Uewerwampech

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Uewerwampech
Uewerwampech 0001.jpg
Uewerwampech
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Oberwampach
de: Oberwampach
Land Lëtzebuerg
Kanton Klierf
Gemeng Coat of arms wincrange luxbrg.png Wëntger
Buergermeeschter Marcel Thommes (CSV)
Awunner 194 (18.11.2008)
Fläch 191 ha
Koordinaten 50° 00’ 56’’ N
05° 51’ 27’’ O

Uewerwampech ass eng Uertschaft an der Gemeng Wëntger. D'Uertschaft läit am Nordweste vu Lëtzebuerg op der belscher Grenz op enger Héicht vu ronn 400 m, am Dall vun der Wemperbaach.

Op Uewerwampech kënnt een iwwer den CR329 vun Nidderwampech a vun Déierbech aus, an iwwer de Kiemel vu Longvilly an der Belsch.

Déi héchst Punkte vun der Uertschaft si südlech vum Duerf am Bësch Wald mat 502 m (ouni weidere Flouernumm) a mat 501 m op Uessemuergen. Déi déifst Plaz ass mat 402 m op der Grenz mat Nidderwampech am Dall vun der Wemperbaach, bei der Pompelstatioun, do wou d'Lingserbaach an d'Wemperbaach leeft.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Bis zur Grënnung vun der neier Gemeng Wëntger den 1. Januar 1977 huet déi fréier Gemeng Uewerwampech zum Kanton Wolz gehéiert.

Fréier Gemeng Uewerwampech[änneren | Quelltext änneren]

Uewerwampech war bis zur Fusioun vum 1. Januar 1978 mat de Gemengen Aasselbur, Béigen an Helzen eng eegestänneg Gemeng am Kanton Klierf.

Déi fréier Gemeng hat eng Fläch vun 2.968,4837 ha.

Uertschaften a Lieu-diten an der fréierer Gemeng [1][änneren | Quelltext änneren]

Ausser Uewerwampech hu folgend Uertschaften zu der fréierer Gemeng gehéiert:

Duerfveräiner[änneren | Quelltext änneren]

Zu Uewerwampech sinn zwéi Veräiner:

  • de Jugendclub "Les Mousquetaires Uewerwampich"
  • d'Chorale "Ste. Cécile"

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Uewerwampech – Biller, Videoen oder Audiodateien
  • D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.