Lingserbaach
D'Lingserbaach[1] ass eng Baach an der belscher Provënz Lëtzebuerg, wou se Ruisseau de Longvilly[2] heescht, an am lëtzebuergesche Kanton Klierf.
Si entsteet aus dem Zesummelaf vun zwou Baachen eng ronn 500 Meter ëstlech vun Al Hé a fléisstt vun do aus a südlecher Richtung laanscht La Savagière an Arloncourt, wou se duerch e Suppegebitt leeft, an deem e puer kleng Baachen derbäikommen. Op der Héicht vum Calvaire vu Longvilly stéisst se op Nationale 874 a leeft da ronn 500 Meter laanscht déi weider no Osten, fir dann d'Direktioun no Südosten ze wiesselen an ëener der Strooss erduerch ze lafen. Et geet da weider laanscht Longvilly a Richtung belsch-lëtzebuergesch Grenz. Nodeem se déi bei der Gossemaark LB240 passéiert huet, leeft se 700 Meter méi déif tëscht Uewerwampech an Nidderwampech op enger Héicht vu 402 Meter an d'Wemperbaach.