LD-AC-Procedé

Vu Wikipedia

Den LD-AC-Procedé ass e Procedé fir e qualitativ héije Stol ze produzéieren.

E gouf vum Ingenieur Paul Metz entwéckelt. Hien huet den LD-Procedé, wat fir Linz an Donawitz steet, déi zwéi Standuerten, wou déi zwéin éischt LD-Konvertere vun der Voest Alpine Stahl A.G. stoungen, an deen dora besteet, Stol mat rengem Sauerstoff ze vereedelen, un de phosphorhaltege Goss aus lëtzebuergescher Minett ugepasst.

AC steet fir "Arbed" a "Centre national de Recherches métallurgiques de Liège".