Paul Margue

Vu Wikipedia
Paul Margue
Gebuer 19. November 1923
Lëtzebuerg
Gestuerwen 27. Oktober 2019
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Stater Kolléisch
Aktivitéit Historiker, Lycéesprofesser, Publizist
Member vun Section historique vum Institut grand-ducal
Famill
Papp Nicolas Margue
Geschwëster Georges Margue
Kanner Michel Margue

De Paul Margue, gebuer den 19. November 1923 an der Stad Lëtzebuerg[1], a gestuerwen de 27. Oktober 2019, war e lëtzebuergesche Geschichtsprofesser, Historiker a Publizist.

Nom Zweete Weltkrich an no sengem Studium war de Paul Margue Geschichtsprofesser am Stater Kolléisch. Hien huet och op de Cours universitaires, respektiv am Centre universitaire de Luxembourg enseignéiert. Am Centre universitaire war hie laang Administrateur vum Département Droit & Economie, an hie war och eng ganz Zäit President vum Verwaltungsrot vum Centre universitaire. De Paul Margue war Auteur oder Co-Auteur vu enger Rëtsch Bicher an anere Publikatiounen.

Hie war effektive Member vun der Section historique vum Institut grand-ducal an huet, an de fréien achtzeger Joren, de CLUDEM gegrënnt. Vun 1983 bis 2011 war hie Chefredakter vun der Lëtzebuerger Geschichtszäitschrëft Hémecht.[2]

Säi Papp war den Nicolas Margue an hie war de Papp vum Michel Margue.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • (mam Nicolas Margue) Kurze Geschichte der Stadt Luxemburg 963-1963 ; Lëtzebuerg (Drock: Imprimerie Centrale), 1963; 25 Säiten (ill.).
  • Histoire sommaire du Luxembourg ; erausgi vum Staatsministère, Service Information et Presse ; Lëtzebuerg (Drock: Imprimerie de la Cour Joseph Beffort), 1976; 64 Säiten (ill.).
  • Manuel d'Histoire Luxembourgeoise, Volume II - Luxemburg in Mittelalter und Neuzeit (160 pp.; Ministère de l'Education Nationale, 1974, ëmmer erëm opgeluecht -> 1995...), ee Buch dat fir den Unterrecht am Lycée geduecht war.
  • Les biens du comte Sigefroid; in: La Maison d'Ardenne, Xe-XIe siècles - Actes des Journées lotharingiennes, 24-26 octobre 1980, Centre universitaire de Luxembourg; Publications de la Section historique de l'Institut grand-ducal, Band XCV; Lëtzebuerg, 1981; Ss. 299-310.
  • (mam Georges Als, Fernand Hoffmann, Jos Molitor, Jean-Marie Gehring an Henri Klees) Luxembourg - Cadre naturel, histoire, art, littérature, langue, économie, traditions populaires ; F - Le Puy, Christine Bonneton Éditeur, 1984; 400 Säiten. ISBN 2-86253-047-6
  • (mat der Marie-Paule Jungblut), Le Luxembourg et sa monnaie, Editéiert vum Institut monétaire, Lëtzebuerg, 1990
  • (mam Claude Frieseisen, mat der Marie-Paule Jungblut, mam Marcel Wietor a mam Albert Wolter), Les Postes et Télécommunications au Luxembourg, éditéiert vun der Post fir hiren 150. Gebuerstdag, 1992.
  • L'image d'Ermesinde dans l'historiographie et dans la tradition populaire; in: Ermesinde et l'affranchissement de la ville de Luxembourg - Études sur la femme, le pouvoir et la ville au XIIIe siècle (ënner der Leedung vum Michel Margue); Lëtzebuerg (Musée d'Histoire de la Ville de Luxembourg & CLUDEM, Bd. 7), 1994; Ss. 311-324 (ill.).
  • Les débuts des relations entre le Luxembourg et l'Espagne et la réception des événements de 1492 au Luxembourg; in: Españas-Americas 1492-1992; Études romanes VIII - numéro thématique sous la direction d'Alberto Barrera y Vidal (Éd.); Publications du Centre universitaire de Luxembourg, 1994; pp. 1–11
  • Klosterfrauen in der Stadt Luxemburg, an Ons Stad N° 77, Lëtzebuerg
  • Michel Engels, Dessins pittoresques du Luxembourg, Introduktioun vum Paul Margue, E. Kutter, Lëtzebuerg, 1969.
  • Partei und katholische Vereine; in: CSV - Spiegelbild eines Landes und seiner Politik? Geschichte der Christlich-Sozialen Volkspartei Luxemburgs im 20. Jahrhundert; erausgi vum Professer Gilbert Trausch; Lëtzebuerg (Sankt Paulus Verlag), 2008; Ss. 503-547.
  • La pêche miraculeuse. Les familles de jésuites originaires de la ville de Luxembourg à l'époque de la fondation du collège; in: Du Collège des Jésuites au Collège municipal 1603-1815 [= Band I vun de 5 Bicher (4 + 1), déi am Kader vum 400. Gebuertsdag vum Stater Kolléisch publizéiert goufen]; Lëtzebuerg (Sankt Paulus Verlag), 2003; Ss. 115-127.
  • (a Kollaboratioun mam Edouard Kayser), Des Cours supérieurs de l'Athénée à l'Université du Luxembourg, en passant par le Centre universitaire de Luxembourg; in: (kollektiv), De Kolléisch 2017, Festschrëft (...); 2 Bänn; Lëtzebuerg (Éditions de l'Athénée & Print Solutions), 2018; hei, Band I, Ss. 112-117 (ill., Bibliogr.).

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • (46 Auteuren), Le Luxembourg en Lotharingie / Luxemburg im lotharingischen Raum - Mélanges Paul Margue / Festschrift Paul Margue ; Lëtzebuerg (Sankt-Paulus Verlag), 1993; 775 Säiten (ill.); ISBN 2-87963-190-4. - Op de Ss. 11-30 fënnt een eng systematesch Bibliographie vum Paul Margue bis 1993.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Luxemburger Lexikon, S. 283
  2. Le Quotidien, 22.12.2011