Steenzäit

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Dräiperiodesystem
Holozän Historesch Zäit
Eisenzäit
  Spéit Bronzezäit  
  Mëttels Bronzezäit
  Fréi Bronzezäit
Bronzezäit
    Koffersteenzäit    
  Jongsteenzäit
Mëttels Steenzäit
Epipaleolithikum
Pleistozän     Jonkpaleolithikum  
    Mëttelst Paleolithikum
    Alpaleolithikum
  Altsteenzäit
Steenzäit
Geschir fir ze haen

Steenzäit gëtt déi längst Period vun der Geschicht vun der Mënschheet genannt, ier Metaller fir Gebrauchszwecker geformt a benotzt goufen.

De Begrëff geet op den Dräiperiodesystem zréck, dee vum dänesche Paleontolog Christian Jürgensen Thomsen an aneren zanter 1830 propagéiert gouf. An dësem System ginn d'Ur- oder Virgeschicht an d'Steenzäit, d'Bronzezäit an d'Eisenzäit ënneragedeelt. D'Steenzäit selwer gëtt agedeelt a Paleolithikum (Alsteenzäit), Mesolithikum (Mëttels Steenzäit) an Neolithikum (Jongsteenzäit).

Dës Andeelung an dräi Periode bezitt sech virun allem op Europa an Deeler vu Westasien an Nordafrika.

Paleolithikum, Alsteenzäit oder Fréisteenzäit[änneren | Quelltext änneren]

D'Al- oder Fréisteenzäit huet an Europa vu ronn 2.500.000 bis 8.000 v. Chr. gedauert (ongeféier bis d'Enn vun der leschter Äiszäit) an ëmfaasst domat dee gréissten Deel vun der Mënschheetsgeschicht.

D'Alsteenzäit oder Paleolithikum gëtt nach eng Kéier agedeelt an Alpaleolithikum, Mëttelst Paleolithikum a Jonkpaleolithikum.

D'Alpaleolithikum fänkt per Definitiounn do un, wou d'Mënschen ugefaangen hunn, Steng als Geschir ze gebrauchen. Laang waren dës Steng net besonnesch sophistikéiert, mä virun ongeféier 600.000 Joer, am Acheuléen, koumen déi éischt Fauschtkäiler op. Dës Period huet ronn 500.000 Joer gedauert, ouni datt sech villes geännert hätt.

Am Alpaleolithikum hunn d'Mënschen och eng éischt Kéier d'Feier benotzt, wat eng wichteg Viraussetzung war, sech a méi kale Géigenden néierzeloossen an och, Fleesch (duerch Kachen oder Broden) besser verdaulech ze maachen.

Den Ufank vum Mëttelse Paleolithikum, virun ongeféier 120.000-130.000 Joer, gëtt doru festgeluecht, datt d'Fauschtkäiler engersäits eng méi asymetresch Form kruten an och Stécker vum Steen, déi ofgebrach goufen, villsäiteg als Geschir zum Asaz koumen. D'Mënsche waren nach ëmmer Jeeër a Sammler. Se hate Waffen, déi aus Steen an Holz zesummegesat waren; éischt Konschtwierker a Musekinstrumenter (Flütten aus Schank) si beluecht. Déi Doudeg goufe begruewen an et goufen hinne Saache mat an d'Graf geluecht.

Am Jongpleolithikum, deem säin Ufank virun enger 40.000 Joer festgeluecht gëtt, kënnen eng éischt Kéier regional Ënnerscheeder an der Entwécklung festegestallt ginn. Am Aurignacien dauchen a Mëttel-, West- a Südeuropa laang, schmuel Lamën a Messeren op, fréi Fielsmolereie vun deemools goufen a Frankräich entdeckt. Aus där Period sinn och ëmmer méi Geschir aus organeschem Material (Holz, Schank, Har) erhalen. Vu virun ongeféier 28.000 bis virun 21.000 Joer u gëtt et Fruchtbarkeetssymboler oder méiglecherweis och Representatioune vu Gëttinnen, wéi d'Venus vu Willendorf Hielemolereien, Bijouen, méi raffinéiert Geschir ginn ëmmer méi heefeg..

Mesolithikum oder Mëttels Steenzäit[änneren | Quelltext änneren]

Mëttels Steenzäit gëtt déi Epoch genannt, déi nom Enn vun der Alsteenzäit ufänkt (also ongeféier vun 8.000 v. Chr. un) a bis un den Ufank vun der Jongsteenzäit dauert. Dës fänkt awer a verschiddene Géigenden zu verschiddenen Zäitpunkten un. Sougëtt et z. B. am Levante just eng kuerz Iwwergankszäit tëscht Al- an Neisteenzäit, déi do och net Mesolithikum, mä Epipaleolithikum genannt gëtt. An anere Géigende vun Nordeuropa huet dës Epoch bis ronn 4.500 v. Chr. gedauert. D'Mesolithikum fält mat där Zäit zesummen, wou d'Äis sech zréckgezunn huet an d'Klima méi waarm gouf, an doduerch bedéngt d'Flora an d'Fauna sech ugepasst hunn. Typesch fir déi Epoch si klengt Geschir aus Feiersteen (Mikrolithen), déi als Deel vu méi komplexem Geschir, wéi z. B. Seeën, gebraucht goufen. D'Mënschen hu sech ëmmer méi doruechter néiergelooss. Verschidden Zorte vu Mikrolythen, déi fonnt goufen, hunn d'Fuerscher dozou bruecht, verschidde Kulturen ze definiéieren. Eng fréi nordeuropäesch Kultur war déi sougenannt Maglemose-Kultur, eng aner, aus méi enger spéiter Phas, z. B. d'Ertebölle-Kultur. An der Iwwergankszäit fanne sech éischt Hiweiser op eng "Neolhiséierung": Intentionellt Ubaue vu Planzen, vereenzelt Déierenhaltung an éischt Keramiken.

Neolithikum, Nei- oder Jongsteenzäit[änneren | Quelltext änneren]

Bandkeramesch Geféisser aus Mëtteldäitschland

Den Ufank vun der Jongsteenzäit gëtt haut do ugesat, wou d'Mënschen net méi just vun deem gelieft hunn, wat se fonnt, resp. gejot hunn, mä bewosst produzéiert hunn, virun allem, wat hiert Iessen ubelaangt, d. h. se ugefaangen hunn, Akerbau a Véizuucht ze bedreiwen. Dëst nennt een och déi Neolithesch Revolutioun. Dësen Iwwergank war zu ganz ënnerschiddlechen Zäitpunkten: a Mesopotamien schonn ëm 11.000 v. Chr., a Mëtteleuropa ëm 5.500 v. Chr. Vereenzelt gëtt et haut nach entleeë Regiounen op der Welt, wou Mënschen "technesch" an der Jongsteenzäit liewen..

Regional oder zäitlech Kulturraim aus där Zäit kënnen, well et méi archeologesch Fondsaache ginn, besser differenzéiert ginn wéi déi aus den Epoche virdrun.

A Mëtteleuropa fänkt d'Neolithikum mat der Bandkeramik-Kultur tëscht zirka 5.600 a 4.900 v. Chr. un. A Südosteuropa an an der Donaugéigend hu sech eege Kulturen erausgebilt, (z. B. d'Lengyel-Kultur an d'Badener Kultur bis hin zu de spéitneolithesche Kulture vu Vinča am serbesch-rumäneschen Raum an Tisza am haitegen Ungarn).

Am 8. Joerdausend v. Chr. gouf et éischt Versich, Metaller ze veraarbechten. am Ufank waren dës op déi méi mëll Metaller Gold, Sëlwer a Koffer limitéiert, déi zu Bijoue verschafft goufen. Fir Waffe waren dës net gëeegent.

Gutt erhale mënschlech Iwwerreschter aus der Jongsteenzäit sinn z. B. de Kennewick-Mann an den Ötzi.

Commons: Stone Age – Biller, Videoen oder Audiodateien