Bronze
Bronze ass en Alliage deen haaptsächlech aus Koffer an Zënn besteet. De Gehalt un Zënn deen tëscht 6 % a 17 % variéiere kann, hänkt dovun of firwat d'Bronze gebraucht gëtt. Heiansdo kënnen och nach Metaller wéi Zénk a Bläi a ganz niddrege Proportioune bäigemëscht ginn.
Bronze schmëlzt méi séier wéi Koffer, ass och méi haart a méi dicht. Se gëtt haaptsächlech gebraucht fir Moulagen ze maachen. D'Schmëlztemperatur vun der Bronze hänkt of vum Undeel vun de verschiddene Metaller.
D'Resistenz vun der Bronze ass am gréisste bei engem Zënngehalt vu 15 %, an hir gréissten Dicht huet se bei engem Undeel vun 28 %.
Bronze an der Mechanik
[änneren | Quelltext änneren]An der Mechanik gëtt Bronze haaptsächlech gebraucht fir Lagerkëssen oder soss Deeler ze bauen déi enger Reiwung ausgesat sinn, wéi z. B. Achsesupporten.
Den Zënngehalt vun der mechanescher Bronze läit tëscht 6 % an 18 %.
| Koffer | Zënn | Zénk | Bläi | |
|---|---|---|---|---|
| Lagerkëssen | 83 % | 17 % | 0 | 0 |
| Lagerkëssen | 82 % | 16 % | 2 % | 0 |
| Pompelzylinderen | 88 % | 10 % | 2 % | 0 |
| Pistonssegmenter | 84 % | 12 % | 0 | 4 % |
| Verzanungen | 80 % | 6 % | 14 % | 0 |
| Verzanungen | 94,4 % | 8,6 % | 0 | 0 |
Fir speziell Maschinnendeeler brauch ee gerengegt Bronze, och nach Phosphorbronze genannt. D'Mëschung vu sou Bronzen ass an der Moyenne: Koffer 86,40 %, Zënn 8,96 %, Zénk 4,20 %, Bläi 0,40 % a Phosphor 0,04 %.
Bei verschiddene Maschinnendeeler, wéi Verbindungsdeeler bei Lokomotiven an am Schëffsbau, gëtt Bronze gebraucht, an där tëscht 2 % an 10 % Mangan dran ass. Sou Bronze ass ganz haart, verdréit héich Temperaturen an huet en niddrege Verschläiss.
Fréier goufe bronzen Dréit gebraucht fir Telegraphen- an Telefonsleitungen. Fir déi Dréit ze maache gouf Silizium mat bäigemëscht. Doduerch krut een eng zimmlech puer Bronze, déi eng héich Festegkeet hat a gutt gezunn konnt ginn.
Aluminiumbronze ass ganz haart, homogeen, an huet eng grouss Festegkeet. Den Deel vum Aluminium kann tëscht 5 % a 15 % sinn. Déi Bronze gëtt fir Maschinnendeeler agesat, déi eng héich Aarbechtleeschtung hunn, a bei der Konstruktioun vu Prezisiounsapparaten.
Anere Gebrauch vun der Bronze
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Bronze – Biller, Videoen oder Audiodateien |