Saargebitt

Vu Wikipedia
Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Saargebitt war vum 10. Januar 1920 bis den 1. Mäerz 1935, deen Deel vu Westdäitschtland op der Grenz mat Frankräich, dee wéi et am Traité vu Versailles vun 1919 festgehale war als Krichschuedersatz fir d'Zerstéierung vun de Kuelegrouwen an Nordfrankräich, fir 15 Joer als Vëlkerbondsmandat soll u Frankräich goen.

An där Zäit konnt Frankräich all d'Kuelegrouwen op deem Territoire exploitéieren sou wéi en am Artikel 48 beschriwwe gouf. Däitschland huet zu Gonschte vum Vëlkerbond als Momper op d'Regierung vun deem Gebitt verzicht an no deene 15 Joer sollt iwwer e Referendum festgestallt ginn ënner watereng Souverainitéit d'Bevëlkerung sech stelle wollt.

Vun 1922 u gouf et e Lokalparlament (Landesrat) mat begrenzte Vollmuechten.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Maria Zenner, Parteien und Politik im Saargebiet unter dem Völkerbundsregime 1920-1935, Köln 1966, S. 316-317
  • Dieter Muskalla, NS-Politik an der Saar unter Josef Bürckel, Saarbrücken 1995, S. 46-48
  • Markus Gestier, Die christlichen Parteien an der Saar und ihr Verhältnis zum deutschen Nationalstaat in den Abstimmungskämpfen 1935 und 1955, Saarbrücken 1991
  • Sarah Wambaugh, Plebiscites Since the World War, Washington 1933, Bd. 1 411-441, Bd. 2 491-540

Quellen[änneren | Quelltext änneren]