Kiem




E Kiem oder eng Réimerstrooss ass eng Strooss, déi an der Zäit vun der Réimescher Republik an dem Réimesche Räich gebaut a bedriwwe gouf. De Reseau vun de Kiemen huet am Ganzen 80.000 bis 100.000 Kilometer ëmfaasst[1]. Den éischten Deel vum Netz gouf am Joer 312 v. Chr. als en Deel vun der Via Appia (ursprénglech vu Roum op Capua) fäerdeg gebaut.
Bis haut sinn Dausende Kilometer dovun, déi queesch duerch Europa lafen, erhalen.
Bauweis
[änneren | Quelltext änneren]D'Kieme waren eng Neiheet a Mëtteleuropa. Wéinst hirem stroossentechneschen Opbau waren se – am Géigesaz zu den natierleche Weeër vun de Germanen oder de Kelten – net nëmme gréisstendeels praktikabel, onofhängeg vun der Buedemfiichtegkeet, mä sinn och meeschtens an enger riichter Linn a mat just relativ liichte Steigungen duerch d'Landschaft gaangen. Op de Strecken duerch d'Bierger goufe Stëtzmaueren a Brécke gebaut. D'Stroosse goufen no enger definéierter Struktur befestegt, woubäi déi eenzel Baumaterialie jee no der regionaler Disponibilitéit variéiert huet.

1 Natierlech gewuessene Buedem, flaach gemaach a fest gedréckt
2 Statumen: fauschtgrouss Steng
3 gebrache Steng, Zement a Leem
4 Nucleus: nossgrousse Kisel, Zementstécker, Steesplitter a Leem
5 Dorsum oder agger viae: déi bombéiert Uerwerfläch (media stratae eminentia) aus Hasteng, Silex oder Basalt oder stenge Quaderen, jee no Géigend. D'Form vun der Uewerfläch mécht, datt d'Reewaasser ofleeft an déi ënnescht Schichten dréche bleiwen
6 Crepido, margo oder semita: méi héich geluechte Fousswee, béidsäiteg vun der Strooss
7 Bordür
Prinzipiell kann een tëscht dräi Zorte vu Stroossen ënnerscheeden:
- D'Via publica (Staatsstrooss) war eng Haaptstrooss déi vun der Réimescher Verwaltung op Käschte vun der Staatskees geplangt a gebaut gouf. Dës Stroosse goufe vun Zaldoten, Zwangsaarbechter a Prisonéier gebaut. D'Via militaris (Militärstrooss) huet sech duerch strateegesch a logistesch Iwwerleeunge charakteriséiert. Och déi gouf vum réimesche Staat geplangt a gebaut.
- D'Via vicinalis (Provënzstrooss) gouf, wéi den Numm et scho seet, vun de Provënze gebaut an ënnerhalen.
- D'Via privata (Privatstrooss) huet eng besonnesch wichteg Roll an der réimescher provënzieller Geschicht gespillt, well se d'Häff mat den ziville Siidlunge verbonnen huet.
Laanscht de Kieme stoungen dacks Meilesteng „Miliaria“ (Enz. Miliarium), fir sech kënnen z'orientéieren.
Kiemen zu Lëtzebuerg an Ëmgéigend
[änneren | Quelltext änneren]Laf vun de Kieme par rapport zu den haitegen Uertschaften a Plazen:
Haaptstrecken
[änneren | Quelltext änneren]Durocortorum – Orolaunum – Augusta Treverorum
[änneren | Quelltext änneren]D'Haaptstrooss déi vu Reims (Durocortorum) iwwer Arel (Orolaunum) op Tréier (Augusta Treverorum) gefouert huet, ass bei Stengefort op den Territoire vum haitege Groussherzogtum komm an ass du laanscht de Wandhaff a Capelle bei de Vicus bei Mamer (Mambra[2]) gelaf. Vun do aus goung s'iwwer den Tossebierg, duerch Stroossen an d'Stad Lëtzebuerg.
An der Stad goung d'Streck duerch de Kräizgrënnchen, d'Arsenalstrooss[3], d'Groussgaass, de Krautmaart an d'Waassergaass op de Fëschmaart. Vu do aus goung et virun duerch d'Schéieschlach an de Pafendall, iwwer d'Uelzecht, duerch d'Sichegasss an d'Vaubanstrooss an dann d'Hiel erop op de Weimeschhaff[4]. Iwwer de Kierchbierg ass de Kiem op de Sennengerbierg an op Nidderaanwen (Andethanna) gelaf a weider a Richtung Oste bis op de Widdebierg an der Géigend vu Menster, wou en op en anere Kiem getraff ass, dee vu Metz (Divodurum Mettis) erop gefouert huet[5].
Vum Widdebierg goung de Kiem iwwer de Potaschbierg, duerch Waasserbëlleg, iwwer d'Sauer an dann duerch Igel bis op Tréier[6][7].
Divodurum Mettis – Augusta Treverorum
[änneren | Quelltext änneren]Et war en Deel vun enger vun den Agrippa-Stroossen. Vu Metz (Divodurum Mettis) aus koum se tëscht Uespelt an Altwis op lëtzebuergescht Gebitt an ass vun do aus iwwer Fëlschdref op de Vicus Ricciacus bei Duelem gelaf. S'ass vun do aus laanscht Méideng, Mutfert, Éiter a Schëtter bis op de Widdebierg (Menster) gelaf, wou s'op de Kiem vu Reims gestouss ass[7].
Eng Alternativstreck ass vun Duelem aus op Stadbriedemes gaangen, iwwer d'Musel op Palzem, a vun do aus bei d'Helenenkreuz an der Géigend vu Bilzingen. Do ass s'op dee Kiem gestouss, dee vu Metz aus ëstlech vun der Musel op Tréier goung.[8]
Niewestrecken (Auswiel)
[änneren | Quelltext änneren]Atuatuca Tungrorum – Augusta Treverorum
[änneren | Quelltext änneren]Vun Tongeren (Atuatuca Tungrorum) aus ass eng Niewestreck (Diverticulum) vum Kiem fir op Köln (Colonia Claudia Ara Agrippinensium) iwwer Theux a Richtung Lëtzebuerg gelaf a koum an der Géigend vu Beesslek (Belsonacum) op den Territoire vum haitege Lëtzebuerg[9]. De Kiem ass laanscht Duerscht, Dikrech[10], Bettenduerf, Hiefenech a Reiland[11] gelaf, a bei Chrëschtnech op dee gestouss, dee vun Tënnen erbäi koum; den Trajet ass du viru gaange bis op d'Schanz, engem Kräizungspunkt vun de Réimerstroossen Tongeren – Tréier a Reims – Tréier.
Bagacum Nerviorum – Tintange – Augusta Treverorum
[änneren | Quelltext änneren]Vu Bavay (Bagacum Nerviorum) iwwer Tënnen an Ettelbréck bis an d'Géigend vu Chrëschtnech, wou de Kiem sech mat deem trëfft dee vun Tongeren an duerch d'Éislek erfort kënnt.
Orolaunum – Tëtelbierg – Divodurum Mettis
[änneren | Quelltext änneren]Arel (Orolaunum) – Tëtelbierg – Metz (Divodurum Mettis).
Marcomagus – Epternacus – Andethanna
[änneren | Quelltext änneren]Marcomagus (tëscht Marmagen an Nettersheim, Krees Euskirchen) – Iechternach (Epternacus) – Nidderaanwen (Andethanna).
Erënnerung
[änneren | Quelltext änneren]An enger Rëtsch Uertschaften zu Lëtzebuerg erënneren Odonymmen un e fréiere Kiem[12]:
- Am Kiem, Um Kiem oder Rue du Kiem a 16 Uertschaften;
- Réimerwee an 8 Uertschaften;
- Rue, Val oder Cité des Romains an 31 Uertschaften.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Kiem – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Reseau vun de Kiemen op itiner-e.org
- Die Römerstrasse Reims - Trier. In: Hémecht, 25. Jg., nº Heft 4 (01.10.1973), p. 510.
- Die Römerstraßen. In: Revue, 22. Jg., nº 45 (05.11.1966), p. 54.
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Reinhold Reck: Kommunikation und Gemeindeaufbau. Eine Studie zu Entstehung, Leben und Wachstum paulinischer Gemeinden in den Kommunikationsstrukturen der Antike (= Stuttgarter biblische Beiträge. Band 22). Katholisches Bibelwerk, Stuttgart 1991, S. 82: über 90.000 km; Werner Heinz: Reisewege der Antike. Unterwegs im Römischen Reich. Stuttgart, Theiss 2003, S. 115: 80.000 bis 100.000 km.
- ↑ (de) C. ZUSAMMENFASSUNG UND BEDEUTUNG S. 46. Hémecht. 1975 Année du patrimoine architectural (Digitised by the National Library of Luxembourg). Gekuckt den 08.11.2025.
- ↑ (de) Römerstrasse in der Hauptstadt freigelegt S. 5. Luxemburger Wort, 111. Jg., n° 230 (Digitised by the National Library of Luxembourg) (18.08.1958). Gekuckt den 08.11.2025.
- ↑ (de) Das Straßenbauwesen in früheren Zeiten S. 4. Luxemburger Wort, 1943. Jg., nº 203 (Digitised by the National Library of Luxembourg) (22.07.1943). Gekuckt den 08.11.2025.
- ↑ (fr) Les cinq villages. www.betzdorf.lu. Gekuckt den 08.11.2025.
- ↑ (de) Die Römerstraßen S. 54. Revue, 22. Jg., nº 45 (Digitised by the National Library of Luxembourg) (05.11.1966). Gekuckt den 08.112025.
- ↑ 7,0 7,1 (de) RICCIACUS—DALHEIM S. 54. T'Hémecht (Digitised by the National Library of Luxembourg). Gekuckt den 08.11.2025.
- ↑ (de) Römerstraße Trier-Metz – Altstrassen. Gekuckt den 08.11.2025.
- ↑ (fr) Christophe Burgeon, "Le tracé et le rôle joué par la voie romaine reliant Reims à Cologne sous les Julio-Claudiens", GSHA, 75, 2016 S. 4-5. Gekuckt den 08.11.2025.
- ↑ (de) Dorscheid S. 13. Revue, 6. Jg., nº 44 (Digitised by the National Library of Luxembourg) (28.10.1950). Gekuckt den 08.11.2025.
- ↑ (de) Heffingen und Reulan S. 8. d'Letzeburger Land, 32. Jg., nº 22 (Digitised by the National Library of Luxembourg) (31.05.1985). Gekuckt den 08.11.2025.
- ↑ Registre national des adresses. www.services-publics.lu. Gekuckt den 08.11.2025.