Op den Inhalt sprangen

Aloyse Meyer

Vu Wikipedia
Aloyse Meyer
Den Aloyse Meyer, Juni 1951.
Gebuer 21. Oktober 1883
Klierf
Gestuerwen 3. Mee 1952
Klierf
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Ingenieur, Direkter

Den Aloyse Meyer, gebuer den 31. Oktober 1883 zu Klierf, a gestuerwen den 3. Mee 1952, war e lëtzebuergeschen Ingenieur a Manager an der Siderurgie.

Hien huet op der Technescher Héichschoul zu Oochen en Diplom fir Ingenieur gemaach a war aktive Member vun der Amicitia Luxemburgensis, an ee vun den éischte Membere vum Akademischer Verein d'Lëtzebuerger zu Oochen.[1]

1903 krut hien eng Plaz am Konstruktiounsbüro vun der Diddelenger Schmelz, e puer Méint drop war hien do Ingenieur adjoint, 1906 Chef de service an 1912 Direkter. 1918 koum en als techneschen Direkter an d'Zentraladministratioun vun der Arbed, wou en 1920 Generaldirekter gouf.

1925 gouf den Aloyse Meyer och President vun der Chambre de commerce, a gouf 1928 nom Émile Mayrisch sengem Doud, President vun der europäescher Stolunioun.

Hie gouf 1928 den éischte President vum Verwaltungsrot vun der nei gegrënnter Bourse. An där Funktioun war hie bis den 18. Mäerz 1948.[2]

Den Aloyse Meyer war mat der Eugénie Heintz bestuet, dem Urkandskand vum Grënner vun der Zigarettefabréck Heintz Van Landewyck. Nom Doud vu sengem Schwéierpapp Victor Heintz gouf den Aloyse Meyer 1931 President vum Verwaltungsrot vun Heintz Van Landewyck, wat hie bis zu sengem Doud bliwwen ass. Säi Fils, de Robert Meyer, huet 1934 als jonken Ingenieur bei Heintz Van Landewyck ugefaangen.

Seng Roll am Zweete Weltkrich

[änneren | Quelltext änneren]

An den 1930er Joren huet hien d'GEDELIT vum Damien Kratzenberg finanziell ënnerstëtzt, ouni awer bei där hire Manifestatiounen opzetrieden.[3] An der Zäit vun der däitscher Okkupatioun am Zweete Weltkrich gouf en als Arbeds-Direkter ofgesat[Source?]. Kuerz virun der Befreiung, am September 1944, gouf den Aloyse Meyer vun der Gestapo verhaft an als "Schutzhäftling" an Däitschland verschleeft, wou hien eréischt am Abrëll 1945 fräikoum.[4] Spéider gouf bekannt, datt e vun 1942/43 un, Karitativ- a Resistenz-Organisatiounen héich Geldzommen aus sengem Privatverméigen zoukomme gelooss hat.[4]

Nom Krich huet hien d'Firma nees geleet. Am Abrëll 1947 gouf hie President vum Verwaltungsrot.

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. http://www.aachen.lu/avlhistory/personen/register/meyer-aloyse-1883-1952/
  2. Société de la Bourse de Luxembourg am Tageblatt vum 22. Mäerz 1948, Säit 2
  3. De Kratzenberg an de Meyer ware béid vu Klierf an och wäitleefeg matenee Famill.
  4. 4,0 4,1 Marc Schoentgen an der Literatur
  5. A la mémoire d'Aloyse Meyer, Buck 1953 84 Säiten
  6. BULLETIN DE DOCUMENTATION - Nos 7/8/9 7e Année Luxembourg le 30 septembre 1951 Nouvelles de la Cour p 166