Section des sciences naturelles, physiques et mathématiques (Institut grand-ducal)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Section des sciences naturelles, physiques et mathématiques, d'Nofolgerin vun der Société des sciences naturelles, ass eng vun de Sektioune vum Institut grand-ducal.

D'Sektioun besteet 2010 aus ronn 200 Memberen, dovun 31 membres effectifs, ronn 140 membres correspondants a ronn 30 membres d'honneur.[1]

Aktivitéiten[änneren | Quelltext änneren]

Wëssenschaftlech Zäitschrëft[änneren | Quelltext änneren]

D'Sektioun gëtt an onregelméissegen Ofstänn eng wëssenschaftlech Zäitschrëft mat originelle Fuerschungsaarbechten eraus, dat ënner dem Titel Archives des Sciences Naturelles, Physiques et Mathématiques (sic fir d'Schreifweis). Déi zwéi lescht Bänn sinn 2002 an 2010 erauskomm. (Bis 2002 war den Titel: Archives de l'Institut grand-ducal de Luxembourg, section des sciences naturelles, physiques et mathématiques).[2].

Konferenzzyklen[änneren | Quelltext änneren]

D'Sektioun organiséiert all Joer ee bis zwéi Konferenzzyklen, dovun zanter 1996 en Zyklus mam Titel Les chercheurs luxembourgeois à l'étranger.

Grand Prix en sciences[änneren | Quelltext änneren]

2010 huet d'Sektioun hiren éischte wëssenschaftleche Präis (Grand Prix) verginn.

Et ass virgesinn dëse Präis am Turnus an de Beräicher vun der Physik (2010, Prix Paul Wurth), der Mathematik (2011, Prix de la Bourse de Luxembourg), der Geologie (2012, Prix Feidt), der Biologie (2013, Prix Cactus) an der Chimie (2014, Prix Christiane Widung-Metz et section des sciences) ze verginn. De Präis geet u Wëssenschtler déi zu Lëtzebuerg gebuer sinn oder zu Lëtzebuerg schaffen. De Präisdréier gëtt vun enger internationaler Jury erausgesicht.

Den éischte Präis gouf offiziell den 21. November 2010 dem Physiker Jean-Pierre Hansen iwwerreecht.[3]

Historique[änneren | Quelltext änneren]

D'Société des sciences naturelles ass duerch Arrété royal grand-ducal vum 3. Dezember 1850 offiziell gegrënnt ginn. Hire President gouf de Jean Boch-Buschmann (1782-1856).

D'Société des sciences naturelles ass 1868 d'Section des sciences naturelles et mathématiques vum deemools nei gegrënnten Institut royal grand-ducal, deem haitegen Institut grand-ducal ginn.

Den Numm vun der Section des sciences naturelles et mathématiques gouf op Section des sciences naturelles, physiques et mathématiques geännert. Den neien Numm steet zanter 1906 op de Publikatiounen.

Presidenten[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Massard, Jos. A. (2000): Les origines de la Section des Sciences de l'Institut grand-ducal. In: Institut grand-ducal, Section des sciences naturelles, physiques et mathématiques, 1850-2000: Les sciences à l'aube du 21e siècle. Cycle de conférences du 12 octobre au 21 décembre 2000 au Centre Universitaire de Luxembourg. Luxembourg: 10-20.[1]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Cf. Lëscht vun de Memberen op der Websäit vun der Sektioun. Stand November 2010.
  2. Cf. Den Deckel vum Band 45 (nouvelle série) vun 2010, wou deen neien an deen alen Numm stinn.
  3. LW vum 23. November 2010, S. 12.