Tumulus bei der Tonn

Vu Wikipedia
Tumulus bei der Tonn
Typ Tumulus
Land Lëtzebuerg
Gemeng Fluessweiler
Koordinaten 49° 39’ 22’’ N
      06° 21’ 13.21’’ O

Den Tumulus bei der Tonn[1] ass e réimescht Hiwwelgraf aus dem 4. Joerhonnert, am Flouer bei der Tonn an der Gemeng Fluessweiler.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Den Tumulus läit op enger Héicht vun 285 m. an der Sektioun Buchholz vun der Gemeng Fluessweiler, ronn 1.400 m südëstlech vu Fluessweiler, direkt niewent dem CR122 dee vu Fluessweiler op Dräibuer leeft.

Den Tumulus louch op der Kräizung vun zwéi Kiemen, deemno eng gutt Plaz fir dichteg réimesch Feldhären ze begruewen, well d'Graf vu jidderengem gesi gouf, ob e vu Westen iwwer de Kiem vu Reims an Arel oder vu Süden iwwer dee vu Metz an Duelem op Fluessweiler koum, vu wou aus eng gemeinsam Streck iwwer Tréier op Köln gelaf ass.

50 m nërdlech vum Tumulus leeft d'Donwer Baach.

Geschicht[2][änneren | Quelltext änneren]

Den Tonn[3] ass mat enger Héicht vun 8 m an engem Ëmfang vun 30 m de gréisste Grafhiwwel am Land. Den Zougank an d'Grafkummer grad wéi d'Grafkummer selwer sinn zesummegefall, den Hiwwel besteet deemno aus zwéin Deeler. Am Joer 1809 – wéi den Tumulus nach intakt war – goufe bei Ausgruewungen an enger rechteckeger Grafkummer sechs Nischen entdeckt an deenen d'Réimer begruewe waren. Och e puer bronze Figuren a Behälter koumen zum Virschäin. Eng 500 m méi wäit, mëtten am Bësch, ginn et eng Dose méi kleng Grafhiwwele vu ronn 1 m héich.

De Lëtzebuerger Staat huet d'Parzell op dem den Tumulus läit uganks vum 20. Joerhonnert kaaft an den Tumulus steet zanter dem 11. Abrëll 2018 um Inventaire supplémentaire des monuments nationaux.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Tumulus bei der Tonn – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. de Flouernumm um Geoportail ass bei der Tonn, et gëtt awer och alt op der Tonn, geleeëntlech och Tomm gesot.
  2. Quell vum Artikel wou net anescht uginn: Colbach, Kieffer an der Literatur
  3. vum Laténgeschen tumumus (Hiwwel) oder tumba (Graf)