Diskussioun:Juegd

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Dësen Artikel kënnt mir ganz bizarr vir a mengen, datt en iwwerschaft misst ginn. Zum Beipill fannen ech keng Definitioun vu Juegd dran. Klunni (24. Okt. 18:33)

Definitioun[Quelltext änneren]

D'Juegd ass eng vun deenen Aktivitéiten, déi de Mënsch schons ganz fréier hat, fir u Fleesch ze kommen. Hien huet awer och vun de Pelzer an de Schanke vun den Déieren profitéiert fir Gezei an Decken ze maachen. Mat de Schanken hun déi éischt Mënsche Waffen oder anert nëtzlecht Geschir gemeet.

Als Juegd ginn awer och d'Aktivitéit vu Raubdéieren oder Gräifviggel bezeechent déi déi hunn, fir sech ze ernieren.

Dat steet am Ufank vum Artikel

Daat ass jo awer mol eng kleng Explkatioun waat Juegd ass an den Artikel ass jo nach nët fäerdeg.

Jiddereen deen eng besser Definitioun fir de Moment parrad huet däerf se dra sëtzen (no de Regele vun der Wikipedia, wann ech déi richteg verstann) oder en däerf och den Artikel iwwerschaffen (souguer wann et e Klunni ass). Ech lossen him dann mol eng Woch Zäit fir daat ze maachen. Duerno fueren ech dann mat mengem klenge Wëssen weider. Nilrom 18:26, 24 Oktober 2006 (UTC)

Et wier och vläicht deem engen oder aneren Administrateur seng Meenung heizou gefrot Nilrom 18:29, 24 Oktober 2006 (UTC)


Hei ass Definitioun aus der däitscher Wiki:

Jagd bezeichnet das Aufsuchen, Nachstellen, Fangen, Erlegen und Aneignen von Wild. Wo die Jagd gesetzlichen Regelungen unterliegt oder die Jagdgebiete nur von bestimmten Personenkreisen genutzt werden dürfen, wird die unerlaubte Jagd als Wilderei bezeichnet.

An hei déi aus der franséischer:

La chasse désigne la traque d'animaux sauvages dans le but de les capturer ou de les abattre. Là où la chasse est soumise à une réglementation, la pratique en dehors du cadre légal de la chasse est désignée braconnage.

Sinn déi besser. Do huet awer anscheinend bis elo kee Mënsch een Hoer an der Zopp fonnt. Nilrom 18:36, 24 Oktober 2006 (UTC)

"fannen ech keng Definitioun vu Juegd dran." De Klunni huet Recht. Hien huet jo net gesot, datt déi aner besser sinn, hien huet just gesot, datt mär nach keng hunn. An eisem Artikel steet keng Definitioun dran. Den Nilrom zitéiert d'Definitiounen aus der fr an aus der de-Wikipedia. Dat misst eis jo hëllefen, selwer eng ze "fabrizéieren. Definitioune sinn ëmmer quokeleg, well se musse genee "stëmmen". "souguer wann et e Klunni ass" Ech gesi kee Grond, fir Wuertspiller mat engem sengem Wiki-Numm ze maachen. --Cornischong 19:38, 24 Oktober 2006 (UTC)

Ech entschëlesche mech formell beim Klunni. Mee fir de Momment wees ech nach nët wéi ech daat soll besser schreiwen, ausser ech kopéieren elo waat déi aaner Wikie schreiwen mee daat fällt mer schwéier wëll deenen hir Definitiounen sinn sou wäit wéi ech gesinn och onkomplett. Ech verlosse mech dann elo op een deen et besser weess. Ech probéieren awer nach den Ausdrock am Artikel méi kloer ze stellen. Nilrom 20:00, 24 Oktober 2006 (UTC)

Du hues Recht domatt, datt déi zwou Definitiounen (souguer zesummegeholl) net komplett sinn. Eigentlechhuet huet den Ausdrock e puer Bedeitungen. Mol iwwer den Daum: 1. Déi Aktiounen, déi de Jeeër mécht: Opspieren, Verfollegen, Schéissen oder Fänke vu Wëld 2, D'Juegdgesellschaft 3. De Revéier 4. Verfollegung ë.a. vu Verbriecher duerch d'Polizei. Dat misste mer nach an en Homonymie-Dëppche paken an eng Flätschdrëm maachen. --Cornischong 22:48, 24 Oktober 2006 (UTC)

De Nilrom hat hei vun der Juegd vun de Mënsche no Déiere geschriww an dobäi emrass dass et och nach Juegd vun Déeier zu Déier gëtt. De Cornischong schreiwt vun der Juegd op Verbriecher. Dann hunn ech och nach eng: d'Mënschejuegd wou Leit gefaang ginn fir onnëtz a Konflikter ëmbruecht ze ginn oder fir verkaaft ze ginn (Sklavenhandel). Da gëtt Juegt gesot fir den Terrain wou gejot gëtt (wéi de Cornischong och seet), (dat däitscht Jagdrevier, franséisch lot de chasse) duerfir zu Lëtzebuerg och nach Juegdlos. Am lëzebuergesche Gesetz iwwer d'Juegt steet als eenzeg Definitioun d'Juegd wir ee Patrimoine national. Do ass och e neirens erklärt waat Juegd ass. De Gesetzgeber schengt unzehuelen dass jiddereen daat weess. Mat all deenen Erklärunge sti mer elo nach nët méi gescheit do wéi virdrun, an den Artikel huet nach ëmmer eng bizarr Nëtdefinitioun :-)) De Nilrom huet jo mol dem Klunni 8 Deeg Spillraum gelooss fir et besser ze machen da losse mer emol aafwarden. Ech fir mäin Deel hätt schon Ideeë gehaat fir deem Artikel weiderzehëllefen mee ech fäerten dass wa mer keng Definitioun fannen déi der Wiki entsprecht dann ass déi Méi ëmsoss wëll da misst e jo am Fong geholl geläscht ginn an daat wir Schued. Les Meloures 23:31, 24 Oktober 2006 (UTC)

Mat der Definitioun wir jo eng Léisung ze fannen wann lo nach ee mer géif soen wat nët neutral um Artikel ass. Ech gief do de Schreiwer vun deër Bemierkung mol froen fir daat méi genau ze erklären, oder hien ka jo och einfach déi nët neutral Saache läschen da gesäit een och waat e gemengt huet. Nilrom 07:10, 25 Oktober 2006 (UTC)

Neutralitéit[Quelltext änneren]

Ausser dem formellen Aspekt vum Artikel, hunn ech och inhaltlech Bedenken.

  1. Vulleklibb: gëtt vun dene Leit déi ech kenne meeschtens ironesch bis pejorativ gebraucht
  2. "Stécker, déi an der Iwwerzuel sinn", wee leet da fest wéi e Steck an der Iwwerzuel ass, sinn z. B. déi aal oder jonk Stecker an der Iwwerzuel? desweidere kann ee sech Froen wou déi Iwwerzuel hierkënnt (Stechwuert Fudder an de Bësch tippen)
  3. "wou Flënte stinn" ass en Euphemismus do sti nämlech Leit mat Flënten (wann ech och keng Bedenken a puncto Neutralitéit hätt geng ech elo schreiwen "Léit mat Flënten déi just drop warden datt een hinnen en Déier virdrjot an si just brauchen ofzedrecken"), mir sinn hei an enger Enzyklopedie op lëtzebuergesch an net op Jëerlatäin
  4. "schiedlecht Wëld" no comment

ech wees datt dat wat ech hei schreiwen och net neutral ass an dofir setzen ech et och net einfach an den Artikel, villäicht ka jo een déi méi neutral ass probéieren eng Synthes vun denen 2 Vuen ze maachen--Marcus 07:14, 25 Oktober 2006 (UTC)


Äntwerten:

Vulleklibb: gëtt vun dene Leit déi ech kenne meeschtens ironesch bis pejorativ gebraucht

Dann deet et mer leed fir dech dass du nëmme Leit kennst déi daat Wuert pejorativ gebrauchen. Ech perséinlech si selwer an engem Vulleklub a gesinn daat nët esou.

Puscas 07:46, 25 Oktober 2006 (UTC)

Ech probéieren eng Hand unzepaaken hei mee loost mer e bësselchen Zäit daat kann ee gudden Artikel ginn. Puscas 07:56, 25 Oktober 2006 (UTC)

Déi eng schaffen, déi aner kommentéieren.[Quelltext änneren]

Ech mengen, an dësem Fall gëtt méi Energie op der Diskussiounssäit verpolvert, wéi mam Artikel; an dat ass net gutt. Mer sollen emol déi, déi dru schreiwe gewäerde loossen! Herno ka jo jiddereen drun änneren, oder besser: dru verbesseren. Ech fannen et och e bësse simpel vum Marcus, fir seng Mataarbecht an der Wiki op "Stellungnamen" ze limitéieren. Esou lande mer mat der Wikipedia an enger "Lieserbréif"-Aktioun. "Déi eng schaffen, déi aner kommentéieren." Gutt, datt der iwwerhaapt um Artikel schaffen! --Cornischong 08:07, 25 Oktober 2006 (UTC)

Och Stellungnam an op eppes opmierksam maachen ass wichteg. Dat dëst Thema (Juegd) e ganzt kriddelescht ass, mengen ech brauch ee kengem méi z'erzielen. Fest steet, datt den Artikel an dëser Form z'einseiteg ass. Vläicht wier et gutt (fir Neutralität ze garantéieren) datt ee méi "neutrale" Benotzer sech deem Artikel giff unhuelen. --Tomateus 12:03, 25 Oktober 2006 (UTC)

Ech ginn net op d'Juegd[Quelltext änneren]

Ech ginn net op d'Jegd. Ech iessen och keng Porretten.
Wéi ech dës Säit gelies hat, hunn ech mer mol ugekuckt, wéi sa dat an der däitscher Wikipedia gemaach hunn, fir ze weisen, datt et iwwer d'Juegd verschidde Meenunge gëtt. Do hu s'et fäerdegbruecht, en Artikel ze maachen, an deem déi Problematik mat dran ass. Hei geet dat anescht. Wéi et schéngt soll deen Artikel iwwerhaapt net geschriwwe ginn. Hoffenlech: 1. schreiwen déi eng weider, well och deen Artikel néideg ass. 2. Hoffenlech: schreiwen "d'Juegdsgéigner" e kritescht Kapitel am Artikel, an deem si sech ausdrécken, wat "negativ" un der Juegd ass. D'Wikipedia ass keng, wéi de Cornischong dat sch geschriwwen huet, Lieserbréifsäit fir Damp afzeloossen, mee brauch der, déi dru schaffen. --VicMol 08:34, 25 Oktober 2006 (UTC)

--Cornischong 16:18, 1 November 2006 (UTC)