Rob Kieffer
Ausgesinn
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Rob Kieffer | |
---|---|
Gebuer | 23. Oktober 1957 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Fotograf |
De Robert Kieffer, genannt Rob Kieffer a gebuer den 23. Oktober 1957, ass e lëtzebuergesche Journalist, Fotograf an Auteur. Hie war Direkter vun den Éditions Guy Binsfeld.
Hie schreift Reesreportagen ë. a. fir d'Frankfurter Allgemeine Zeitung an Die Zeit an ass Coauteur vu Bicher a Guiden iwwer lëtzebuergesch Landschaften a Stied. Ufank den 1990er Jore war hien donieft och Chefredakter vun der Zäitschrëft Voilà Luxembourg.[1]
Hien huet Bicher an Ausstellunge mat Fotoe vu Lëtzebuerg an dem Saarland gemaach, déi aus engem Waarmloftballon geholl goufen.
Hien ass de Brudder vum Schrëftsteller Georges Kieffer a wunnt mat senger Famill zu Bech.
Wierker
[änneren | Quelltext änneren]- Region Müllerthal – 80 Erlebnisorte, 2024. Verlag: Éditions Ernster, Luxemburg, 191 Seiten. ISBN 978-2-919892-44-0
- Franséisch Ausgab, 2024: 80 sites à découvrir. Région Mullerthal. 191 pages. Traduction: Manu Aruldoss. ISBN 978-2-919892-45-7
- Englesch Ausgab, 2024: 80 Places for Adventure. Mullerthal Region. 191 pages. Translation: Carsten Charlier, David Crowther. ISBN 978-2-919892-47-1
- Das Saarland aus dem Heißluftballon / La Sarre en montgolfière / The Saarland by Hot Air Balloon. (Text vum Klaus Brill). Éditions Guy Binsfeld. 2008.
- Luxembourg. Im Heißluftballon - En Montgolfière - By Hot Air Balloon. Éditions Guy Binsfeld 2005.
- Büßer, Bürokraten und Bierologen. Belgische Eskapaden. 2000.
- La Moselle luxembourgeoise et son arrière-pays/ Die Luxemburger Mosel und ihre Hinterland/ The Luxembourg Moselle and its back country (mam Romain Kohn, Jean Portante, Bob West). Luxembourg: Éditions Guy Binsfeld, [s.d.].
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Artikel "Personalien - Rob Kieffer" am Lëtzebuerger Land vum 2. August 1991, Säit 2