Arthur Herchen

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Charles Joseph Philippe Herchen, meeschtens Arthur Herchen oder Karl Arthur Herchen, gebuer de 24. Januar 1850 a Clausen an do gestuerwen den 2. November 1931, war e lëtzebuergesche Pedagog an Historiker.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Den Arthur Herchen huet no senger Première am Kolléisch, tëscht 1869 an 1873 Philosophie, Alphilologie a Geschicht an der Stad Lëtzebuerg (Cours supérieurs am Kolléisch), zu Léiwen, Bonn a Berlin studéiert. Nom lëtzebuergeschen Doktorat an dem prakteschen Examen zum Schlus vum Stage, wou hie besonnesch an de Fächer Philosophie a Latäin gepréift gi war (1874), war hien d'éischt zwee Joer laang Repetent an duerno, bis 1920, an der Haaptsaach Geschichtsprofesser am Kolléisch an och op de Cours supérieurs.[1] Hien huet awer nach aner Fächer ginn, wéi z.B. Algriichesch. Eng Zäit laang huet hien och der Prinzessin Marie-Adélaïde vu Lëtzebuerg, der spéiderer Groussherzogin, Privatunterrecht ginn.

Hie war Matgrënner vun der Zäitschrëft Hémecht. Vun 1921 bis 1931 war hie President vun der Section historique vum Institut grand-ducal a vun 1910 u President vun der Université populaire catholique.

Eent vum Herchen senge Meedercher war mam Politiker Hubert Loutsch bestuet.[2]

Wierk[änneren | Quelltext änneren]

Den Arthur Herchen war virun allem fir seng Geschichts- a Geographiebicher fir d'Primär- a Secondaireschoule bekannt, Bicher, déi och no sengem Doud zum Deel alt bis an d'1970er um Programm stoungen. Virun allem säi Manuel d'histoire nationale, dat 1918 erauskoum a bis 1972 an de Schoulen am Gebrauch war, huet d'Geschichtsbild vu ganze Generatiounen zu Lëtzebuerg gepräägt. Besonnesch seng Theorie vun de "véier Periode vu Friemherrschafte vu Lëtzebuerg" a vum Verknëppe vum mëttelalterlechen Herzogtum mam modernen Nationalstaat, wéi wann d'Land, als Element vun den Éisträicheschen Nidderlanden, net tëscht 1794/95 an 1815 verschwonne wier, huet nohalteg och aner Historiker beaflosst. Dës teleologesch Vue vun der Geschicht gëllt haut zurecht als iwwerholl.[3]

  • Apologie de la poésie, 1870
  • Henri l'Aveugle, comte de Namur et de Luxembourg; in: Programme publié à l'issue de la fin de l'année scolaire - Athénée, année 1883-1884; ~30 Säiten.
  • Dom Miguel I., König von Portugal: sein Leben und seine Regierung. Luxemburg: Huss, 1908
  • Geschichte des Herzogtums Luxemburg während des XVIII. Jahrhunderts, 1910
  • Manuel d'histoire nationale[1] 1918. Vun deem Buch ginn et nach 8 weider Editiounen: 1929, 1934, 1937, 1947, 1952, 1966, 1969 an 1972)

Gielecher[4][änneren | Quelltext änneren]

No him benannt[änneren | Quelltext änneren]

D'Arthur-Herchen-Strooss um Belair an der Stad

Fir un den Arthur Herchen z'erënneren, ass um Belair eng Strooss no him benannt; se verbënd d'rue Théodore Eberhard mat der rue Bernard Haal.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Albert Steffen: Professor K. Arthur Herchen †, in: Ons Hémecht, 37 (1931), H.4, S.5.
  • Félix Heuertz & Charles Lang, Le personnel de l'enseignement secondaire et supérieur du Grand-Duché de Luxembourg 1839-1922 - Travail statistique de Félix Heuertz (1922) complété par Charles Lang (1967); Lëtzebuerg (erausgi vum Educatiounsministère), 1967; vgl. Ss. 40-41.
  • Tony Kellen: Die luxemburgische Geschichtsschreibung: ein Rückblick und ein Ausblick, in: Jonghémecht. Blätter für heimatliches Schrift- und Volkstum 7 (1933), S.159.
  • Michel Margue: Nationale Identitätskonstruktionen durch fiktive Kontinuität. Einige Bemerkungen zum 'nationalen' Vergangenheitsbild. In: forum 271 (2007), S. 33-36.
  • Peporté P., S. Kmec, B. Majerus, et M. Margue, Inventing Luxembourg. Representations of the past, space and language from the nineteenth to the twenty-first century, Amsterdam, Brill, 2010 (http://hdl.handle.net/10993/2052) iwwer den Herchen besonnesch S.31-64 ("The master narrative of Luxembourg's History").

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Cf. S. 256 in: Goetzinger, Germaine & Claude D. Conter, zusammen mit Gast Mannes, Pierre Marson, Roger Muller, Nicole Sahl, Sandra Schmit und Frank Wilhelm, 2007. Luxemburger Autorenlexikon. 687 S. Publications nationales du Ministère de la culture. Centre national de littérature, Mersch. ISBN 978-2-919903-06-1.
  2. Calmes C., Création et formation d'un pays : de 1815 à nos jours, Luxembourg, Imprimerie Saint-Paul, 1989, p. 301
  3. cf. Peporté, 2010 a Michel Margue, 2007
  4. Doudesannonce vum Arthur Herchen am Luxemburger Wort vum 11. Abrëll 1931