Saarland

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Saarland
Fändel Wopen
Fändel vum Saarland Wope vum Saarland
Basisdaten
Haaptstad: Saarbrécken
Fläch: 2.568,70 km²
Awunner: 1.038.500 (30. September 2007)
Bevëlkerungsdicht: 404 Awunner/km²
Politik
Stëmmen am Bundesrat: 3
Ministerpresident: Tobias Hans (CDU)
Parteien an der Regierung: CDU, SPD
Sëtzverdeelung am Landtag
(51 Sëtz):
CDU 24
SPD 17
Die Linke 7
AfD 3
Lokalisatioun
Bundesland Saarland am Südweste vun Däitschland
Saarlandkaart

D'Saarland (Ofkierzung: DE-SL) ass e Bundesland am Südweste vun der Bundesrepublik Däitschland. Et grenzt u Rheinland-Pfalz, un Museldepartement an der franséischer Regioun Grand Est an u Lëtzebuerg. Zesumme mat der fréierer franséischer Regioun Loutrengen, Rheinland-Pfalz, der belscher Regioun Wallounien a Lëtzebuerg bilt d'Saarland d'Groussregioun Saar-Lor-Lux.

Saarbrécken ass d'Landeshaaptstad vum Saarland.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

D'Saarland erstreckt sech vum südlechen Deel vum Hunsrück am Norden bis op de Warndt an d'Bliesdall am Süden, a vum Museldall am Westen bis op d'westleche Ausleefer vum Pfälzer Wald.

Déi héchst Bierger am Saarland si mat enger Héicht vu 694 Meter den Dollberg bei Nonnweiler a mat 694 m de Schimmelkopf bei Weiskirchen. Eng aner héich Kopp ass de Schaumberg bei Tholey.

Hydrographie[änneren | Quelltext änneren]

Déi gréisst Flëss sinn d'Musel, d'Saar an d'Blies wovun d'Blies de längsten um Gebitt vum Land ass. Aner gréisser Waaserleef sinn d'Prims, d'Nied, d'Nahe an d'Rossel.

Et gëtt gëtt och en etlech Séien am Saarland wouvun déi gréisst de Bostalsee, den Dillinger See an de Stauséi vun der Primstalspär sinn.

Politik[änneren | Quelltext änneren]

Qsicon Achtung.svg 00De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net méi aktuell. Hëlleft w.e.g. mat, en nees op de leschte Stand ze bréngen.

D'Chrëschtlech Demokratesch Unioun (CDU) huet no de Wale vum 30. August 2009 déi éischt Jamaika-Koalitioun an engem däitschen Bundesland mat der Fräier Demokratescher Partei (FDP) an deene Gréng gegrënnt. Ministerpresident war bis am August 2011 de Peter Müller (CDU), duerno d'Annegret Kramp-Karrenbauer (CDU).

Landkresser am Saarland[änneren | Quelltext änneren]

Krees Verwaltungssëtz Fläch km² Awunner Kaart
(1) Landkrees Merzig-Wadern Merzig 555,12 103.520 Saarland, administrative divisions - de - colored.svg
(2) Landkrees Neunkirchen Ottweiler 249,21 134.099
(3) Regionalverband Saarbrécken Saarbrécken 410,62 326.638
(4) Landkrees Saarlouis Saarlouis 459,08 196.611
(5) Saarpfalz-Krees Homburg 418,52 144.291
(6) Landkrees St. Wendel St. Wendel 476,09 89.128

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Wmerge3.svg  Haaptartikel zu dësem Thema: Geschicht vum Saarland 

D'Saarland sou wéi et haut als Bundesland besteet gouf fir d'éischt 1919 ëmrass wéi beim Traité vu Versailles bei deem fir 15. Joer déi südlech Deeler vun der preisescher Rhäinprovënz, déi westlech Deeler vun der bayrescher Pfalz souwéi e klenge Wutz vum Fürstentum Birkenfeld als Saargebitt ënner Momperschaft vum Vëlkerbond koumen, a seng Kuelegrouwe vu Frankräich als Ersatz fir Krichsschued exploitéiert goufen. 1935 hunn iwwer 90 Prozent vun de Wieler fir den Uschloss un Däitschland gestëmmt a sou koum et nees bei d'Däitscht Räich. Dat war anengems dem Hitler säin éischte groussen aussepoliteschen Erfolleg.

D'Saarland am Drëtte Räich[änneren | Quelltext änneren]

D'Saarland an an nom Zweete Weltkrich[änneren | Quelltext änneren]

Am Zweete Weltkrich gouf d'Saarland, well vill Industrie do war, schwéier zerstéiert an nom Krich war et bis Enn 1956 en Deel vun der franséischer Besatzungszon, déi Kéier op engem Territoire deen e bësselche méi grouss war wéi dee vun 1920.

D'Amerikaner haten direkt nom Krich eng Zivilverwaltung a Form vun engem Regierungspresidium installéiert. Wéi am Juli 1945 franzéisch Truppen déi amerikanesch ofgeléist hunn, huet sech séier erausgeschielt, datt Frankräich dat Industriegebitt méi staark an de Grëff wollt kréien, a sech mat Annexiounsgedanke gedroen huet.

Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Saarland (1947 bis 1956)

D'Saarland no 1957[änneren | Quelltext änneren]

Den 1. Januar 1957 gouf d'Saarland e Land vun der Bundesrepublik Däitschland.


National Ofzeechen[änneren | Quelltext änneren]

D'National Ofzeeche sinn am Saarlänneschen Hoheitsgesetz vum 7. November 2001 definéiert.

Wopen[änneren | Quelltext änneren]

De Landeswope vum Saarland besteet aus dem Léiw vun Nassau, dem Kräiz vun Tréier, de loutrengeschen Adleren an dem Léiw vun der Pfalz. De Wopen erënnert sou un déi véier gréisst fréier Fürstentemer, aus deene Gebidder geholl goufe, fir schliisslech d'Saarland ze bilden:

  • de sëlwere Léiw vun der Grofschaft Saarbrécken,
  • d'rout Kräiz vum Kurfürstentum Tréier,
  • d'Alerione vum Herzogtum Loutrengen an
  • de gëllene Léiw vum Herzogtum Pfalz-Zweebrécken.

Fändel[änneren | Quelltext änneren]

Standart[änneren | Quelltext änneren]

Sigel[änneren | Quelltext änneren]

Schoulen[änneren | Quelltext änneren]

Saarbrécken ass déi eenzeg Universitéitsstad vum Land. D'Stad huet eng Universitéit, véier Fachhéichschoulen, eng Héichschoul fir Konscht an eng fir Musek an Theater.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Wolfgang Behringer & Gabriele Clemens, Geschichte des Saarlandes; München (Beck), 2009 (= 1. Oplo); ISBN 978-3-406-58456-5
  • Bruno Aust, Hans-Walter Herrmann & Heinz Quasten, Das Werden des Saarlandes - 500 Jahre in Karten; Publikatioun vum "Institut für Landeskunde im Saarland"; Band 45 (349 S.); Saarbrécken, 2008.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Saarland – Biller, Videoen oder Audiodateien