Aasselbuer
| Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Uertschaft Aasselbuer an der Gemeng Wëntger. Fir Uesper (offiziell Asselbur), kuckt wgl. Uesper. |
| Aasselbuer Aasselburren | |
|---|---|
|
D'Kierch vun Aasselbuer | |
| An anere Sproochen |
fr: Asselborn de: Asselborn |
| Land | Lëtzebuerg |
| Kanton | Klierf |
| Gemeng |
|
| Buergermeeschter | Lucien Meyers (CSV) |
| Awunner | 454 |
| 1. Januar 2024 | |
| Fläch | 763 ha |
| Héicht | 480 m |
| Koordinaten |
50° 05’ 46’’ N 05° 58’ 19’’ O |
|
| |
Aasselbuer, Aasselburren bei den Awunner[1], ass eng Uertschaft an der Gemeng Wëntger.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]Aasselbuer läit op engem Éisleker Plateau op enger Héicht vu ronn 470 Meter. Ronderëm d'Uertschaft ass eng fräi Gewan mat Wisen a Felder, am Süden dovun zitt sech vu Westen no Osten eng Sträif mat Bëscher an Hecken, déi um ieweschte Bord vum Hank stinn, deen op d'Aasselbuerer Millen an op den Dall vun der Trëtterbaach erof geet. Den héchste Punkt vun der Uertschaft ass mat 491 Meter en trigonometresche Punkt um Flouer Rigdescht op der Sektiounsgrenz mat Saassel. Den niddregste Punkt ass mat 400 Meter am Dall vun der Trëtterbaach, do wou déi den Territoire vun der Uertschaft verléisst.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Zu Aasselbuer gouf et fréier d'Poststatioun vun Aasselbuer, déi eelst bekannt Poststatioun aus dem Land, vun där d'Gebai nach deelweis erhalen ass.
Aasselbuer war bis den 31. Dezember 1977 Chef-lieu vun der Gemeng Aasselbuer. Den 1. Januar 1978 gouf duerch Fusioun vun de Gemengen Aasselbuer, Béigen, Helzen an Uewerwampech déi nei Gemeng Wëntger gegrënnt, zu där d'Uertschaft Aasselbuer zanterhier gehéiert.
Verkéier
[änneren | Quelltext änneren]Aasselbuer ass un d'Stroossennetz ugeschloss iwwer d'N12 tëscht Wolz an Ëlwen, an den CR334, deen op Saassel féiert, a vun deem am Dall vun der Trëtterbaach den CR373 op Boxer fortgeet.
Kuckeswäertes
[änneren | Quelltext änneren]- Parkierch vun Aaasselbuer
- Déi al Millen op der Trëtterbaach
- De Biotop um Tipp vun de fréiere Leekaule laanscht d'Trëtterbaach tëscht der Éimeschbaach an der Aasselbuerer Millen.
- De fréiere Relais postal
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- La traversée des pays et des âges, e belsch-lëtzebuergesche Wanderwee deen duerch Aasselbuer féiert
- Schéifermisch vun Aasselbuer
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëtzebuerger Kantonen
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Aasselbuer – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Offiziell Säit vun der Gemeng Wëntger
- Syvicol
- Fusiounsgesetz vun der neier Gemeng Wëntger: Loi du 31 octobre 1977 portant fusion des communes de Asselborn, Boevange/Clervaux, Hachiville et Oberwampach
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Lëscht vun den Uertschaften a Lieu-diten zu Lëtzebuerg. CPLL - Conseil permanent de la langue luxembourgeoise Archivéiert den 11.08.2020. Gekuckt de 14.06.2020.
