Michel Pauly

Vu Wikipedia
Michel Pauly
Gebuer 12. Juni 1952
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Regionalhistoriker, Medievist, Universitéitsprofesser, Lycéesprofesser, Historiker

De Michel (Bernard Lucien) Pauly, gebuer den 12. Juni 1952 an der Stad Lëtzebuerg,[1] ass e lëtzebuergesche Geschichtsprofesser an Historiker, spezialiséiert a mëttelalterlecher Geschicht a Lëtzebuerger Landesgeschicht a politeschen Aktivist. De Michel Pauly ass emeritéierte Professer fir transnational Lëtzebuerger Geschicht op der Uni Lëtzebuerg.

Formatioun a Funktiounen[änneren | Quelltext änneren]

No senger Première am Lycée de garçons de Luxembourg, (Latäin-Sektioun) huet de Michel Pauly Geschicht, Romanistik a politesch Wëssenschaften um Centre universitaire de Luxembourg an op der Uni vun Tübingen studéiert. Hie gouf 1976 Stagiaire, an 1980 Professer am Lycée technique Michel-Lucius zu Lëtzebuerg. 1990 huet hien op der Uni vun Tréier mam Dissertatiounstheema: Die Stadt Luxemburg im späten Mittelalter (Patron: Prof. Dr. Franz Irsigler) promovéiert. D'Aarbecht gouf mam engem Fërderpräis vum Freundeskreis der Trierer Universität e.V. ausgezeechent. A senger Habilitatiounsschrëft huet hie sech mat de Spideeler tëscht dem Rhäin an der Meuse am Mëttelalter beschäftegt.

De Michel Pauly war 1987 Grënnungsmember vum Centre luxembourgeois de documentation et d'études médiévales (CLUDEM) um Centre universitaire zu Lëtzebuerg an ass zanterhier u Fuerschungsprojeten iwwer d'mëttelalterlech Geschicht vum lotharengesche Raum (fr: Lotharingie) bedeelegt. Hien ass ausserdeem zanter 1990 wëssenschaftleche Mataarbechter vum Geschichtsmusée vun der Stad Lëtzebuerg. 1998 gouf hie Chargé de cours um Centre universitaire de Luxembourg (Lëtzebuerger Geschicht: Altertum a Mëttelalter) an 2002 haaptamtleche Professeur-Assistant.

De Michel Pauly war 1972 Grënnungsmember vun der kulturpolitescher Zäitschrëft forum, an där hie mëttlerweil bal 800 Artikele publizéiert huet: et gëtt kaum ee Sujet, zu deem hie sech net zu Wuert mellt. Och um Radio ass hie reegelméisseg ze héieren. Vun 1989 bis 1996 war hien och nach President vun der Associatioun Jeunes et patrimoine. 1991 gouf de Michel Pauly membre correspondant vun der Section des sciences historiques vum Institut grand-ducal. An zanter 2006 ass hie President vun der Internationaler Kommissioun fir d'Geschicht vun de Stied, an där hie scho vun 2002 u Generalsekretär war.

Hie steet der Ausländerorganisatioun ASTI ganz no an ass Member vun der Plattform MINTE, déi sech fir eng Ofännerung vum Walrecht asetzt. An deem Sënn huet hie besonnesch an der Referendumscampagne vun 2015 fir de Jo zum Auslännerwalrecht militéiert[2],[3].

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Pauly, Michel. Sigillum ad causas ville luccenburgensis  : Das Siegel der Stadt Luxemburg in burgundischer Zeit. Luxembourg: Jeunes et Patrimoine, 1983. Print.
  • Pauly, Michel, Marcel Barnich, and Guy Clausse. Lëtzebuerg de Lëtzebuerger?  : le Luxembourg face à l'immigration. Luxembourg-Bonnevoie: G. Binsfeld, 1985. Print.
  • Pauly, Michel. Schueberfouer 1340-1990  : Untersuchungen zu Markt, Gewerbe und Stadt in Mittelalter und Neuzeit. Luxemburg: Éd. Saint-Paul, 1990. Print.
  • Pauly, Michel. Die Anfänge der kleineren Städte im früheren Herzogtum Luxemburg vor 1500. Bonn: Verl. Siedlungsforschung, 1993. Print.
  • Pauly, Michel. Von der Kloster- zur Stadtschule  : das Schulwesen der mittelalterlichen Stadt Luxemburg. Koblenz: [Landesarchivverwaltung Rheinland-Pfalz], 1994. Print.
  • Pauly, Michel. Une ville en voie d'émancipation  : Luxembourg du XIIIe au XVe siècle. Caen: Centre de recherches archéologiques médiévales Université de Caen, 1994. Print.
  • Margue, Michel et al. Un itinéraire européen  : Jean l'Aveugle, comte de Luxembourg et roi de Bohême  : 1296 - 1346. Bruxelles: Crédit communal, 1996. Print.
  • Beusen, Paul, Hans Rombaut & Michel Pauly, 1998. Bibliographie d'histoire des villes de Belgique et du Grand-Duché de Luxembourg. Brüssel. 895 S.
  • Estgen, Aloyse, Michel Pauly, and Jean Schroeder. Die Urkunden Graf Johanns des Blinden (1310 - 1346)  : Teil 1: Die Urkunden aus Luxemburger Archivbeständen. N.p., 1997. Print.
  • Christoffel, Ady, Robert Laures & Michel Pauly, 1997/1998. Éducation civique et connaissance du monde, 2 tomes, Luxembourg, = ED/EST/156, 372 S.
  • Kenn, Hans-Joachim, Jean-Paul Lacroix & Michel Pauly, 1998. Luxemburg, Metz und Trier: Mittelalterliche Rundgänge. Stadtrundgänge, Bd. 2, hrg. v. Musée d'Histoire de la Ville de Luxembourg, Luxemburg.
  • Margue, Michel & Michel Pauly: Das Leben in der mittelalterlichen Stadt. Materialien für den projektorientierten Geschichtsunterricht, Lehrerheft/Schülerheft, Luxemburg 1992.
  • Pauly, Michel, 1978. Wirtschaftliche und soziale Aspekte der Geschichte der Stadt Luxemburg im 14.und 15. Jahrhundert. Mémoire scientifique dans le cadre stage pédagogique, dactyl., Luxemburg.
  • Pauly, Michel, 1992. Luxemburg im späten Mittelalter. I. Verfassung und politische Führungsschicht der Stadt Luxemburg im 13.-15. Jahrhundert. Publications de la Section historique de l'Institut grand-ducal, t. 107, = Publ. du CLUDEM, t. 3, Luxembourg.
  • Pauly, Michel, 1994. Luxemburg im späten Mittelalter. II. Weinhandel und Weinkonsum. Publications de la Section historique de l'Institut grand-ducal, t. 109, = Publ. du CLUDEM, t. 5, Luxemburg. 380 S.
  • Pauly, Michel. Oberlotharingien im 15.-17. Jahrhundert. N.p., 2000. Print.
  • Pauly, Michel, 2004. Hospitäler zwischen Maas und Rhein im Mittelalter. Typologische, topographische, funktionale und spirituelle Aspekte. Habilitationsschrift, Luxemburg/Trier.
  • Pauly, Michel. Der Beitrag der Messen und Märkte zur mitteralterlichen Integration Europas. N.p., 2007. Print.
  • Pauly, Michel. Jahrmärkte in Europa vom 14. bis zum 16. Jahrhundert  : regionale Untersuchungen und der Versuch einer Typologie. N.p., 2007. Print.
  • Pauly, Michel. Peregrinorum, pauperum ac aliorum transeuntium receptaculum  : Hospitäler zwischen Maas und Rhein im Mittelalter. Wiesbaden: Steiner, 2007. Print.
  • Irsigler, Franz, and Michel Pauly. Messen, Jahrmärkte und Stadtentwicklung in Europa  = Foires, Marchés annuels et développement urbain en Europe. Trier: Porta Alba Verl., 2007. Print.
  • Gniffke, Andreas, Claudine Moulin, and Michel Pauly. Die Rechnungsbücher der Stadt Luxemburg  : erstes Heft 1388 - 1399. Luxemburg: Stadtarchiv, 2007. Print.
  • Gniffke, Andreas, Claudine Moulin, and Michel Pauly. Die Rechnungsbücher der Stadt Luxemburg  : zweites Heft 1400 - 1430. Luxemburg: Stadtarchiv, 2008. Print.
  • Pauly, Michel. Pilgerverkehr und Hospize. N.p., 2009. Print.
  • Moulin, Claudine, Michel Pauly, and Andreas Gniffke. Die Rechnungsbücher der Stadt Luxemburg  : drittes Heft 1444 - 1453. Luxemburg: Stadtarchiv, 2009. Print.
  • Pauly, Michel et al. 700 Jahre Hospitalgeschichte in der Stadt Luxemburg  : de l'Hospice Saint-Jean à l'Hospice civil. Luxembourg: MediArt, 2009. Print.
  • Pauly, Michel, Michel Marguel und Wolfgang Schmid (Hrsg.), 2009. Der Weg zur Kaiserkrone. Der Romzug Heinrichs VII. in der Darstellung Erzbischof Balduins von Trier. Trier.
  • Pauly, Michel. Terres Rouges  : approche interdisciplinaire et transnationale  = Rote Erde  : im interdisziplinären und transnationalen Zugriff. Luxembourg: Fondation Bassin Minier, 2010. Print.
  • Moulin, Claudine, Michel Pauly, and Andreas Gniffke. Die Rechnungsbücher der Stadt Luxemburg  : viertes Heft 1453 - 1460. Luxemburg: Stadtarchiv, 2010. Print.
  • Moulin, Claudine, Michel Pauly, and Andreas Gniffke. Die Rechnungsbücher der Stadt Luxemburg  : fünftes Heft 1460-1466. Luxemburg: Stadtarchiv, 2010. Print.
  • Pauly, Michel, 2011. Geschichte Luxemburgs. Reihe Wissen, Verlag C. H. Beck, München, August 2011. 128 S. (2 Karten) ISBN 978-3-406-62225-0.
  • Pauly, Michel, 2012. Die Maläse mit der aktuellen Notengebung. In: forum 316, Mäerz 2012; Ss. 38-40.
  • Moulin, Claudine, Michel Pauly, and Andreas Gniffke. Die Rechnungsbücher der Stadt Luxemburg  : sechstes Heft 1467-1473. Luxemburg: Stadtarchiv, 2012. Print.
  • Pauly, Michel. Geschichte Luxemburgs. 2., überarb. Aufl. München: C.H. Beck, 2013. Print.
  • Moulin, Claudine, Michel Pauly, and Danièle Kass. Die Rechnungsbücher der Stadt Luxemburg  : siebtes Heft 1475-1478. Luxemburg: Stadtarchiv, 2013. Print.
  • Pauly, Michel, and Martin Scheutz. Cities and Their Spaces :  : Concepts and Their Use in Europe /. Ed. Michel Pauly and Martin Scheutz. Köln/Wien: Böhlau Verlag,, 2014. Web.
  • Moulin, Claudine, Michel Pauly, and Danièle Kass. Die Rechnungsbücher der Stadt Luxemburg  : achtes Heft 1478-1480. Luxemburg: Stadtarchiv, 2014. Print.
  • Pauly, Michel. Adlige Hospitalstiftungen zwischen Rhein und Maas im Mittelalter. N.p., 2015. Print.
  • Pauly, Michel. Auf nach Osten  : Heinrich VII. und der Erwerb Böhmens für die Luxemburger. N.p., 2016. Print.
  • Moulin, Claudine, Michel Pauly, and Danièle Kass. Die Rechnungsbücher der Stadt Luxemburg  : neuntes Heft 1480-1483. Luxemburg: Stadtarchiv, 2016. Print.
  • Yegles-Becker, Isabelle, Pierre Kieffer, and Michel Pauly. La corniche nord de la vieille ville de Luxembourg  : architecture, archéologie, histoire. Luxembourg: Imprimerie Centrale, 2017. Print.
  • Pauly, Michel. Kulturgeschicht vu Lëtzebuerg an enger metanationaler Perspektiv. Esch-sur-Alzette: Université du Luxembourg, 2018. Print.
  • Moulin, Claudine, Michel Pauly, and Danièle Kass. Die Rechnungsbücher der Stadt Luxemburg  : zehntes Heft 1483-1491. Luxemburg: Stadtarchiv, 2018. Print.
  • Pauly, Michel. Lëtzebuerg am 19. an 20. Jorhonnert. Esch-sur-Alzette: Université du Luxembourg, 2018. Print.
  • Pauly, Michel, and Martina Stercken. Stadtentwicklung im vormodernen Europa. Beobachtungen zu Kontinuitäten und Brüchen. Schweiz, Zürich : Chronos, 2019. Print.
  • Pauly, Michel (mat 24 "Gaaschtautor[inn]en"). Geschichte der Stadt Luxemburg in 99 Objekten. Luxembourg, Mersch : capybarabooks, 2022. Print.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Renée Wagener, Ländergeschichte - Raum statt Nation ; in woxx, Nr. 1142-1143, 23. Dezember 2011; Ss. 17-18.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Luxemburger Lexikon, 1. Oplo, 2006, S. 331
  2. Mikroskopische Belustigungen Jean Paul und die Selbstbehauptung der Kleinen
  3. Maison des associations - Plate-forme MINTE. www.maisondesassociations.lu Gearchiveerd op 2019-10-28. Gekuckt de(n) 2019-10-28.