Paul Metz

Vu Wikipedia
Paul Metz
Gebuer 3. Juni 1918
Gestuerwen 24. August 1993
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Ingenieur, Entreprener


De Paul Metz, gebuer den 3. Juni 1918 a gestuerwen de 24. August 1993, war e lëtzebuergeschen Ingenieur an Industriemanager.

De Paul Metz gëllt als leschte Stolbaron vun der Metz-Dynastie. Hie war de Fils vum ARBED-Direkter Norbert Metz, dee gestuerwen ass wéi hie just 10 Joer hat, an der Marie-Josephine Wurth, an domat en Enkel vum Paul Wurth.

Studien a Krichsjoren[änneren | Quelltext änneren]

De Paul Metz huet vun 1938 un zu Léiwen an, nom Ausbroch vum Krich, op der RWTH Aachen en Ingenieursstudium gemaach. Säin Ofschlossexame konnt hien awer eréischt 1946 maachen.

Wärend der Nazibesatzung war de Paul Metz, nodeem hien an den Arbeitsdienst geruff gi war, a Frankräich geflücht. Do gouf hien awer verhaft an zu 18 Méint Zwangsaarbecht verurteelt. Hie koum am November 1942 fir d'éischt an de Prisong am Gronn an duerno ob Hinzert. Am November 1943 ass hien ob d'Bedreiwe vum Aloyse Meyer fräi komm a gouf an der Burbacher Schmelz ouni Diplom als Ingenieur agestallt. Am August 1944 gouf hien op en Neits festgeholl an iwwer d'Gestapo-Lager Neue Bremm, op der Goldene Bremm, an d'KZ Dachau verschleeft, wou hie bis zur Liberatioun vum KZ, den 29. Abrëll 1945, asouz.

Den 28. Mee 1973 krut de Paul Metz d'Medail de l'Ordre de la Résistance a gouf posthum, den 18. November 1993, mat der Croix de la Résistance dekoréiert.

Berufflech Karriär[änneren | Quelltext änneren]

D'Beruffsliewe vum Paul Metz huet richteg nom Krich op Arbed-Belval ugefaangen. Hien huet sech séier ob d'Verbessere vun de Prozesser an der Siderurgie konzentréiert. De 16. August 1954 ass hien op d'Diddelenger Schmelz komm, wou hien 1955 Chef de service an den 1. Januar 1962 Direkter gouf. Zu Diddeleng huet hien, tëscht 1956 an 1959, un der Verbesserung vum Procedé fir Stol mat puerem Sauerstoff ze produzéieren, geschafft. Hien huet um LBE-Prozess geschafft an den LD-AC-Procedé matentwéckelt, deen zum Deel op senge Patenter baséiert.

Am Juli 1967 ass de Paul Metz Direkter vun ARBED-Belval ginn ier hien den 1. Juli 1969 an d'Zentralverwaltung vun der Arbed an d'Stad Lëtzebuerg gewiesselt ass. Hei ass hien den 1. Januar 1972 'Directeur général adjoint' genannt ginn.

Den 1. Januar 1977 gouf hie Generaldirekter vun der ARBED. Am selwechte Joer, den 9. Dezember, gouf hien an de Verwaltungsrot genannt. 1981 ass hien Dokter Ingenieur honoris causa vun der RTWH Aachen ginn. 1984 krut hien an England d'Bessemer Gold Medal vum Institute of Metals fir seng Verdéngschter ëm d'Stolindustrie. Als Generaldirekter ass hien 1983 mat 65 Joer an d'Pensioun gaangen. Hien ass awer bis 1990 Member vum Verwaltungsrot bliwwen. Dräi Joer drop ass de Paul Metz am Alter vu 75 Joer gestuerwen.

De Paul Metz huet 1948 d'Marianne Goedert bestuet. Si haten dräi Kanner, de Jean-Paul, d'Christiane an de Pierre.

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • Jules Mersch: Les METZ, la Dynastie du Fer par Jules Mersch, in: Biographie nationale du pays de Luxembourg, fascicule 12
  • Claude Pescatore: Éloge de Paul Metz: 1918 - 1993 in: Actes de l'Institut grand-ducal de Luxembourg. Section des sciences naturelles, physiques et mathématiques, Luxembourg, 1994