Gemeng Wëntger

Vu Wikipedia
Wëntger
Coat of arms wincrange luxbrg.png
Wincrange, Wëntger (103).jpg
Märei vu Wëntger
An anere Sproochen fr: Wincrange
de: Wintger
Land Lëtzebuerg
Kanton Klierf
Buergermeeschter Marcel Thommes (CSV)
Awunner 4.804
  1 Januar 2023
Fläch 11.366 ha[1]
Héicht 490 m
Koordinaten 50° 03’ 12’’ N
      05° 54’ 52’’ O
LAU-Code LU0502
Websäit https://wincrange.lu
Map Wincrange.PNG
D'Gemeng Wëntger (orange)
am Kanton Klierf (rout)

D'Gemeng Wëntger ass eng vun den 102 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Klierf. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Wëntger vun där se och hiren Numm huet.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Am Nord-Weste vum Éislek op engem Plateau tëscht 450 a 523 m am Kanton Klierf läit d'Gemeng Wëntger mat 27 Dierfer. Mat enger Fläch vun 113,68 km2, ass se flächeméisseg déi gréisst Gemeng am Grand-Duché. D'Gemeng grenzt am Norden un Ëlwen, am Nord-Osten u Wäiswampech, am Osten u Klierf am Süden u Wanseler a Wolz an am Westen un d'Belsch.

Uertschaften a Lieu-diten an der Gemeng[2][änneren | Quelltext änneren]

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng Wëntger ass den 1. Januar 1978 aus der Fusioun vun de Gemengen Aasselbuer, Béigen, Helzen an Uewerwampech entstanen[3]. Déi éischt 3 vun dëse Gemenge louchen am Klierfer Kanton, Uewerwampech huet zum Wëlzer Kanton gehéiert; déi nei Fusiounsgemeng gehéiert zum Kanton Klierf.

Bei där Fusioun, goufe 7 ha 88 a aus der Sektioun B vun Aasselbuer bei d'Gemeng Ëlwen geprafft.

D'Uertschaft Wëntger huet virun der Fusioun zur Gemeng Béigen gehéiert.

Odonymie[änneren | Quelltext änneren]

De 25. Februar 2019 kruten d'Stroossen an allen Dierfer vun der Gemeng Wëntger, als lescht am Land, offiziell Odonymmen. Virdrun hat all Haus nëmmen eng Nummer[4]. D'Nimm vun de Stroosse sinn all op Lëtzebuergesch an et gouf op déi lokal Aussprooch opgepasst. Sou heescht z. B. d'Haaptstrooss zu Kréindel an Hannerhaassel „Duarrefstrooss“ iwwerdeems et zu Helzen an Houfelt „Duärrefstrooss“ ass[5].

Entwécklung vun der Awunnerzuel[änneren | Quelltext änneren]

Quell:STATEC

Politik[änneren | Quelltext änneren]

An der Gemeng Wëntger gëtt nom Proporz-Walrecht gewielt.

De Gemengerot besteet aus 11 Conseilleren.

Zesummesetzung

Joer ADR CSV DP LSAP
2005 1 5 4 1
2011 1 5 2 3
2017 1 4 2 4

Quell: Inneministère / RTL.lu / elections.lu

Buergermeeschteren[änneren | Quelltext änneren]

Qsicon Ueberarbeiten.svg 00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Beschreiwung vum Wopen[änneren | Quelltext änneren]

D'or à la colonne à perron surmontée d'un globe sommé d'une croix, le tout de sable, au chef de gueules au cor contouré d'or accosté de deux fleurs de lis d'argent.

Interkommunal Syndikater[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng Wëntger ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:

Kuckeswäertes an der Gemeng[änneren | Quelltext änneren]

Bauerenhaff mat Kapell zu Weiler

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Wëntger – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. D'Donnéeën déi d'Fläch vun enger Gemeng oder enger Uertschaft betreffen, sou wéi s'an dësem Artikel stinn entspriechen deenen aus der Datebank vum Kadaster um Stand vum 25. September 2009.
  2. D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.
  3. Loi du 31 octobre 1977 portant fusion des communes de Asselborn, Boevange/Clervaux, Hachiville et Oberwampach. legilux.public.lu (01.12.1977). Gekuckt de(n) 19.07.2020.
  4. "Gemeinde führt erstmals Straßennamen ein." wort.lu, 17.02.209.
  5. Registre national des adresses. Administration du cadastre et de la topographie. Gekuckt de(n) 21.07.2020.