweiler
Land Lëtzebuerg
Kanton Gréiwemaacher
Gemeng Fluessweiler
Buergermeeschter Paul Ruppert
Awunner 564
  1. Januar 2021; 1. Januar 2022; 1. Januar 2023
Héicht 283 m
Koordinaten 49° 39’ 58’’ N
      06° 20’ 34’’ O

Fluessweiler ass eng Uertschaft zu Lëtzebuerg am Kanton Gréiwemaacher a Chef-lieu vun der Gemeng Fluessweiler. Zur Uertschaft gehéiert och Buchholz, resp. de Buchholzerhaff.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Beim Bau vun der Autobunn A1 gouf e fréikeltescht Graf aus dem 4.-3. Jh. v. Chr. entdeckt.[1] Ausgegruewe gouf och e Kierfecht mat enger Längt vun 350 m aus der Eisenzäit. Aus der Réimerzäit staamt den Tumulus bei der Tonn.

Den Numm Fluessweiler besteet zanter 1783. Virdrun fënnt een och d'Nimm Wilre, Flaiswiler, Vlaisswilre, Flasswilre, Flazweiler. Den Numm Fluess kënnt dohir, datt hei Fluess ugebaut gouf.

Den éischte Paschtouer gouf 1360 ernimmt.

D'Par Fluessweiler ënnerstoung der Abtei Iechternach a war géint 768 ënner dem Numm Wilre verflicht bei der Iechternacher Sprangpressessioun matzemaachen. Bis 1858 Menster och zur Par Fluesweiler gehéiert.

Fluessweiler a Menster hu sech laang ëm de Widdebierg gestridden. An engem Prozess vum 5. Juni 1616 ass de Bësch um Widdebierg tëschent den Uertschaften opgedeelt ginn.

Zanter 1845 gouf et eng Schoul am Duerf an zanter 1868 och eng Schoul fir Meedercher.Zanter 1972 ginn d'Kanner op Dräibuer an d'Grondschoul.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Fluessweiler – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. FLAXWEILER. Geschichtlicher und kultureller Überblick. Gekuckt de(n) 3.8.2023.