Emile Gillen

Vu Wikipedia
Emile Gillen
Gebuer 23. November 1912
Iechternach
Gestuerwen 4. Abrëll 1977
Ettelbréck
Nationalitéit Lëtzebuerg


Den Emile Gillen, gebuer den 23. November 1912 zu Iechternach a gestuerwen de 4. Abrëll 1977 zu Ettelbréck war Direkter vun der lëtzebuergescher Forstverwaltung[1].

Den E. Gillen huet zu Nanzeg an der École nationale des eaux et forêts Forstwirtschaft studéiert. Am Joer 1937 ass hien an d'lëtzebuergesch Forstverwaltung agetrueden, wou hien 1938 Garde général adjoint gouf. Am Zweete Weltkrich ass hie vum däitsche Besatzer op Kassel-West zwangsversat ginn. Nom Krich war hien de Chef vum Cantonnement Dikrech. 1946 gouf hie Garde général mat Büro nach ëmmer zu Dikrech. Déi Charge huet hie kumuléiert mat där vun engem Conseiller technique am Inneministère. De 24. Dezember 1963[2] gouf hien Direkter vun der Forstverwaltung genannt[1].

Den E. Gillen war President vum Conseil supérieur de la conservation de la nature, Member vun der Commission internationale pour la protection du Rhin a President vum Conseil supérieur de la chasse et de la pêche[1]. Hie war Member vun der Société des naturalistes luxembourgeois vun 1937 un.

Gielercher[3][änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Anonyme, 1977. Emile Gillen †, Directeur de l'administration des Eaux et Forêts. LW 1977, Nr. 88 (16. April); S. 13.
  • Massard, J.A., 2015. La Société des naturalistes luxembourgeois de 1890 à 2015. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 116, S. 5-302.
  • Sportfëscher, 1977. Forstverwaltungsdirektor Emile Gillen †. De Lëtzeburger Sportfëscher 1977 (5-6), S. 70.
  • Wolter, F., 2015. Aperçu de l'évolution historique de l'Administration depuis sa création en 1840. In: Administration de la nature et des forêts, 1840 - 2015: 175 Joer am Déngscht vu Mënsch an Natur. Luxembourg, Administration de la nature et des forêts, S. 141-189.[1]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 Massard 2015, S. 175.
  2. Wolter 2015, S. 181.
  3. Doudesannonce vum Emile Gillen. Luxemburger Wort. eluxemburgensia.lu (5. Abrëll 1977). Gekuckt de(n) 2023-01-25.