Juegd

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Hirschjuegd an der Steenzäit. Fielsmolerei, Barranco de Valltorta, Castellón, Spuenien.

D'Juegd bezeechent d'Aktioun vun engem Jeeër, déi doraus besteet, en Déier ze fannen, ze verfollegen, an et entweder lieweg oder doudeg a säi Besëtz ze bréngen. Do wou d'Juegd gesetzlech geregelt oder bestëmmt Leit virenthalen ass, gëtt déi onerlaabt Juegd mat Braconnage an de Jeeër mat Braconnier bezeechent.

Méi allgemeng ass Juegd oder Joen eng Handlung vu bestëmmte Liewewiesen, déi dora besteet, aner Liewewiesen ze fänken an doutzemaachen, fir se selwer z'iessen oder hir Nozuucht domat ze fidderen. A verschidde Géigende mécht de Mënsch dat haut nach aus där Ursaach.

Am iwwerdroene Sënn bezitt sech de Begrëff Juegd och op e Juegdrevéier oder eng Juegdgesellschaft, oder allgemeng op eng grouss ugeluechte Verfolgung respektiv Sich. An dësem Artikel gëtt d'Juegd beschriwwen, déi de Mënsch mécht, fir Wëld z'erleeën.

Aufgaben a Motiver[änneren | Quelltext änneren]

D'Juegd geschitt ursprénglech aus verschiddene Grënn:

  • fir sech z'ernieren;
  • fir réit Material ze besuergen, z. B. Pelzer, Haren, Geweier, mat deene Kleeder, Bijouen an aner Géigestänn gemaach goufen.

An neierer Zäit koume weider Grënn dobäi:

  • Ekologesch Grënn (Populatiounsdynamik, Natierlecht Gläichgewiicht, Ersatz vum ausgerottete Raubwëld, [[Epizootie|Epidemiebekämpfung);
  • Wirtschaftlech Grënn baussent der Juegd (z. B. Bestandsreguléierung, fir Wëldschied an der Forst- a Landwirtschaft ze verhënneren);
  • Fräizäitgestaltung;
  • gesellschaftlech Representatioun.

Déi opgezielt Motiver existéieren dacks niefteneen. Bei der Juegd spillt d'Heeg eng grouss Roll. Dozou zielt déi allerdéngs ëmstridde Wëldfidderung an den Ubau vu Wëldakeren, mat deenen ursprénglech d'Wëld sollt gehollef kréien, besser iwwer de Wanter ze kommen oder vun anere landwirtschaftleche Flächen ofgeleet sollt ginn. Am Kader vun der Heeg ginn och Moossname geholl, déi allgemeng den Ziler vum Naturschutz déngen, z. B. Schutz a Verbesserung vu Biotopen, Renaturéierungen, Heckeplanzungen. D'Ernierung ass e wichtegt Motiv fir d'Juegd well d'Fleeschqualitéit vum Wëld besser ass wéi déi vun Hausdéieren.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Schonn an der Alsteenzäit ass de Mënsch op d'Juegd gaangen, Jeeër a Sammler ass déi gängeg Bezeechnung fir Mënschen aus där Zäit. D'Juegd gouf haaptsächlech fir d'Beschafe vu Liewensmëttele bedriwwen an huet nieft Fleesch och wäertvoll Nieweprodukter geliwwert wéi Schanke fir Geschir, Fluten oder Konschtwierker a Pelzer fir Gezei, Schong, Decken, Zelter oder Täschen, Sehne fir ze bitzen a fir Béi.

Wéi de Mënsch ëmmer méi siesshaft gouf a bis eng Partie Déierenaarten domestizéiert hat, ass d'Juegd mat allen hire Geforen a Schwieregkeeten als Liewensgrondlag ëmmer méi an den Hannergrond geroden. Schonn an den antiken Héichkulture gouf d'Juegd nieft dem Besuerge vun Iessen an nieft dem Agrëff an d'Natur fir ze reguléieren och schonn als Fräizäitaktivitéit ugesinn.

Juegdzorten[änneren | Quelltext änneren]

  • Grousswëldjuegd: Dës betrefft grouss Raubdéieren oder och z. B. den Elefant an de Bison. Dës Juegd gouf haaptsächlech an Afrika, Asien an an Amerika ausgeübt. Et huet laang gedauert bis do Gesetzer koume fir déi Déierenaarten ze schützen an dofir sinn der eng Parti bal guer net méi ze fannen, anerer si leider ganz vum Mënsch ausgerott ginn.
  • Héich- an Nidderwëldjuegd: wat als Héichwëld betruecht gëtt hänkt dacks vun der Législatioun vum Land of. A verschiddene Länner gehéieren d'Réi zum Héichwëld, an aneren net.
  • Waasserjuegd gëtt haaptsächlech a Géigende mat ville bejobare Waasservulle gemaach z. B. a Géigenden, wou vill Weiere sinn, oder um Bord vum Mier.
  • Ënnerwaasserjuegd.

Juegdmethoden[änneren | Quelltext änneren]

  1. Usëtz: de Jeeër lauert op enger bestëmmter Plaz op d'Wëld (dacks op engem Héichsëtz);
  2. Pirsch: de Jeeër schläicht duerch de Bësch a geet de Wiessele vum Wëld oder anere Spuren, déi d'Wëld hannerléisst, no;
  3. Klappjuegd: Dreiwer ginn duerch de Bësch a maache Kaméidi fir datt d'Wëld soll an eng bestëmmt Richtung, wou Jeeër mat Flënte stinn, lafen, déi et dann ofschéissen;
  4. Falestellerei;
  5. Baujuegd: fir Wëld z'erleeën, dat an engem Bau lieft wéi d'Kannéngercher oder d'Fiiss.

Juegdequipement[änneren | Quelltext änneren]

Fréier[änneren | Quelltext änneren]

Haut[änneren | Quelltext änneren]

Juegdrecht[änneren | Quelltext änneren]

Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

D'Juegd zu Lëtzebuerg ass duerch d'Juegdgesetz vum 25. Mee 2011 geregelt.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Juegd zu Lëtzebuerg Nuvola apps xmag.png

Kritik op der Juegd[änneren | Quelltext änneren]

Qsicon Ueberarbeiten.png Dëst Kapitel muss iwwerschafft ginn. Dat kann dru leien, datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder datt den Inhalt net ganz korrekt ass oder net explizit genuch ass, sou wéi en den Ament do steet.

Jeeër leeë Wäert op d'Feststellung, datt se hautdesdaags aner Missiounen hätten, déi méi wichteg wieren, wéi onbedingt eppes erschéissen ze mussen. Si féieren aus, vill Jeeër wieren an Naturschutzveräiner, an ënnersträichen, datt dacks Jeeër mat Grënnungsmembere vu ville Veräiner a Sektiounen (z. B. vu verschiddene Vulleclibb) waren.

Fir si hätt d'Juegd haut haaptsächlech als Optrag, Wëld z'erhalen a wa méiglech nëmme Stécker, déi an der Iwwerzuel sinn, z'erleeën, oder déi krank erauszesënneren.

Juegdkritiker halen deem entgéint, datt d'Natur sech selwer reguléiere géif, an et keen Agrëff vum Mënsch bräicht, an datt bestëmmt Problemer, déi duerch d'Juegd behuewe solle ginn, wéi z. B. d'Iwwerbevëlkerung vu bestëmmt Wëldzorten, duerch d'Jeeër selwer provozéiert géifen, andeems se z. B. an hirem Revéier d'Wëld am Wanter fidderen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Juegd – Biller, Videoen oder Audiodateien