Gérard Trausch

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Gérard Trausch
Gebuer 1941
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Ekonomist, Lycéesprofesser
Member vun Section des sciences morales et politiques vum Institut grand-ducal, Conseil économique et social
Famill
Geschwëster Gilbert Trausch
Wikidata-logo-without-paddings.svg

De Gérard Trausch, gebuer 1941, ass e lëtzebuergeschen Ekonomist, pensionéierte Professeur de sciences économiques et sociales am Stater Kolléisch an Auteur.

De Gérard Trausch huet 1971, am Kader vum Stage pédagogique fir Professer am Secondaire ze ginn, eng gréisser Aarbecht iwwer d'Evolutioun vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung am 19. an am 20. Joerhonnert verdeedegt. Spéider huet hien en Doktorat en sciences économiques et sociales an der Belsch gemaach.

Hien ass, zanter senger Pensionéierung als Enseignant, nach ëmmer staark beim Statec, respektiv beim Conseil économique et social du Grand-Duché de Luxembourg engagéiert.

Zanter 2000 ass hien effektive Member vum Institut grand-ducal, an zwar an der Section des sciences morales et politiques.

De Gérard Trausch ass e Brudder vum Historiker Gilbert Trausch.

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Histoire économique du Grand-Duché de Luxembourg 1815-2015; Lëtzebuerg (Statec), 2017; 391 S. (Referenzen, Ill.). ISBN 978-2-87988-134-8
  • Le Conseil économique et social et la société luxembourgeoise ; Lëtzebuerg (Conseil économique et social du Grand-Duché de Luxembourg), 2006; 156 Säiten.
  • Les mutations économiques et sociales de la société luxembourgeoise depuis la Révolution française ; Lëtzebuerg (Statec; Cahiers économiques, n° 113), Juli 2012; 204 Säiten. ISBN 987-2-87988-110-2
  • La société luxembourgeoise depuis le milieu du 19e siècle dans une perspective économique et sociale ; Lëtzebuerg (Statec; Cahiers économiques, n° 108), 2009; 154 Säiten.
  • Création d'une fonction publique moderne au Luxembourg ; in: Actes de la Section des Sciences morales et politiques vum Institut grand-ducal, Bd. IX; Lëtzebuerg, 2005; Ss. 257-299.
  • La croissance démographique du Grand-Duché de Luxembourg du début du XIXe siècle à nos jours ; Lëtzebuerg, 1973 (= 2. Oplo).
  • La natalité et la mortalité au Grand-Duché de Luxembourg - Une étude démographique avec initiation méthodologique ; Lëtzebuerg, 1977.
  • Mutations sociologiques et comportements démographiques ; in: L'économie luxembourgeoise au 20e siècle ; Lëtzebuerg (Statec & Éditions Le Phare / éditpress), 1999; Ss. 207-215.
  • La triple ouverture économique, démographique et socioculturelle du Luxembourg ; in: Actes de la Section des Sciences morales et politiques, Bd. VI; 2002.
  • Les 400 ans de l'Athénée de Luxembourg ; in: Actes de la Section des Sciences morales et politiques, Bd.VII; 2003; Ss. 193-265.
  • L'Athénée sous le régime hollandais (1815-1839); in: (kollektiv), De Kolléisch 2017, Festschrëft (...); 2 Bänn; Lëtzebuerg (Éditions de l'Athénée & Print Solutions); 2018; hei, Band I, Ss. 48-62 (ill., Referenzen).
  • La mortalité au Luxembourg 1901-1995 ; in: Cahiers économiques du Statec, Nr. 88; Lëtzebuerg, 1997.
  • Mortalité, vieillissement et retraite ; in: Die Warte / Perspectives, Joergang 51 (1998); = Kulturbeilag vum Luxemburger Wort; => Ausgabe vum 22. Januar 1998, vum 29. Januar 1998, vum 5. Februar 1998 a vum 12. Februar 1998.
  • Les trois "révolutions" de la mortalité ; in: L'économie luxembourgeoise au 20e siècle ; Lëtzebuerg (Statec & Éditions Le Phare / éditpress), 1999; Ss. 216-219.
  • Démographie, famille, société et confiance au Luxembourg ; in: Actes de la Section des Sciences morales et politiques, Bd. VIII; 2004.