Le Quotidien

Vu Wikipedia

Le Quotidien ass eng franséischsproocheg Lëtzebuerger Dageszeitung, déi zanter dem 14. November 2001 bei der Lumédia SA erauskënnt.

Lumédia gehéiert zu jee 50 % den Éditions Editpress an dem Républicain lorrain. De Républicain lorrain hat virdru jorelaang eng Lokaleditioun fir Lëtzebuerg erausginn. Mat där gouf opgehal, wéi de Quotidien bis erauskoum.

Chefredakter ass zanter August 2019 de Chris Mathieu. Hien huet d'Plaz vum Fabien Grasser iwwerholl, deen d'Redaktioun vun 2010 u geleet huet[1]. Do virdru war de Jean-Marie Martini de Chefredakter.

Am November 2010 huet sech de Quotidien een neie Look zougeluecht an nei Rubricken agefouert[2].

Zuelen[änneren | Quelltext änneren]

Oplo[änneren | Quelltext änneren]

Verkaaft Oplo, wéi se vum Centre d'information des médias vu Bréissel begleewegt gouf[3]:

0004/2008000 0002/2009000 0004/2009000 0002/2010000 0004/2010000 ... 0002/2012000
4.998 5.089 4.741 4.667 4.622 ... 4.084

Lieserstatistik[änneren | Quelltext änneren]

2005/2006 hunn, der Statistik vum TNS ILRES PLURIMEDIA no, duerchschnëttlech 7,1 % vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung iwwer 15 Joer de Quotidien gelies. 2006/2007 waren et der 7,30%; 2007/2008 7,10 % an 2008/2009 7,30 %.[4] D'Zuele fir 2009/2010 goufe bis op Weideres net public gemaach.[5]

Der TNS-ILRES Plurimedia Etude 2017.I no hunn tëscht Februar 2016 a Februar 2017 (mat Ausnam vun der Summervakanz) an der Moyenne all Dag 24.400 Leit iwwer 15 Joer de Quotidien gelies (5,1 % vun der Wunnbevëlkerung).[6]

Pressehëllef[änneren | Quelltext änneren]

2011 huet de Quotidien 1 230 289 € staatlech Pressehëllef kritt.[7]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Le Quotidien – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Chris Mathieu neie "Quotidien-Chefredakter", Virgänger wousst net Bescheed op rtl.lu den 8. August 2019
  2. "Quotidien: Dageszeitung am neie Look", wéi uewen.
  3. Romain Hilgert: "Zeitungen: Schwarzes Jahr." d'Lëtzebuerger Land Nr. 16, 23. Abrëll 2010, Bäilag Communication, S. 10; dees.: "Die Krise ist angekommen." d'Lëtzebuerger Land Nr.39, 1.Oktober 2010, S.5; dees.: "Die Wirtschaftskrise hat die Pressekrise verstärkt." d'Lëtzebuerger Land Nr. 17, 27. Abrëll 2011, Bäilag Communication, S.8 an dees.: "Der zögerliche Absched der Parteiblätter." d'Lëtzebuerger Land Nr.38., 21. September 2012, S.6.
  4. Rapport d'activité 2009 vum Staatsministère, S.24.
  5. R. Hilgert: "Die Krise ist angekommen." d'Lëtzebuerger Land Nr.39, 1.Oktober 2010, S.5.
  6. Pressecommuniqué vun TNS ILRES op paperjam.lu.
  7. Rapport d'activités 2011 vum Staatsministère S. 20-21.