Bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
Arbres remarquables – 1981
Les arbres remarquables – 2002
Plackett fir op bemierkenswäert Beem
Les arbres introduits au Luxembourg – 2008
Broschür vun der Natur- a Bëschverwaltung 2008/2009.

Zu Lëtzebuerg gëtt den Ausdrock „bemierkenswäerte Bam“ ((fr) arbre remarquable) duerch eng Ännerung am Naturschutzgesetz vum 3. Mäerz 2022[1] definéiert. Dozou zielen deemno Beem, déi vu landschaftlechen, biologeschen, morphologeschen, dendrologeschen, historeschen oder commemorativen Interessi sinn.[2]

Eng Partie Beem, déi ë. a. duerch hiren Alter, hir Gréisst oder hir Plaz bemierkenswäert sinn, goufen iwwer d'Joren an enger 'offizieller' Lëscht vun de bemierkenswäerte Beem gefouert. Se goufen 1981 (Arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg) vun der Naturverwaltung (deemools Forstverwaltung) an duerno 2002 (Les Arbres remarquables) vun der Naturverwaltung zesumme mam Naturmusée publizéiert (cf. Literatur hei drënner). Eng drëtt Publikatioun (Les arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg) vun der Naturverwaltung, zesumme mat natur&ëmwelt asbl, ass 2023 erauskomm.

Aktuell(Stand: Januar 2024) ass d'Naturverwaltung am Gaang eng komplett nei Lëscht auszeschaffen, déi dann och ëffentlech zougänglech gemaach soll ginn.

Historique[änneren | Quelltext änneren]

  • 1883: éischten Opruff vum Jean-Nicolas Moes an der Zeitung Das Luxemburger Land iwwer bemierkenswäert Beem am Lëtzebuerger Land[3].
  • 1893: éischt Publikatioun, vum Ernest Faber (Alte Bäume), iwwer bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg[4].
  • 1907: e systemateschen Inventaire vun de bemierkenswäerte Beem vum E. Faber, mat Fotoen: Die Baumriesen des Großherzogtums Luxemburg[5].
  • 1940: déi däitsch Forstverwaltung léisst e kompletten (onverëffentlechten) Inventaire vun alle bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg opstellen.
  • 1957: eng Broschür vum Forstingenieur Paul Modert: Die verschwundenen Baumriesen des Luxemburger Landes.
  • 1962 an 1967: zwou Broschüre vum Paul Modert iwwer: Die Baumriesen des Luxemburger Landes, I. Teil (1962) an II. Teil (1967).
  • 1981: d'Forstverwaltung gëtt e Buch eraus mam Titel Arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg.
  • 1983: Luxemburg - seine sagenumwobenen Holzriesen vum Norbert Weins. Dëst Buch enthält eng Kompilatioun vun deenen Donnéeën, déi scho virdru verëffentlecht goufen.
  • 2002: e Buch vun der Forstverwaltung an dem Naturmusée (Les arbres remarquables) mat
- der Beschreiwung, der geneeër Plaz an der Foto vun deenen interessantste Beem aus dëser Rei;
- der Lëscht vun alle bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg, dorënner och déi déi als Monuments nationaux klasséiert sinn.
Zousätzlech ass vum Naturmusée e Logo entworf ginn, deen op zwou Placketten ze gesinn ass: eng Plackett mat der Indikatioun arbre classé, déi aner mat der Indikatioun arbre remarquable, fir (nach) net klasséiert Beem. Dës Plackett sollen op deene betreffende Beem ze fanne sinn (wat bis 2023 nëmme bei e puer Beem de Fall ass).
  • 2008: Les arbres introduits au Luxembourg, vum A. Welter, J. Turk a J. Trossen. Ferrantia 53, 111 S.
  • 2008: d'Forstverwaltung huet en neien Inventaire vun de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg an der Aarbecht.
  • 2009: Seltene einheimische Baumarten in Luxemburg. Maßnahmen zur Erhaltung und Förderung. Erausgi vun der Administration des eaux et forêts. 58 S. (13 Aarte gi beschriwwen. D'Broschür gëtt 2008 als Publikatiounsdatum un. Si gouf awer eréischt den 20. Mee 2009 virgestallt a vun do un ausgedeelt).
  • 2014: Publikatioun vun enger aktualiséierter Versioun vun enger Lëscht vun der Forstverwaltung (Stand: 20.10.2014)[6]
  • 2023: Arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg, erausgi vun der Naturverwaltung an natur&ëmwelt asbl, 251 S.[7]

Beem, déi nach stinn (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Eechen[änneren | Quelltext änneren]

Buchen an Hobichen[änneren | Quelltext änneren]

Lannen[änneren | Quelltext änneren]

Käschtebeem a Séisskäschtebeem[änneren | Quelltext änneren]

Platanen[änneren | Quelltext änneren]

Aner Beem[änneren | Quelltext änneren]

Gruppe vu Beem[änneren | Quelltext änneren]

Historesch Beem[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Administration des eaux et forêts, 1981. Arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Dréckerei Saint-Paul, Lëtzebuerg. 167 S. (Mat der offizieller Lëscht vun alle bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg).
  • Faber, Ernest, 1893. Alte Bäume. 36 S. Druck der St. Paulus-Gesellschaft, Lëtzebuerg.
  • Faber, E., 1907. Die Baumriesen des Großherzogtums Luxemburg in Wort und Bild: mit Erwähnung hervorragender ausländischer Riesenbäume. 67 S. J. Schroell, Diekirch.
  • Faber, E., 1913. Die Baumriesen des Grossherzogtums Luxemburg: In Wort und Bild mit Erwähnung hervorragender ausländischer Riesenbäume. 76 S. P. Worré-Mertens, Luxemburg. (Separatabzug aus der: Vereinsschrift der Gesellschaft Luxemburger Naturfreunde)
  • Faber, E., 1915. Merkwürdige Baumgestalten aus dem Grossherzogtum Luxemburg. Bull. Soc. Nat. luxemb. 25.1: 334-417 (PDF 5,6 Mb).
  • Faber, E., 1916. Merkwürdige Baumgestalten aus dem Grossherzogtum Luxemburg (Nachtrag). Bull. Soc. Nat. luxemb. 26: 241-245. (PDF 474 Kb)
  • Faber, E., 1920. Die Baumriesen des Grossherzogtums Luxemburg: In Wort und Bild mit Erwähnung hervorragender ausländischer Riesenbäume. Vermehrte Auflage. 95 S. Druck u. Verlag Franz Faber, Mersch.
  • Modert, Paul, 1965. Die Baumriesen des Luxemburger Landes. Lëtzebuerger Bauere-Kalenner. S. 78-85.
  • Moes, Jean-Nicolas, 1883. Fragekasten: Merkwürdige Bäume im Luxemburger Lande. Das Luxemburger Land, fascicule 25 - page 320.
  • Sinner J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S.
Mat enger kompletter Lëscht vun de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg, enger ausféierlecher Bibliographie zum Theema, an engem Bild vun deenen zwou Placketten déi op d'Beem komme sollen.
  • Weins, Norbert, 1983. Luxemburg - seine sagenumwobenen Holzriesen. Imprimerie Centrale, Lëtzebuerg, 210 S.
  • Welter, A., J. Turk & J. Trossen, 2008. Les arbres introduits au Luxembourg. 111 S. Ferrantia 53.
  • Murat, Danièle et al. 2023. Les arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. [3e parution revue et adaptée]. Diekirch: ANF. Print. ISBN 978-2-9199474-3-0

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. (fr)Loi du 3 mars 2022 portant modification de la loi du 18 juillet 2018 concernant la protection de la nature et des ressources naturelles. http://data.legilux.public.lu+(03.03.2022).+Gekuckt de(n) 31.01.2024.
  2. « arbre remarquable » : arbre présentant un intérêt paysager, biologique, morphologique, dendrologique, historique ou commémoratif
  3. Cf. Moes 1883 an der Literaturëscht:
    Fragekasten: Merkwürdige Bäume im Luxemburger Lande
    Wir lasen kürzlich im "Landwirth": "Beim Ausgange des Dorfes Berle bei Wiltz stehen drei alte ehrwürdige Linden, gepflanzt 1624. – Auf dem Banne von Munshausen steht ein Eichenbaum von mehreren hundert Jahren, den vieler Männer Arme nicht umspannen können, und der eine Höhle hat, in der zehn Männer stehen können [cf. Eechen zu Munzen]. Von diesem Baume und der ihn umgebenden Landschaft wurde voriges Jahr ein Bild aufgenommen für die in Brüssel erscheinende Illustration européenne. – Im Schloßpark zu Clerf befindet sich ein Tannenbaum von 4 Meter Umfang und zu Schimpach (Niederwampach) in der Wiese des Hrn. Servais eine Linde von 5 Meter Umfang." – Nach einem Schreiben des Hrn. Lehrers zu Berle steht bei dem Dorfe Wolflingen (Kanton Redingen) eine ungeheure, alte Buche, an welche sich eine schöne Geschichte knüpfen soll [cf. Buch op der Wolwener-Klaus].
    Könnte uns Jemand Aufschluß über letzere Geschichte geben ? Knüpfen sich keine historische Begebenheiten, Unglücksfälle oder Sagen und Legenden an obige Bäume ? Gibt es noch solcher merkwürdiger Bäume in unserem Lande ? Wir bitten alle unsere Leser und Freunde uns bei etwaigen Mittheilungen den Umfang, die ungefähre Höhe, sowie alle Einzelheiten, welche sich an dieselben knüpfen, beifügen zu wollen."
    Duerno sinn eng sëlleg Informatiounen iwwer bemierkenswäert Beem an der selwechter Rubrik "Fragekasten" publizéiert ginn.
  4. Een Deel vun dëse Beem besteet nach haut (Eech zu Heeschbreg; Eech um Bicherhaff; Willibrorduslannen zu Laaschent…) anerer sinn zanterhier verschwonnen (z. B. d'Mudderbuch am Juckelsbësch bei Mamer)
  5. Dës Publikatioun vum Ernest Faber gëtt an de follgende Joren e puermol nei ergänzt a publizéiert. Fir d'éischt gëtt dëst Wierk a Fortsetzungen op zwee Joer verdeelt (1912 an 1913) am Bulletin vun der Société des naturalistes luxembourgeois erausbruecht. Duerno ginn déi Deelartikelen zesummen als Separatum opgeluecht (cf. Faber 1913). 7 Joer drop kënnt eng erweidert Neioplo eraus (cf. Faber 1920).
  6. Lëscht op environnement.public.lu.
  7. D'lb-Wikipedia mat der Säit Bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg ginn an der Rubrik Bibliographie et sources gefouert; S. 250.
  8. Beim Raashaff, op der Kräizung vun de Stroossen, déi op Blaaschent an op Fëschbech (Miersch) féieren, stoung e Biergahorn. An den Nonzegerjore vum 20. Joerhonnert gouf en ewechgeholl.