Gilbert Trausch

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Gilbert Trausch
Gebuer 20. September 1931
Lëtzebuerg
Gestuerwen 3. Juni 2018
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Historiker, Universitéitsprofesser
Wikidata-logo-without-paddings.svg

De Gilbert Trausch, gebuer den 20. September 1931 an der Stad Lëtzebuerg an och do gestuerwen den 3. Juni[1][2] 2018, war e lëtzebuergeschen Historiker. Seng Themeschwéierpunkter waren d'Enn vum Ancien Régime an d'Franséisch Revolutioun; d'Geschicht vum ländleche Raum; d'Zäitgeschicht vu Lëtzebuerg an déi europäesch Integratioun.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Gilbert Trausch kënnt aus engem kathoulesch-biergerleche Milieu. Säi Papp war Ingenieur op der Hadir. Hie goung an de Jongelycée um Lampertsbierg wou hien ënner anerem vum Tony Bourg markéiert gouf an 1950 seng Première gemaach huet. Duerno huet hie Geschicht op der Sorbonne an zu Exeter studéiert.

1956 huet hien als Enseignant fir Geschicht a Franséisch am Stater Jongelycée ugefaangen ze schaffen. Seng Titularisatioun als Professer krut en 1959. 1963 gouf hie Membre correspondant an 1964 Membre effectif vun der Section historique vum Institut grand-ducal.

Vun 1968 bis 1995 war hie Professer op de Cours supérieurs, respektiv um Centre universitaire de Luxembourg (CunLux). Vun 1984 bis 1990 war hien och Direkter vum Centre universitaire de Luxembourg. Virdrun, vun 1972 bis 1984, war en Direkter vun der Nationalbibliothéik.

Hie war paralell dozou Professer op der Universitéit vu Léck. 1982 gouf hien de Lëtzebuerger Vertrieder am Groupe de liaison des professeurs d'histoire contemporaine auprès de la Commission des Communautés Européennes. Och um Collège d'Europe zu Bruges huet hie Course ginn. Seng Spezialitéit war d'modern an zäitgenëssesch Geschicht vu Lëtzebuerg, an d'Funktionéiere vum Lëtzebuerger Staat, senger Politik a senger Gesellschaft.

De Gilbert Trausch huet 1989 eng wichteg Roll bei den Zelebratiounen zum 150. Anniversaire vun der Lëtzebuerger Onofhängegkeet gespillt. Hien huet d'Kommissioun, déi d'Commemoratiounen organiséiert huet, dirigéiert, an huet ville jonken Historiker d'Méiglechkeet ginn, hire Bäitrag ze liwweren. An der Séance académique vum 18. Abrëll 1989, bei där héich Vertrieder vun den deemolege Muechten, déi 1839 de Londoner Vertrag ënnerschriwwen hunn, present waren, huet de Gilbert Trausch als eenzegen, nieft dem Premierminister Jacques Santer an dem UN-Generalsekretär Javier Perez de Cuellar, d'Wuert ergraff.

1990 gouf hien Direkter vum Centre de Recherches européennes Robert Schuman a Conseiller de gouvernement.

2005 huet de Gilbert Trausch en Appel lancéiert, fir beim Referendum iwwer d'Europäesch Constitutioun mat 'Jo' ze stëmmen.

Hien huet eng Hällewull Artikele geschriwwen, déi a Geschichtszäitschrëften an och an der Wochen- oder Dagespress erauskoumen, ass Auteur, respektiv Editeur, Direkter oder Co-Auteur, vun enger ganzer Rëtsch vu Bicher an huet vill Préfacë vu geschichtleche Studie verfaasst.

Wierk (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Monographien[änneren | Quelltext änneren]

  • Trausch, Gilbert. 1975. Le Luxembourg à l'époque contemporaine - Du partage de 1839 à nos jours. Luxembourg: Editions Bourg-Bourger.
  • Trausch, Gilbert. 1977. Le Luxembourg sous l'Ancien Régime. Luxembourg: Bourg-Bourger.
  • Trausch, Gilbert. Joseph Bech, un homme dans son siècle : Cinquante années d'histoire luxembourgeoise (1914-1964). Luxembourg, 1978.
  • Trausch, Gilbert. 1992. Histoire du Luxembourg. Paris: Hatier.
  • Trausch, Gilbert (ënner der Leedung vum). 2003. Histoire du Luxembourg: le destin européen d'un petit pays. Toulouse: Privat.

Artikelen[änneren | Quelltext änneren]

  • Gilbert Trausch, Du nouveau sur le ‘Kleppelkrich’ : Les soulèvements paysans de 1798 dans la région de Neufchâteau et leurs répercussions dans le Département des Forêts; in: PSH / Publications de la Section historique de l'Institut grand-ducal de Luxembourg; Bd. LXXIX (1962), Lëtzebuerg; Ss. 63-135.
  • Gilbert Trausch, Contributions à l'histoire sociale de la question du Luxembourg 1914-1922; in: Hémecht, 1974 (Heft 1); Ss. 5-118.
  • Gilbert Trausch, Histoire, nationalité et double nationalité; in: forum, n° 241 (Nov. 2004); Ss. 25-29.

Kontributiounen a Sammelwierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Trausch, Gilbert. “La place de la Section historique de l'Institut grand-ducal dans la formation du Luxembourg.” Publications de la Section Historique de l'Institut Grand-Ducal de Luxembourg (CXII).
  • Trausch, Gilbert. 2005. “La stratégie du faible: le Luxembourg pendant la Première Guerre mondiale (1914-1919).” In Le rôle de la place des petits pays en Europe au XXe siècle, Baden-Baden.

Als Editeur[änneren | Quelltext änneren]

  • Tamse, Coenraad, and Gilbert Trausch, eds. 1991. Die Beziehungen zwischen den Niederlanden und Luxemburg im 19. und 20. Jahrhundert. Zoetermeer.
  • Trausch, Gilbert, ed. 1994. La Ville de Luxembourg. Du château des comtes à la métropole européenne. Anvers: Fonds Mercator.
  • Trausch, Gilbert, ed. 2008. CSV Spiegelbild eines Landes und seiner Politik? Geschichte der Christlich-Sozialen Volkspartei Luxemburgs im 20. Jahrhundert. Luxembourg: Imprimerie Saint-Paul.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Fehlen, Fernand. 1995. “Aux sources du sentiment national. Avec Spizzo, au-delà de Trausch?” forum (163): 25.
  • Kieffer, Monique, « Gilbert Trausch, un historien dans son siècle », Du Luxembourg à l'Europe. Hommages à Gilbert Trausch à l'occasion de son 80e anniversaire, Luxembourg, Saint-Paul, 2011, p. 12‑39.
  • Kmec, Sonja, Michel Margue. 2007. “Les ‘lieux de mémoire’ ou Donner un sens à l'histoire.” In Lieux de mémoire au Luxembourg. Usages du passé et construction nationale, eds. Sonja Kmec et al. Luxembourg: Imprimerie Saint-Paul.
  • Rockenbrod M., « Bibliographie Gilbert Trausch », Du Luxembourg à l'Europe. Hommages à Gilbert Trausch à l'occasion de son 80e anniversaie, Luxembourg, Saint-Paul, 2011, p. 685‑726.
  • Wehenkel, Henri. 1982. “Gilbert Trausch, historien du vingtième siècle.” Argumenter : Cahiers du Centre Jean Kill (2): 57-73.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

  • Bibliographie vum G. Trausch senge Publikatiounen op cere.public.lu (Stand: 23/11/2016).

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Gilbert Trausch ist tot". tageblatt.lu, 4. Juni 2018. 14:35 Uhr - Akt: 4. Juni 2018. 15:28 Uhr.
  2. Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 5. Juni 2018, Säit 38