Michel Margue

Vu Wikipedia
Michel Margue
Gebuer 28. September 1959
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Universitéit vu Lëtzebuerg
Aktivitéit Historiker, Universitéitsprofesser
Member vun Institut Grand-Ducal
Famill
Papp Paul Margue


De Michel Margue, gebuer den 28. September 1959 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergeschen Historiker a Geschichtsprofesser. Hien ass an der mëttelalterlecher Geschicht an an der Lëtzebuerger Landesgeschicht spezialiséiert.

Hien huet zu Lëtzebuerg um Centre universitaire an op der Universitéit vu Stroossbuerg studéiert, an zu Bréissel op der ULB 1999 eng Dokterthees a mëttelalterlecher Geschicht verdeedegt.

2000 gouf de Michel Margue als Membre effectif an d'Section historique vum Institut grand-ducal opgeholl.

2008 gouf hien Nofollger vum Lucien Kerger als Doyen vun der Faculté des lettres, des sciences humaines, des arts et des sciences de l'éducation (FLSHASE) um Campus Walfer vun der Université du Luxembourg, eng Plaz déi hie bis 2013 hat. Säin Nofollger gouf dunn de Georg Mein.

De Michel Margue ass de Jong vum Historiker Paul Margue.

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Du Comté à l'Empire: origines et épanouissement du Luxembourg; in: Histoire du Luxembourg. Le destin européen d'un « petit pays »; ënner der Leedung vum Gilbert Trausch; Ss. 67-147; Toulouse, Éditions Privat, 2003. ISBN 2-7089-4773-7.
  • De la fondation privilégiée à la nécropole familiale: l'abbaye de Clairefontaine - Réflexions préliminaires à l'étude d'un lieu de mémoire dynastique; in: Annales de l'Institut archéologique du Luxembourg [belge], Arel; Bd. CXXVI-CXXVII, 1995-1996; Ss. 57-91.
  • (Mam Michel Pauly), Saint-Michel et le premier siècle de la ville de Luxembourg - Quelques réflexions sur l'apport de l'histoire religieuse à l'étude des origines de la ville; in: Hémecht 39 (1987), Heft 1, Ss. 5-83.
  • Aspects politiques de la "réforme" monastique en Lotharingie: le cas des abbayes de Saint-Maximin de Trèves, de Stavelot-Malmédy et d'Echternach (934-973); in: Maredsous, benediktinesch Revue, B - Maredsous; Bd. 98 (1988), Nr. 1/2, Ss. 31-61.
  • Les lieux de mémoire au Luxembourg - Usages du passé et construction nationale; erausgi vum S. Kmec, B. Majerus, M. Margue a P. Péporté; Lëtzebuerg, Sankt-Paulus Verlag, 2007 (= 1. Oplo).
  • Peporté, Pit, Sonja Kmec, Benoît Majerus, and Michel Margue. Inventing Luxembourg. Representations of the past, space and language from the nineteenth to the twenty-first century Amsterdam: Brill, 2010, http://hdl.handle.net/10993/2052.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Michel Margue – Biller, Videoen oder Audiodateien