Diskussioun:Arthur Herchen

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien!

Den Herchen ass jo scho méi laang, mat "senger" nationaler Visioun vun der Geschichtsschreiwung, ëmstridden, mee wéi ass et mat senger Biographie? Ech hunn, als Gebuertsdatum, de 24. Januar 1850 fonnt; an de gudde Mann soll der Rei no op de Cours supérieurs am Stater Kolléisch, op der deemols franséischsproocheger Uni Gand, op der Uni Bonn an op der Uni Paräis studéiert hunn. Wat ass elo richteg? Meng Quell: Félix Heuertz (1922) & Charles Lang (1967), Le personnel de l'enseignement secondaire et supérieur du Grand-Duché de Luxembourg 1839-1922 ; statistesch Aarbecht, erausgi vum Ministère de l'Éducation nationale, Lëtzebuerg, 1967; vgl. Ss. 40-41!

Bescht Gréiss, R.D.

De Gebuertsdatum gouf geännert, de LuxLex ass der selwechter Meenung --Les Meloures 15:29, 29. Aug. 2011 (UTC)[äntweren]

Merci, mee d'Unisstied Léiwen a Berlin bleiwen e Problem. Wann den Herchen nämlech zu Gand studéiert huet, an net zu Léiwen, dann erklärt sech seng Manéier, eis Geschicht ze schreiwen, wéinstens deelweis duerch dem Henri Pirenne säin Afloss... An zu Paräis gouf et - a gëtt et - déi berüümt École des Chartes, ...wou och de Pirenne duerchgaangen ass. Ech siche weider. Salut, R.D.