Kierch Aasselbuer
| ||||
|---|---|---|---|---|
Filialkierch vun Aasselbuer (2013) | ||||
| Uertschaft / Plaz | Aasselbuer | |||
| Par | Wëntger Sainte-Famille | |||
| Dekanat | Norden | |||
| Numm / Patréiner | Hl. Péitruss a Paulus | |||
| Koordinaten | 50° 05’ 44.8’’ N 05° 58’ 20.0’’ O | |||
| Kierchen - Kapellen | ||||
D'Kierch zu Aasselbuer ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Wëntger Sainte-Famille, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Wëntger gehéiert.
D'Patréiner vun der Kierch sinn déi Helleg Péitruss a Paulus, deenen hiert Fest den 29. Juni gefeiert gëtt.
D'Kierch steet am Zentrum vum Duerf an der Fissgässen a ronderëm se ass de Kierfecht ugeluecht. Um Kierfecht ass de Monument aux morts fir d'Affer vum Zweete Weltkrich.
Den 3. Oktober 2025 gouf s'als national Kulturierfschaft klasséiert.[1]
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Bis de 7. Mee 2017 war et d'Parkierch vun der Par Aasselbuer, déi zum Parverband Ëlwen, Wäiswampech, Wëntger, zu der Pastoralregioun Norden an zum Dekanat Clierf gehéiert huet. Zur fréierer Par Aasselbuer huet ausser der Parkierch vun Aasselbuer och nach d'Kapell vu Rëmeljen an d'Kapell vu Saassel gehéiert.
Klacken
[änneren | Quelltext änneren]D'Aasselbuerer Kierch huet 3 Klacken, déi ënnert der Dispositioun c' ' d' ' a', och do re a la genannt, lauden. Si sinn aus Bronze gegoss.
Uergel
[änneren | Quelltext änneren]An der Kierch steet eng Uergel déi 1896 vum Kaploun Schmitz vu Wolz gebaut gouf. Se gouf 1934 vun der Manufaktur Georg Haupt ëmgebaut a vergréissert an 1984 vum Herbert Schmidt renovéiert.[2]
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Uergel an der Kierch vun Aasselbuer.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Kierch Aasselbuer – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Websäit vun der Par Wëntger Sainte-Famille
- D'Fënstere vun der Kierch vun Aasselbuer op der Websäit vun der Stiftung Forschungsstelle Glasmalerei des 20. Jh. e. V. (de)
- D'Uergel vun der Kierch op Orgues.lu
- D'Kierch vun Nordoste gesinn
- D'Kierch vun Oste gesinn
- Agank vun der Kierch
- Monument aux Morts nieft der Kierch
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 24. Abrëll 2026).
- ↑ Asselborn, Aasselbur. www.orgues.lu. Gekuckt de 07.11.2025.