Lannen zu Diänjen
Déi véier Lannen zu Diänjen si Wanterlannen (Tilia cordata MILL.; tilleul à petites feuilles; Winterlinde) a sti vierum Baurenhaff Miller am südlechen Ausgank vun Diänjen. Déi véier Lannen, déi zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg gehéieren, stinn am Carré ronderëm en aalt Kräiz aus Schifer.
Et gëtt erzielt datt si 1714 geplanzt goufen (cf Quell 2002).
Den Haff Miller ass nom Pierre Miller genannt, ee vun de fréiere Proprietairen. De Pierre Miller war dee leschten aus enger Rei vun aacht Generatiounen a senger Famill deenen dat sougenannt Milleschgutt gehéiert huet, eng Propriétéit zu där och déi sougenannt Diänjer Millen, déi haut net méi besteet, gehéiert huet.
Quellen[änneren | Quelltext änneren]
- Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et forêts. Musée national d'histoire naturelle. Imprimerie centrale, 255 S. (Cf S. 116-117, Text a Foto).
- Administration des eaux et forêts, 1981. Arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Imprimerie Saint-Paul, Lëtzebuerg. 167 S. (Cf. S. 90-91, Text a Foto).