Transnational Geschicht
D'Geschicht vun engem politesch definéierte Raum (z. B. e Staat, mat unerkannte Grenzen) gëtt transnational erfuerscht, wann d'Nopeschgebidder konsequent och berücksichtegt ginn. Grenze sinn ni ganz dicht, d'Mënsche kommen a ginn, d'politesch Regimer léise sech of, d'Grenze ginn heiansdo nei definéiert.
Eng national Geschichtsschreiwung (vgl. Arthur Herchen!) ass scho laang iwwerholl. Am Ufank vun den achtzeger Joren hu sech méi oder wéineger jonk Historiker scho mat der Problematik vun enger méi globaler Geschichtsduerstellung ausenaner gesat. D'Wuert transnational mag vläicht rezent sinn, mä an der Praxis ginn d'Interactioune mat den Noppeschgebidder a -bevëlkerungen ewell laang zeréckbehalen.
Fir nëmme Frankräich z'ernimmen: schonn de Voltaire, mat senger Histoire du siècle de Louis XIV, huet am Geescht vum Universalismus vun der Opklärung transnational geschriwwen; an am 19. Joerhonnert war de Jules Michelet iwwerzeegt, datt eng Geschicht vu Frankräich net ouni Berücksichtegung vun den aneren europäesche Länner méiglech wier.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Sonja Kmec, Au-delà de l'amour de la patrie: Pourquoi et comment enseigner l'histoire luxembourgeoise?; in: d'Lëtzebuerger Land, Ausgab vum 17. November 2017 (ass am Spaweck ze fannen!).