Karl Ernst Dumont

Vu Wikipedia
Karl Ernst Dumont
Gebuer 1808

De Karl Ernst Friedrich Dumont, gebuer de 27. Juni 1808 zu Letmathe a Westfalen a gestuerwen de 24. Januar 1879 an der Stad Lëtzebuerg, war den zweete Chef vun der lëtzebuergescher Forstverwaltung.

De Karl (Charles) Dumont huet am Stater Atheneum studéiert an uschléissend e Fachstudium am Ausland gemaach. Dono ass hien an d'lëtzebuergesch Forstverwaltung agetratt, wou hien am Februar 1842 seng definitiv Ernennung als “garde général” krut. De 6. November 1846 huet hie provisoresch, wéi et geheescht huet, dem verstuerwene “maître forestier” Herget seng Funktiounen iwwerholl a gouf domat de Chef vun der Forstverwaltung.

Am November 1849 ass den Titel “maître forestier” ofgeschaaft an ersat ginn duerch den neien Titel “garde général en chef”, deen den Dumont vun do u gedroen huet. 1874 ass dunn den Titel “inspecteur des eaux et forêts” an d'Plaz komm, deen den Dumont den 22. Juli 1874 krut.

Den Dumont war “membre agrégé” vun der Société des sciences naturelles respektiv vun derSection des sciences vum Institut grand-ducal vun 1852 un.

Gielchen[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Massard, J.A., 2015. Beitrag zur Geschichte der luxemburgischen Forstverwaltung: Bernhard Herget, “maître forestier” in Luxemburg, und dessen Nachfolger an der Spitze der Verwaltung Dumont, Koltz und Stümper. Online Publikation. [1]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Memorial N°13 vun 1878 mat enger Lëscht vu Leit déi am Ordre de la couronne de chêne dekoréiert goufen