Op den Inhalt sprangen

Tumulus

Vu Wikipedia
Hiwwelgraf aus der Eisenzäit bei Hochdorf an der Enz an Däitschland
Réimescht Hiwwelgraf "Tonn" bei Fluessweiler

En Tumulus (laténgesch: tumulus Koup Buedem, Hiwwel, Grafhiwwel; Méizuel: Tumuli), ass e Grafhiwwel oder en Hiwwelgraf. Et handelt sech ëm en opgeschotte Koup Buedem ënner deem souwuel eng Läich wéi och d'Äsche vun engem Doudegen (an enger Urn oder a Form vu Läichebrand) kënne begruewe sinn.

Tumuli zu Lëtzebuerg

[änneren | Quelltext änneren]

De Paul Modert[1], deen op ronn 4000 ha Bësch vun 8 Gemengen am Oste vum Land zirka 300 där Hiwwele vu verschiddenen Dimensioune fonnt huet, datéiert s'an déi eeler Eisen- oder sougenannt Hallstattzäit.

De Jean Engling[2] hat an de Joren 1851-54 eng Lëscht vun de réimeschen Tumuli zu Lëtzebuerg opgestallt:

Plazeweis ginn net wäit dovun al Weeër laanscht, wéi beim Tumulus op der Schanz oder bei dem bei der Tonn genannten Hiwwelgraf bei Fluessweiler, dat aus der Réimerzäit staamt.

  • Ebel, W., Die römischen Grabhügel des ersten Jahrhunderts im Treverergebiet (Band 12, Marburger Studien zur Vor- und Frühgeschichte).
  • P. V. Glob: Vorzeitdenkmäler Dänemarks. Neumünster 1968 S. 169ff.
  • Engling, Jean, 1851-53. "Die Römertumuli im Grossherzogthum Luxemburg". In: Institut grand-ducal, 1851-53. Publications de la Section historique de l'Institut grand-ducal de Luxembourg N° 7-9. V. Bück, Luxembourg.
Commons: Tumuli – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Paul Modert, Vor- Und Frühgeschichte Luxemburgs.(Luxemburg: P. Worré-Mertens, 1947), 31 - 34
  2. Jean Engling, Die Römertumuli im Grossherzogthum Luxemburg, PSH 7 (1852), 88-120; PSH 8 (1853), 62-65; PSH 9 (1854), 23-27