Op den Inhalt sprangen

Natur- a Bëschverwaltung

Vu Wikipedia
Natur- a Bëschverwaltung
D'Récksäit vun der Natur- a Bëschverwaltung zu Dikrech
Natur- a Bëschverwaltung
Land Lëtzebuerg
Secteur Bësch
Leedung Michel Leytem
Verwaltungssëtz Dikrech
Adress 81, avenue de la Gare L-9233 Dikrech
Ënnersteet der/dem Ministère fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit
Gegrënnt 1. Juli 2009
Um Spaweck https://anf.gouvernement.lu/fr.html, https://anf.gouvernement.lu/de.html, https://anf.gouvernement.lu/en.html, https://anf.gouvernement.lu/lb.html


D'Naturverwaltung (franz.: Administration de la nature et des forêts - ANF), ass eng staatlech Verwaltung zu Lëtzebuerg, déi zoustänneg fir d'natierlech Ëmwelt ass. Si ënnersteet dem Ministère fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit.

Dës Verwaltung ass aus der Forstverwaltung (Administration des eaux et forêts) ervirgaangen, déi den 1. Juli 2009 duerch d'Gesetz vum 5. Juni 2009 op Naturverwaltung ëmbenannt gouf[1].

D'Naturverwaltung huet hiert Haaptgebai zu Dikrech.

  • Naturschutz, Erhale vun den natierleche Ressourcen, vun der Biodiversitéit a vun de Landschaften;
  • Erhalen an nohalteg forstlech Verwalte vum ëffentleche Bësch[2];
  • Promotioun vun enger nohalteger forstlecher Bewirtschaftung an de private Bëscher;
  • Schutz an nohalteg Bewirtschaftung vum Wëld;
  • Sensibiliséiere vun der Ëffentlechkeet an de Beräicher Natur a Bëscher;
  • Iwwerwaachen a Police an de beräicher Naturschutz, Bëschschutz, Juegd a Fëscherei.

Centres nature et forêt

[änneren | Quelltext änneren]

D'Naturverwaltung geréiert fënnef Centres nature et forêt, mat der Missioun iwwer den Naturschutz z'informéieren[3]. Vu jiddwerengem vun deene fënnef Zentre geet e Naturléierpad fort.

Organisatioun

[änneren | Quelltext änneren]

D'Naturverwaltung ass follgendermoosse strukturéiert:

  • Services de support
    • Bureau central
    • Service Affaires juridiques et Missions de police
    • Service Communication et Sensibilisation
    • Service Finances et Ressources humaines
    • Service Informatique et Cartographie
    • Service Gestion de projets et Quality Management
  • Services conceptuels
    • Service Autorisations
    • Service Compensation
    • Service Faune sauvage et Chasse
    • Service Forêts
    • Service Nature
  • Services operationnels
    • Arrondissement Centre-Est
    • Arrondissement Centre-Ouest
    • Arrondissement Est
    • Arrondissement Nord
    • Arrondissement Sud

2015 huet d'Naturverwaltung 410 Mataarbechter beschäftegt : 280 Aarbechter, 80 Fierschteren, 20 Ingenieuren a Biologen an 30 Bureausbeamten[3].

Geographesch Opdeelung

[änneren | Quelltext änneren]

Den Territoire vu Lëtzebuerg ass a 64 Revéieren agedeelt, déi jeeweils vun engem Fierschter betreit ginn. Déi Revéiere sinn a fënnef Arrondissementer regroupéiert[4]:

  • Arrondissement Nord mat 11 Revéieren:
    • Haute-Sûre Sud, Grosbous, Haute-Sûre Nord, Rambrouch, Harlange, Hosingen, Wiltz, Clervaux, Wincrange, Kiischpelt, Weiswampach.
  • Arrondissement Centre-Est mat 14 Revéieren:
    • Berdorf, Tandel, Rosport-Mompach, Marscherwald, Rosport-Mompach, Beaufort, Consdorf, Larochette, Echternach, Vianden, Schieren, Medernach, Diekirch, Ettelbruck.
  • Arrondissement Centre-Ouest mat 14 Revéieren:
    • Boevange, Mersch/Ouest, Beckerich, Mersch/Est, Hobscheid, Steinsel, Steinfort, Kehlen, Lorentzweiler, Bissen, Mamer, Colmar-Berg, Redange, Préizerdaul.
  • Arrondissement Est mat 15 Revéieren:
    • Grünewald, Schengen, Flaxweiler, Wormeldange, Dalheim, Grevenmacher, Contern, Betzdorf, Grünewald, Niederanven, Senningerberg, Remich, Junglinster, Manternach, Biwer.
  • Arrondissement Sud mat 12 Revéieren:
    • Sanem, Differdange, Strassen, Luxembourg, Roeser, Clemency, Luxembourg, Dudelange, Bettembourg, Kayl, Leudelange, Esch/Alzette

D'Naturverwaltung am Laf vun der Zäit

[änneren | Quelltext änneren]

Am Laf vun der Zäit huet den Numm vun der Verwaltung changéiert[5]:

  • Administration forestière (Ordonnance royale grand-ducale vum 1. Juni 1840[6])
  • Administration des eaux et forêts (Gesetz vum 7. Abrëll 1909[7])
  • Administration de la nature et des forêts (Gesetz vum 5. Juni 2009[1])

Och den Titel vum Chef vun der Verwaltung gouf mat der Zäit ugepasst[5]:

  • “maître forestier” (Ordonnance royale grand-ducale vum 1. Juni 1840)
  • “garde général en chef” (Gesetz vum 14. November 1849[8])
  • “inspecteur des eaux et forêts” (Gesetz vum 17. Mee 1874[9])
  • “directeur” (Gesetz vum 7. Abrëll 1909[7])

D'Leit un der Spëtz vun der Forstverwaltung mat dem Joer vun der Nominatioun[10]:

Commons: Natur- a Bëschverwaltung – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. 1,0 1,1 Loi du 5 juin 2009 portant création de l'Administration de la nature et des forêts - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 19.07.2021.
  2. Den ëffentleche Bësch, op Franséisch forêt soumise genannt, besteet aus Bëscher, déi dem Staat, de Gemengen, den ëffentlechten Etablissementer oder de Kierchefabrécken gehéieren
  3. 3,0 3,1 Rita Ruppert, 2015. "Administration de la nature et des forêts" besteht seit 175 Jahren. Luxemburger Wort vum 18. Juni 2015, S. 18.
  4. (en)Directory. anf.gouvernement.lu (15.02.2018). Gekuckt de(n) 09.07.2020.
  5. 5,0 5,1 Wolter 2015, S. 173.
  6. Ordonnance royale grand-ducale du 1er juin 1840 concernant l'organisation de la partie forestière. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 19.07.2021.
  7. 7,0 7,1 Loi du 7 avril 1909 concernant la réorganisation de l'Administration des Eaux et Forêts. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 19.07.2021.
  8. Loi forestière du 14 novembre 1849. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 19.07.2021.
  9. Loi du 17 mai 1874 sur les traitements du personnel supérieur de l'administration forestière. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 19.07.2021.
  10. Wolter 2015, S. 181.
  11. Conseil de gouvernement: Résumé des travaux du 20 septembre 2001
  12. (fr)Un nouveau directeur pour l'Administration de la nature et des forêts au 1er novembre 2023. gouvernement.lu (20.10.2023). Gekuckt de(n) 20.10.2023.