Op den Inhalt sprangen

forum (Zäitschrëft)

Vu Wikipedia
Forum
Typ Zäitschrëft
Sprooch Däitsch,
Franséisch,
Englesch,
Lëtzebuergesch
Éischt Ausgab 1976
Websäit http://www.forum.lu/

forum für Politik, Gesellschaft und Kultur ass eng lëtzebuergesch Zäitschrëft, déi sechsmol (bis Enn 2021: zéngmol)[1] am Joer erauskënnt.

D'Zäitschrëft forum gëtt vun enger ASBL mam selwechten Numm publizéiert[2] an huet gewéinlech ee Schwéierpunktthema, de sougenannten Dossier. Do donieft gëtt et Hannergrondreportagen iwwer Kultur a Kulturpolitik; reliéis a gesellschaftlech Theemen, politesch Entwécklungen an d'Geschicht vu Lëtzebuerg.

forum ass 1976 aus dem Bulletin d'information de la Jugendpor Lëtzebuerg ervirgaangen, enger Zäitschrëft vu kritesche Chrëschten, déi hir reliéis a gesellschaftlech Vuën am Luxemburger Wort net vertruede gesouchen.[3] Bis 2000 war den Ënnertitel dann och fir kritesch Informatioun iwwer Politik, Kultur a Relioun; den aktuellen Ënnertitel ass für Politik, Gesellschaft und Kultur.

D'Redaktioun gëtt vun 2 feste Mataarbechter geleet; déi meescht Kontributioune komme vun externen Auteuren, déi, jee no Dossier, een oder méi Artikelen zu hirem Spezialgebitt bäisteieren.[4]

2010 louch d'Drockoplo bei 1.900 Stéck. Knapps 1.100 dovu waren Abonnementer, tëscht 150 an 250 Stéck goufen an den Zeitungsbutteker verkaf.[4] D'Artikele si meeschtens op Däitsch oder Franséisch, méi seelen op Lëtzebuergesch oder Englesch.

Nieft der Zäitschrëft publizéiert forum geleeëntlech Bicher[5] an organiséiert ënner dem Numm public forum Table ronden zu gesellschaftlech aktuellen Theemen.

Den 20. Oktober 2010 gouf forum vun der Fondation Alphonse-Weicker mam Prix du progrès économique durable ausgezeechent.[4]

Zanter Januar 2022 ass d'Zuel vun den Nummeren op sechs am Joer erofgesat ginn; dofir gouf den Internetsite ausgebaut, fir méi Diskussiounen z'erméiglechen an Debatten am Kader vu public forum ze streamen.[1]

  • Pauly, Michel, 2000. 200 Ausgaben, 25 Jahre. Wird forum gebraucht? Forum 200, S. 61-63. PDF
  • Stoldt, Jürgen, 2010. 200 bis 300. Eine Bilanz zu weiteren 10 Jahren forum. forum Nr. 300 (Okt. 2010): 4-5. Pdf [163 kB]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1 2 "forum 2022." forum.lu, 14. Dezember 2021.
  2. ↑ Statute publizéiert am Handelsregëster vun der Stad Lëtzebuerg vum 15. Juli 1985. Zit. n. Stoldt 2010 an der Literatur.
  3. ↑ Michel Pauly, 2010. Nachruf - René Vesque (1930-2010). Forum 302, S. 57-58. PDF
  4. 1 2 3 Cf. Stoldt 2010: 5 an der Literatur.
  5. ↑ Sou z. B. Thiel, Marc, 1993. 'D'Wäschfra'. Histoire d'un journal satirique. éditions forum.