Natur- a Bëschverwaltung
Natur- a Bëschverwaltung | |
---|---|
D'Récksäit vun der Natur- a Bëschverwaltung zu Dikrech | |
Natur- a Bëschverwaltung | |
Land | Lëtzebuerg |
Secteur | Bësch |
Leedung | Michel Leytem |
Verwaltungssëtz | Dikrech |
Adress | 81, avenue de la Gare L-9233 Dikrech |
Ënnersteet der/dem | Ministère fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit |
Gegrënnt | 1. Juli 2009 |
Um Spaweck | https://anf.gouvernement.lu/fr.html, https://anf.gouvernement.lu/de.html, https://anf.gouvernement.lu/en.html, https://anf.gouvernement.lu/lb.html |
D'Naturverwaltung (franz.: Administration de la nature et des forêts - ANF), ass eng staatlech Verwaltung zu Lëtzebuerg, déi zoustänneg fir d'natierlech Ëmwelt ass. Si ënnersteet dem Ministère fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit.
Dës Verwaltung ass aus der Forstverwaltung (Administration des eaux et forêts) ervirgaangen, déi den 1. Juli 2009 duerch d'Gesetz vum 5. Juni 2009 op Naturverwaltung ëmbenannt gouf[1].
D'Naturverwaltung huet hiert Haaptgebai zu Dikrech.
Missiounen
[änneren | Quelltext änneren]- Naturschutz, Erhale vun den natierleche Ressourcen, vun der Biodiversitéit a vun de Landschaften;
- Erhalen an nohalteg forstlech Verwalte vum ëffentleche Bësch[2];
- Promotioun vun enger nohalteger forstlecher Bewirtschaftung an de private Bëscher;
- Schutz an nohalteg Bewirtschaftung vum Wëld;
- Sensibiliséiere vun der Ëffentlechkeet an de Beräicher Natur a Bëscher;
- Iwwerwaachen a Police an de beräicher Naturschutz, Bëschschutz, Juegd a Fëscherei.
Centres nature et forêt
[änneren | Quelltext änneren]D'Naturverwaltung geréiert fënnef Centres nature et forêt, mat der Missioun iwwer den Naturschutz z'informéieren[3]. Vu jiddwerengem vun deene fënnef Zentre geet e Naturléierpad fort.
- Centre nature et forêt "Biodiversum" zu Remerschen
- Centre nature et forêt "Ellergronn" zu Esch-Uelzecht (Naturschutzgebitt Ellergronn)
- Centre nature et forêt "Mirador" zu Stengefort
- Centre nature et forêt "A Wiewesch" zu Manternach (Naturschutzgebitt Manternacher Fiels)
- Centre nature et forêt "Burfelt" um Buerfelt zu Ënsber
Organisatioun
[änneren | Quelltext änneren]D'Naturverwaltung ass follgendermoosse strukturéiert:
- Services de support
- Bureau central
- Service Affaires juridiques et Missions de police
- Service Communication et Sensibilisation
- Service Finances et Ressources humaines
- Service Informatique et Cartographie
- Service Gestion de projets et Quality Management
- Services conceptuels
- Service Autorisations
- Service Compensation
- Service Faune sauvage et Chasse
- Service Forêts
- Service Nature
- Services operationnels
- Arrondissement Centre-Est
- Arrondissement Centre-Ouest
- Arrondissement Est
- Arrondissement Nord
- Arrondissement Sud
2015 huet d'Naturverwaltung 410 Mataarbechter beschäftegt : 280 Aarbechter, 80 Fierschteren, 20 Ingenieuren a Biologen an 30 Bureausbeamten[3].
Geographesch Opdeelung
[änneren | Quelltext änneren]Den Territoire vu Lëtzebuerg ass a 64 Revéieren agedeelt, déi jeeweils vun engem Fierschter betreit ginn. Déi Revéiere sinn a fënnef Arrondissementer regroupéiert[4]:
- Arrondissement Nord mat 11 Revéieren:
- Haute-Sûre Sud, Grosbous, Haute-Sûre Nord, Rambrouch, Harlange, Hosingen, Wiltz, Clervaux, Wincrange, Kiischpelt, Weiswampach.
- Arrondissement Centre-Est mat 14 Revéieren:
- Berdorf, Tandel, Rosport-Mompach, Marscherwald, Rosport-Mompach, Beaufort, Consdorf, Larochette, Echternach, Vianden, Schieren, Medernach, Diekirch, Ettelbruck.
- Arrondissement Centre-Ouest mat 14 Revéieren:
- Boevange, Mersch/Ouest, Beckerich, Mersch/Est, Hobscheid, Steinsel, Steinfort, Kehlen, Lorentzweiler, Bissen, Mamer, Colmar-Berg, Redange, Préizerdaul.
- Arrondissement Est mat 15 Revéieren:
- Grünewald, Schengen, Flaxweiler, Wormeldange, Dalheim, Grevenmacher, Contern, Betzdorf, Grünewald, Niederanven, Senningerberg, Remich, Junglinster, Manternach, Biwer.
- Arrondissement Sud mat 12 Revéieren:
- Sanem, Differdange, Strassen, Luxembourg, Roeser, Clemency, Luxembourg, Dudelange, Bettembourg, Kayl, Leudelange, Esch/Alzette
D'Naturverwaltung am Laf vun der Zäit
[änneren | Quelltext änneren]Am Laf vun der Zäit huet den Numm vun der Verwaltung changéiert[5]:
- Administration forestière (Ordonnance royale grand-ducale vum 1. Juni 1840[6])
- Administration des eaux et forêts (Gesetz vum 7. Abrëll 1909[7])
- Administration de la nature et des forêts (Gesetz vum 5. Juni 2009[1])
Och den Titel vum Chef vun der Verwaltung gouf mat der Zäit ugepasst[5]:
- “maître forestier” (Ordonnance royale grand-ducale vum 1. Juni 1840)
- “garde général en chef” (Gesetz vum 14. November 1849[8])
- “inspecteur des eaux et forêts” (Gesetz vum 17. Mee 1874[9])
- “directeur” (Gesetz vum 7. Abrëll 1909[7])
D'Leit un der Spëtz vun der Forstverwaltung mat dem Joer vun der Nominatioun[10]:
- Bernhard Wilhelm Herget (1839)
- Charles Ernest Frédéric Dumont (1846)
- Jean-Pierre-Joseph Koltz (1879)
- Jean Pierre Stumper (1899)
- Jean Nicolas Badu (1904, Inspekter; 1909 Direkter)
- Jules Salentiny (1918)
- Hubert Bertrang (1922)
- Albert Augustin (1929)
- Victor Hippert (1937)
- Nicolas Obertin (1946)
- Guillaume Rischard (1954)
- Emile Gillen (1963)
- Paul Decker (1977)
- Edmond Lies (1991)
- Jean-Jacques Erasmy (2001)[11]
- Frank Wolter (2012)
- Michel Leytem[12] (2023)
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Bernard-Lesceux & F. Wolter (coord.), 2015. 1840-2015. Administration de la nature et des forêts. 175 Joer am Déngscht vu Mënsch an Natur. 244 S. Imprimerie Faber, Miersch. ISBN 978-99959-868-5-8
- Massard, J.A., 2015. Beitrag zur Geschichte der luxemburgischen Forstverwaltung: Bernhard Herget, “maître forestier” in Luxemburg, und dessen Nachfolger an der Spitze der Verwaltung Dumont, Koltz und Stümper. Online Publikation.
- Wolter, F., 2015. Aperçu de l'évolution historique de l'Administration depuis sa création en 1840. In: Administration de la nature et des forêts, 1840 - 2015: 175 Joer am Déngscht vu Mënsch an Natur. Luxembourg, Administration de la nature et des forêts, S. 141-189.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Natur- a Bëschverwaltung – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ 1,0 1,1 Loi du 5 juin 2009 portant création de l'Administration de la nature et des forêts - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 19.07.2021.
- ↑ Den ëffentleche Bësch, op Franséisch forêt soumise genannt, besteet aus Bëscher, déi dem Staat, de Gemengen, den ëffentlechten Etablissementer oder de Kierchefabrécken gehéieren
- ↑ 3,0 3,1 Rita Ruppert, 2015. "Administration de la nature et des forêts" besteht seit 175 Jahren. Luxemburger Wort vum 18. Juni 2015, S. 18.
- ↑ (en)Directory. anf.gouvernement.lu (15.02.2018). Gekuckt de(n) 09.07.2020.
- ↑ 5,0 5,1 Wolter 2015, S. 173.
- ↑ Ordonnance royale grand-ducale du 1er juin 1840 concernant l'organisation de la partie forestière. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 19.07.2021.
- ↑ 7,0 7,1 Loi du 7 avril 1909 concernant la réorganisation de l'Administration des Eaux et Forêts. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 19.07.2021.
- ↑ Loi forestière du 14 novembre 1849. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 19.07.2021.
- ↑ Loi du 17 mai 1874 sur les traitements du personnel supérieur de l'administration forestière. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 19.07.2021.
- ↑ Wolter 2015, S. 181.
- ↑ Conseil de gouvernement: Résumé des travaux du 20 septembre 2001
- ↑ (fr)Un nouveau directeur pour l'Administration de la nature et des forêts au 1er novembre 2023. gouvernement.lu (20.10.2023). Gekuckt de(n) 20.10.2023.